Nodeems d’Idee vun den USA fir den fréieren “Drett Welt Länner” extrem finanziell ennert d’Ärm zegréifen net esou besonneg bei den aaneren Länner op der Klimakonferenz zu Kopenhagen ukomm ass, fiirt d’USA awer weider Richtung “„gréng” Energien.”
Nodeems schon Texas duerch den George W. Bush jo greng ginn ass [wéi ech hei schons geschriwwen haat], Kalifornien souwisou emmer méi gréng gett, Montana mam Brian Schweitzer emmer manner Uelleg kaafen, gett Hawaii lo och lues a lues gréng.

D’Energie zu Hawaii kennt zu 90% aus Uellegquellen. Esou kann et laut den Autoritéiten net wéider goen. Bis spéistens 2030 sollen dat 70% manner sinn. Dowéinst muss dann beispillswéis all Haus, waat ab dem 1. Januar 2010 gebaut gett, genug Solarzellen um Daach bspw. hunn fir sech selwer minimum waarmt Wasser zeproduzéieren. Alles waat e Motor huet soll lues a lues emmer méi op “biofuel” emsprangen. Natiirlech setzen se als Insel och gären op Wasserenergie an dofir gett eng 200 Milliounen Dollar Constructioun gebaut. Momentan ginn et och eng 20 Wandturbinen am Hawaii, déi e Sensor hunn fir festzestellen op Wand do ass oder net. Momentan ginn 9% vun der Insel mat Wandenergie versuergt an dat soll sech och an den nächsten 2 Joërzéngten vergréisseren.

Och wann dat nemmen e kléngen Schrëtt ass, wéisst et awer wuel, dass d’USA definitiv lues a lues “gréng” ginn an domatter hätt hier “Green Card” hieren Numm definitiv verdéngt. A waat leeft an der ‘super’ EU? Well Lëtzebuerg wéider all Fortschrett op eng besser a méi gréng Welt fir déi nächst Generatioun verhenneren?

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s