Oppenen Bréif

UK/Eisterräich/Däitschland/Italien: “Uni brennt” & “Tell David” [The Youth Of Today]

Wéi ech vrun baal 1,5 Joër dësen Politblog gestart hunn, hunn ech geschriwwen gehaat dass déi jonk Generatioun “prett [ass] fir d’Relêve z’iwwerhuelen. Prett fir déi Saachen unzepacken, déi bis elo nemmen am Eck léien bliwwe sinn. Prett fir langerwarten Reformen duerchzesetzen.” an hunn dëst am Laaf vun der Zäit emmer erem wiederholl [1, 2).
De Bobby Kennedy soot vrun iwwer 40 Joër schons zu engem Grupp Studenten, déi an enger revolutionärer Welt geliewt hunn, dass “young people must take the lead.” An net méi spéit wéi dëst Freijoër soot den David Plouffe op der Convocation vun der Cornell University zu de Studenten: „We now live in a time where you can lead. And you can lead right now!”

An esou ass et dann och… an Eisterräich, Däitschland an Italien “brennen” beispillsweis d’Uni’en. [hei eng Kaart mat de besaatenen Uni’en] Den Edukatiounsproblem ass keen nationalen, dofir huet sech d’UNEL zesummen mat déi Jonk Gréng an den Jonken Demokraten (JDL) och direkt solidaresch mat de Studentenprotester gewissen.
Geschter gouf hei am UK d’Review Board bekannt, also déi 7 Léit déi sollen eng Analyse maachen ob d’Tuition Fees (momentan £3,225/Joër) sollen gehéicht ginn op £7000/Joër oder net. Dat “Board” gett eigentlech als net biased duergestallt, trotzdem si 4 vun den 7 Memberen aus dem Business (déi eigentlech eng Erheichung op £7,000 fuerderen). E wéideren Member ass den Vice Chancellor vu menger Uni, den David Eastwood (deen vrun e puer Méint schons gesoot haat, dass een dat mat £7000 misst duerchkucken). Natiirlech konnten sech d’Studenten déi Chance net entgoe loosen an hunn e spontanen “Flashmob” vrum Haaptgebai vun der Administratioun geplangt.
Eng knapp 24 Stonnen haaten se sech Zäit ginn. An déi meescht Organisatioun ass iwwert Twitter, Facebook an d’Homepage vun Redbrick (eis Studentenzäitung) gaangen. Keng 24 Stonnen méi spéit stungen haut de Metten um 12:50 Auer eng 400-500 Studenten do zejäizen, zepäiffen an op d’Kachdeppen zeklappen. Extra op Birmingham war och de President vun der NUS kommt a séng kléng Ried plus déi éischt Sekonnen vun engem 10 Minutten “Kaméidi” kennt der ierch hei ulauschteren (Opgepasst, wann der Kopfhörer unhutt. Et ass haard!).


Och spontan bréngt et. 400 bis 500 Studenten protestéieren géint Higher Tuition Fees.

D’Zuel vun den Protestanten wäer wuel nach méi grouss gewierscht, wäer méi Zäit dogewierscht (mee schons muer ginn d’Protester wéider dann zu London vrum House of Parliament – wou d’Regierung an d’Police lo scho probéiert dat sou kléng wéi méiglech zehaalen). Zweetens war et duerch d’Auerzäit fir verschiddener net méiglech. 12:50 Auer, do soutzen déi eng nach am Cours* an aanerer waren op hierer Arbescht. Aanerer (déi Aktioun war jo net 100% op Birmingham Uni Studenten limitéiert waren dann och -meeschtens duerch Unicoursen- verhennert, wéi zB den Joe (Vice-Chair Campaigns of Liberal Youth) [hei] Trotzdem ass den “Turnout” beachtlech a wéider Foto’en kennt der ierch hei ukucken. „Tell David” huet sech dann och noom Flashmob iwwer Facebook an Twitter verbreed, sou huet zB d’Michaela Neild – waat an der Cardiff Uni SU schafft – driwwer getwittert (hei).
No den 10 Minutten Kaméidi gouf et e Meeting an der “Guild” (eist Studentewierk), wou e.a. Propose komm sinn dass een den eisterräichen Modell soll benotzen wann d’Léit net welle lauschteren. “Weem séng Uni? Meng Uni!” Eng eischt a nach vill méi grouss Aktioun gouf awer nach méi diskutéiert. Zesummen mat der “Birmingham City University” wellen mer d’nächst Kéier déi ‘ganz’ Staat erstiermen. Wéi soot eisen Guild President zu mir (déi vielleicht 10/20 Sekonnen wou e kuerz nierfent mer stung), dëst war nemmen de Start vu enger grousser Campagne. „It’s gonna be huge!”
E Video vun der Protestaktioun vun haut kennt der ierch iwwerengs hei ukucken. (Jhust zur Informatioun: Et war eis Guild déi et organiséiert huet, net d’NUS.)

A wann den David Eastwood (an aaner Léit am UK) mengt (mengen) dass d’Studenten dann lo roueg wäeren huet en sech eben ferm geierrt, well wéider Aktioun vun der Campagne “Tell David” sti schons vrun der Diir. Eppes wéisst et awer alt erem allemool: déi Jonk sinn do. An entweder déi “eeler” Léit gesinn an akzeptéieren dat oder e greisseren Generatiounskonflikt wäert an den nächsten Joëren entstoen. Zevill gouf op dës Generatioun (an zum Deel schons op déi nächst) gedreckt, jhust dass een sech nach e puer Joër/Joërzéngten et konnt gudd goe loosen. Wei soot den Volker Pispers (dunn jhust iwwert en aanert Thema, mee vum Bildlechen an der Idee hier passt et och op dëse ‘Konflikt’):

„[…] Sie haben sie benutzt wie Klopapier. Und dann haben sie sie weg geschmisssen. Ist aber kein Klopapier[…]. Es sind Menschen. […] Die kommen wieder zurück und packen genau an dem Arsch an dem sie abgewischt worden sind.”

Vielleicht si jo déi eng oder aaner “eeler” Léit duerch de Kaméidi haut erwescht, de gréissten Deel wäert awer wuel nach fest schlofen an ech hoffe wirklech dass se geschwenn erweschen. Et gett héich Zäit! Et mussen néi Weeër gewielt ginn! Et muss (an am beschten soll et och) net zu engem Generatiounskonflikt kommen. Erwescht, akzeptéiert dass eng “new generation of leadership” do ass a gidd mat!

Maybe if you were some spearheaded guy
I would listen to what you have to say
But you’re just some incapable figure
Thinking you’re bigger than me, but you’re not
Yet you don’t know a thing about the youth of today

Stating your opinion making it ring in my head all day
And you say,
“My children weren’t the same”
“My children’s children they’re the ones to blame”
And you say,
“In my day we were better behaved”
But it’s not your day no more…

And we are the youth of today
Change our hair in every way
And we are the youth of today
We’ll say what we wanna say
And we are the youth of today

———————–
* Wann een onentschellegt fehlt, hellt d’Departement hunn dass een dee Cours well faale loosen. Problem dann wéi een op déi neideg Credits kennt, resp. wann et en obligatoreschen Cours ass, wäer d’Joër da souwisou scho gelaaf.

————————
Méi iwwert “Tell David”:
* Birmingham Post – University of Birmingham Students stage protest over review of tuition fees
* Redbrick – Flashmob gathers in #telldavid campaign
* Wes Streeting (President NUS) at Birmingham clock tower flashmob [Audio]
* Interview with Guild President on #telldavid [Audio]
* Guardian – Student fees review must have depth

More to come… stay tuned! #telldavid 🙂

———————————————————————
EDIT (11.11.2009 – 17:55 Auer GMT): 153(!) President vun Studentenwierker aus ganz UK – dorenner Birmingham University, Aston University, Oxford University, Cardiff University, LSE etc. – hunn haut en oppenen Bréif un d’Zeitung ‘The Guardian’ gescheckt an deem sie hier Fuerderungen kloër nennen. Well Labour an d’Tories probéieren den Review eréicht no de Wahlen vum nächsten Mee erauszeginn (fir dass et kee Wahlkampfthema gett), fuerdern sie dass d’Politiker den ‘Pledge’ géint higher tuition fees ennerschréiwen. A wann d’Politiker net ennerschréiwen? Ganz einfach: “Students will name and shame MPs who refuse to oppose rise in tuition fees” Et sollen Ziedelen, Email asw un d’Studenten gescheckt ginn mat den Nimm vun de Politiker déi refuséiert hunn den Pledge z’ennerschréiwen.
Honnerten vu Studenten sinn dann haut op London marschéiert fir do am House of Parliament zefuerderen, dass Politiker de Pledge sollen ennerschréiwen. Laut dem President vun NUS, Wes Streeting, war d’Aktioun och souwäit e Succès: ‘Ex-cabinet ministers, MP’s from all parties signing our generalelection pledge’ [via].
Eng rezent Emfro huet iwwrengs och erginn, dass 88% vun der britescher Bevölkerung géint d’Erhéichung vun Tuition fees sinn. Eppes waat ganz kloër wéist, dass demno wéi dës Sach wéider geet, vielleicht Labour an déi Konservativ d’Wahlen verléieren an déi Liberal – déi als eenzeg gréisser Partei géint “tuition fees” sinn – d’Wahlen gewannen. Mee genee wéi an de States mam Health Care Project, heescht et och am UK, “still long way to go…” 😉