Den 44. President vun den USA huet also lo säin Friddensnobelpräiss. Den 4. US President iwwerhaapt an deen éischten deen e schons am 1 Joër vun sénger Presidentschaft kritt.
Lo héiert een awer nawell zimlech vill Stemmen a läschter Zäit héich kommen, déi dem Barack Obama deen Titel net wellen zouspriechen, haaptsächlech wéinst dem Afghanistan (an dem Irak). “Hien huet den Irak Krich nach net fäerdeg.” Jo, mee do kann een sech net sou séier erauszéien wéi een eragaangen ass. E Plang fir sech zereck zezéien steet awer. Ob d’USA deen kennen anhaalen ass eng aaner Saach, resp. ob et gudd fir den Irak an d’Stabilitéit an däer Regioun ass.
An den Afghanistan? Jo, secher gett do e Krich gefouert, mee wéi verschidden Protestanten zu Oslo d’Saach gesinn ass och falsch. “Change?” stung do ennert de Plakater vum Obama. 30,000 wéider Truppen an den Afghanistan, dat ass keen Change. Zum Deel hunn se jo Recht, mee mech nervt et einfach wéi d’Léit den “Change” Slogan fir alles benotzen. Hien huet nie behaapt alles z’änneren, in fact huet hien schons am Ufank vum Irak Krich 2003 fir mäi Truppen am Afghanistan gekämpft, dat war en Haaptargument a sénger Campaign 2004 fir US Senator zeginn an hien huet et och emmer erem während der Campaign 2008 widderholl.
Komesch ass jhust, dass Léit déi “esou fir den Obama” waaren, elo mat “Change?” kommen. Zumools wann et em Saachen ginn déi absolut kloër vun Ufank un waaren. Mee bon, dat ass nemmen 1 Saach déi weisst dass d’Europäer eigentlech net wessen wat an den USA leeft, resp. net genuch (a richteg) Informatiounen kréien.
Oder d’Europäer kennen sech selwer politesch net orientéieren? Dat giff och stemmen. Well wéi ass et z’erkläeren, dass d’Europäer esou fir den politesch gesinn méi lenks tendéierenden Obama waaren, deen géint de beissen Status Quo gekämpft huet, an op der aanerer Säit géint déi “beis” Republikaner mam McCain a Palin; wann d’Europäer nemmen e puer Méint méi speit genee déi europäesch Republikaner – déi Chrëschtlech Vollekspartei’en – am Europaparlament extrem stäerken?
Den Europäer ass schons e komescht Wesen, waat dann lo souguer fuerdert dass d’Haaptstaat vun engem zukünftegen Palästinänserstaat Ostjerusalem soll ginn. Wéi wann d’Europäer net scho genuch an däer Géigend Futti gemaach hätten. Esou e (falschen) Movement muss awer definitiv keen verstoen…
[…] Energien.” Nodeems schon Texas duerch den George W. Bush jo greng ginn ass [wéi ech hei schons geschriwwen haat], Kalifornien souwisou emmer méi gréng gett, Montana mam Brian Schweitzer […]