Wéi ech gescht schons hei geschriwwen haat, stemmt de Kongress dëse Weekend iwwert hieren Health Care Project of. An den RTL schéngt nawell a séngen Noorichten méi optimistesch iwwert d’Gesondheetsreform an den USA zesinn wéi d’Weisst Haus perséinlech.
Als éischte Saatz gett direkt geschriwwen:
„An den USA ass d’Gesondheetsreform um gudde Wee a Milliounen Amerikaner solle geschwënn vun enger gesetzlecher Krankeversécherung kënne profitéieren!”
Den President selwer huet haut an engem kurze Statement net grad sou extrem optimistesch geschéngt: „I urge members of Congress to rise to this moment. Answer the call of history, and vote yes for health insurance reform for America.” [liest hei wéi et no engem positive Vote wéider geet.]
D’Demokraten hunn hire partei-interne Sträit an der Nuecht op e Samschdeg geléist. D’Ofdreiwungsgéigner krute Satisfactioun a wëllen d’Gesetz elo matstëmmen.
Och dat ass net sou korrekt. An der Nuecht op e Samsten gouf “nemmen” décidéiert, dass d’„anti-abortion democats” en Amendment dierfen proposéieren. Deen muss dann nach fir d’éischt ugeholl ginn. A wéi den Congressman Stupak – den Haaptmann fir dësen Amendment – hei bei Politico.com gesoot huet, wäerten 15 “anti-abortion Democrats” géint den Health Care Project stemmen egal ob den Amendment ugeholl gett oder net. Wann en net ugeholl gett, kommen nach eng 5 wéider Demokraten dobäi de Project wellen ofléenen.
D’Ofdreiwungsgéigner aus der demokratescher Fraktioun hunn d’Reform jo zënter Méint blockéiert, well se net domat d’accord sinn, datt d’Assurancen dofir bezuelen, wann eng Fra hir Schwangerschaft ofbrecht.
Dofir gouf elo festgehal, datt déi gesetzlech Krankeversécherung just dann opkënnt, wann d’Fra vergewaltegt gouf, wann et sech em Inzest handelt oder wann d’Liewe vun der Fra duerch d’Schwangerschaft a Gefoer ass.
Also do kéinnt e baal mengen dass et “nemmen” d’Ofdréiwungsgéigner aus der Demokratescher Partei gewierscht wäeren, déi de Project sou laang opgehaalen hunn. Do hunn se awer glatt och nach déi sellechen Kommissiounen vergiess an dann natiirlech och d’„Party Of No” (aka Republikaner).
Wéi gesoot wann et dann emol gestemmt ass.
Do verwonnert et net, dass laut enger rezenter Gallup Emfro, d’Europäer op der 3. Plaatz weltwäit stinn waat d’Bedürfniss fir Auszewanderen ubelaangt:
An trotz Wirtschaftskriis an enger héicher Arbeschtslosegkeet (in fact, stinn d’Chancen vun deenen villen Arbeschtslosen an den USA besser fir eng vun den knappen Plaatzen op enger vun den Ivy League Uni’en zekréien bspw. Harvard wéi fir en néien Beruf zekréien) stinn d’USA nach emmer ganz uewen waat d’Awanderung betrefft. 24% giffen d’USA wielen, wann se da kéinnten (dat sinn eng 165 Mio. Erwuessener weltwäit déi de Wonsch hunn), Canada wellen emmerhin nach 45 Mio. Erwuessener als hier Heemescht maachen. Nämlecht vill giffen gäeren an de UK oder a Frankräich goen, 35 Mio. a Spuenien, 25 Mio. an Däitschland. Wéider 25 Mio. Erwuessener ginn Australien un, an… haalt ierch fest… 30 Milliounen Léit giffen am leiwsten an Saudi-Arabien wunne goen. Also USA vrun Canada, UK a Frankräich, Spuenien, dann Saudi-Arabien!
80 Milliounen Europäer (also déi ganz Bevölkerung vun Däitschland fir sech emol e Bild zemaachen) giff iwwrengs gäeren an en aanert Land vun der EU wunne goen.
—-
P.S. De Vote wäert sou géint 11 pm ET sinn (also géint 5 Auer um Sonnde Moien lëtzebuergescher Zäit). Momentan gesäit et laut Politico deno aus wéi wann d’Dems déi néideg Stemme giffe kréien.
EDIT (8. November 2009 – 2:56 am GMT): 34 Demokraten hu schons duerchsickere geloos, dass sie géint de Project stemme wäerten. Wann nach 6 dobäi kommen, geet den Health Care Bill net duerch de Kongress! Lo jhust ass dann d’Debatt iwwert den “Stupak amendment” fäerdeg, an d’Dems hunn lo grad dem Congressman John Dingell d’Wuert ginn fir “closing remarks.”
EDIT 2 (8. November 2009 – 1:35 pm GMT): Uff… dat war knapps. 39 Demokraten hunn -trotz beigeluechtem interne Stréit gell RTL- géint “Affordable Health Care for America Act” gestemmt. Et huet awer iwweraschenderwéis 1 Republikaner dofir gestemmt. Mee wéi den Rahm Emanuel (Obama säin Chief of Staff a fréieren Congressman) op Facebook geschriwwen huet: “We F***ing did it!”
Lo geet et dann am Senat wéider mat deem séngem Project, deen liiecht aanescht ass. 60 vun 100 Senatoren mussen dofir stemmen. Jhust 60 Senatoren hunn d’Demokraten op hierer Säit, mee op Léit wéi Liebermann a co. dofir stemmen ass ongewosst. Den Drama geet demno wéider, RTL! 😉