Et ass jo schons erstaunlech, dass elo wou d’Klimakonferenz zu Kopenhagen ugefaangen huet, e beemol jiddereen well “gréng” sinn. A jiddereen an all Land mécht säin Deel, pucht de “Schwarzer Peter” bei en aanert Land, sou zum Beispill Lëtzebuerg. Dass Lëtzebuerg mat Eisterräich dat EU Land ass, waat am mannsten fir de Klimaschutz bis elo gemaach huet, gett ignoréiert. D’USA an China dat sinn déi “Beis”…
Dass d’USA dee gréissten Verkeefer vun Wandmillen ass, an e riesegen Site domatter am Texas opgebaut huet, wëssen déi mannst Europäer (hunn ech vrun e puer Deeg nach eng Kéier misste feststellen). Dass d’USA an deem Secteur sou grouss ass, hunn se dem George W. Bush – jo, de fréieren President- zeverdanken.

Mee bon, mat all deenen “gudden” Noorichten déi een héiert zenter dass d’Konferenz ugefaangen huet, misst een sech scho baal froen, ob mer déi Politiker a möchtegern Politiker net einfach an der dänescher Haaptstaat sollen setze loosen… vielleicht hallen déi “gréng” Noorichten dann ‘nie’ op?!?

Nach e Gedanken: wéi sinn d’Politiker an déi Delegéiert iwwerhaapt op Kopenhagen komm? Ech huelen emol un dass d’Delegatioun aus Amerika bspw. mam Flieger kennt (waat verständlech ass), mee wéi gesäit et mat der Delegatioun aus Däitschland, Frankräich, Belsch, Holland, Lëtzebuerg, etc. etc. aus? Ech kréien leider net all zevill momentan vum Kontinent mat, dofir: sinn déi Delegatiounen schéin grouss mam Airbus oder der Boeing op Kopenhagen geflunn oder hunn se zwar méi laang gebraucht, dofir awer manner CO2 verstouss, a mam Zuch an déi dänesch Haaptstaat gefuer?
Ech huele mol un, dass et dat 2. waar, waat alt erem d’Trauregkeet vun dëser Konferenz wéisst. Ech muss einfach zum Deel dem James Hansen (e Wessenschaftler deen zanter längerem d’Welt vrum Klimawandel warnt) Recht ginn. Hien huet vrun e puer Deeg am Guardian behaapt, dass et besser fir d’Welt wäer wann et net zu engem Ofkommes zu Kopenhagen kennt. Deen Artikel mam Audio Interview fannt der hei.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s