Wéi ech gescht den RTL Journal gekuckt hunn, hunn ech mech nees wéi e kléngt Kand gefillt. Schéin wéi am 1. Schouljoër (elo deen wéivillten Zyklus?!? :S) mat < an > ronderem gespillt: méi kléng wéi, a méi grouss wéi. Deemols hunn ech déi Zeechen < an > nemmen mam “Fesch a séngem Mond” verstaanen, a vielleicht brauch och den RTL den Fesch an deem säi Mond.

Ech schwätzen hei natiirlech iwwert d’Reportage vum Drogenkonsum zu Lëtzebuerg, deen een sech hei am RTL Video-Archiv nach eng Kéier kann ukucken.
Witzeg ass fir d’éischt (mee dofir kann den RTL näischt), dass mer eng Zuel vun Drogenofhängegen schätzen an da soen dass déi Unzuel erof gaangen ass. Welle mer also einfach gudd do stoen, schätzen mer dass 2010 jhust nach 2.270 Léit haard Drogen konsuméieren an hunn et fäerdeg bruecht fir dëse Chiffre vun engem op dat aanert Joër em ganzer 200 erofzesetzen. E groussen Erfolleg.
De “Feeler” vun RTL leit bei der Unzuel vun den Doudegen. Do heescht et an der Reportage nämlech

Et stierwen och manner Léit un enger Iwwerdosis: 10 Doudesfäll 2008, dës Joër sinn et der bis ewell 12.

Ech wees jo net wéi momentan mat deem ganzen Chaos an der Grondschoul de Kanner d’Rechnen beibruecht gett, mee wéi ech nach an déi deemoleg Primärschoul gaangen sinn an den 90er, hu mir geléiert dass
10 < 12, oder eben 12 > 10

Wann also d’läscht Joër 10 Léit un enger Iwwerdosis gestuerwen sinn, an elo 10 Deeg vrum Enn vun dësem Joër schons 12 Léit dobäi emkomm sinn, ass dat -fir mech emol- e PLUS vun 20% oder fir et méi krass auszedrecken 2 wéider Liewen déi mer wéinst den Drogen verluer hunn ouni déi wéider 10 zevergiessen. Well wei soot den Henri Grethen eng Kéier “Statistiken sinn wéi eng Mini-Jupe. Si sinn ganz schéin mee verstoppen dat bescht.” Well wa mer “nemmen” 10 Doudeger bis ewell gehaat hätten, wäer bestemmt geféiert ginn, dass et net an d’Luut gaangen ass, dobäi misst ee roosen sinn, dass alt erem 10 *wéider* Menschen hiert Liewen geloos hunn, well aanescht dann wéi am Rechnen ass hei 10 net gläich 10.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Muss een lo schon rechnen kënnen fir bei RTL ze schaffen?? Gët jo ëmmer méi elitär …

    Reply

    1. @Grommel

      “Muss een lo schon rechnen kënnen fir bei RTL ze schaffen??”

      Neen…awer gudd modéréieren…daat ass “Elitarismus”…LOL…

      Bescht Gréiss an schéi Feierdeeg un iech alleguerten…

      Hasta el nuevo año
      Pancho

      Reply

  2. Vlait misst een och emol rosen doriwwer ginn, datt den “War on Drugs” grad fir Doudeger suergt. Mee dat wir fir RTL jo vill ze radikal, daat kann een jo net bréngen…

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s