Nodeems ech hei schons op “Uni Brennt” an zumools “Tell David” agaangen sinn, well ech haut jhust e puer Wierder iwwert d’Aktioun #SOS hei op menger Uni verléieren.
Am Oktober gouf d’Sociology Departement vun menger Uni ennert d’Lupp geholl nodeems et d’läscht Joër an engem Ranking net gudd ofgeschnidden haat. Dat geet net wann een als Motto vun der Uni “Per Ardua Ad Alta” huet. Also e Review. Den 10. November dunn huet den Prof. Edward Peck (Head vum College of Scoial Sciences) dem Chef vum Departement séng Decisioun matgedeelt:
Sociology Departement soll zougemaach ginn. Den Bachelor an Sociology soll an d’Social Policy Departement kommen an de Bachelor an “Media, Culture and Sociology” soll ganz gecancelt ginn. Domatter kann d’Uni d’Zuel vum akademeschen Staff vun 17 op 3, an d’Zuel vum administrativen Staff vun 3 op 1 reduzéieren.

Eng Decisioun déi natiirlech fir vill Opreegung gesuergt huet, an nach emmer suergt. Sou gouf et en Mettwoch erem e Protest ausserhalb vum Aston Webb Building (d’Haaptgebai vun der Administratioun). [Foto] D’Studenten goufen vum Staff bei dëser Aktioun ennerstetzt. A wéi den Zoufall et sou wollt war – well d’Queen hier Ried am Parlament ginn huet- d’BBC bei eis op de Campus komm fir mat diversen Léit en Interview iwwert d’„Queen Speech” zemaachen a kruuten och vrum Protest mat. Ob d’Journalisten vun der BBC awer lo och d’Petitioun ennerschriwwen hunn ass onkloër. Jiddefalls waren schons e Mettwoch eng 5,600 Ennerschreften zesummen.
D’nächsten Donneschten soll de Council eng Entscheedung iwwert d’Sociology Departement huelen. Dofir gett et dann och e Begriefniss um Campus. E Mettwoch den Owend dunn huet awer den Vice Chancellor vun eiser Uni de Léit versechert dass “all options, not just closure” giffen diskutéiert ginn an all Optioun “equal consideration” kritt. Dat ass zwar vielleicht nemmen sou een normalen Ausdrock, mee de gudden David wäert scho geléiert hunn (en ass jo reischt zenter Ufank dës Joëres hei op der Uni), dass an der Vergaangenheet d’Studenten hei op der Uni emmer vill matentscheed an décidéiert hunn. Ech denken do un d’Idee 5 Pond/Woch extra zefroen (dat wäeren eng 200-300 Pond/Joër), wann een en Zemmer mat Bleck op den Vale Lake huet; Studenten hunn sech gewiert an et gouf ofgeleent, oder un d’Idee fir vun dësem Joër un Studentenwunnengen méi déier zemaachen; Studenten hunn sech gewiert an et gouf ofgeleent (in fact si verschidde Wunnengen souguer méi belleg ginn!) Never underestimate the strength of young people!

“The young do not know enough to be prudent, and therefore they attempt the impossible — and achieve it, generation after generation.”

More to come, stay tuned!

P.S. Den Hashtag #SOS steet fir ‘Save Our Sociology (Departement)’ 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s