Wéi ech gescht schons hei geschriwwen haat, stemmt de Kongress dëse Weekend iwwert hieren Health Care Project of. An den RTL schéngt nawell a séngen Noorichten méi optimistesch iwwert d’Gesondheetsreform an den USA zesinn wéi d’Weisst Haus perséinlech.
Als éischte Saatz gett direkt geschriwwen:

„An den USA ass d’Gesondheetsreform um gudde Wee a Milliounen Amerikaner solle geschwënn vun enger gesetzlecher Krankeversécherung kënne profitéieren!”

Den President selwer huet haut an engem kurze Statement net grad sou extrem optimistesch geschéngt: „I urge members of Congress to rise to this moment. Answer the call of history, and vote yes for health insurance reform for America.” [liest hei wéi et no engem positive Vote wéider geet.]

D’Demokraten hunn hire partei-interne Sträit an der Nuecht op e Samschdeg geléist. D’Ofdreiwungsgéigner krute Satisfactioun a wëllen d’Gesetz elo matstëmmen.

Och dat ass net sou korrekt. An der Nuecht op e Samsten gouf “nemmen” décidéiert, dass d’„anti-abortion democats” en Amendment dierfen proposéieren. Deen muss dann nach fir d’éischt ugeholl ginn. A wéi den Congressman Stupak – den Haaptmann fir dësen Amendment – hei bei Politico.com gesoot huet, wäerten 15 “anti-abortion Democrats” géint den Health Care Project stemmen egal ob den Amendment ugeholl gett oder net. Wann en net ugeholl gett, kommen nach eng 5 wéider Demokraten dobäi de Project wellen ofléenen.

D’Ofdreiwungsgéigner aus der demokratescher Fraktioun hunn d’Reform jo zënter Méint blockéiert, well se net domat d’accord sinn, datt d’Assurancen dofir bezuelen, wann eng Fra hir Schwangerschaft ofbrecht.
Dofir gouf elo festgehal, datt déi gesetzlech Krankeversécherung just dann opkënnt, wann d’Fra vergewaltegt gouf, wann et sech em Inzest handelt oder wann d’Liewe vun der Fra duerch d’Schwangerschaft a Gefoer ass.

Also do kéinnt e baal mengen dass et “nemmen” d’Ofdréiwungsgéigner aus der Demokratescher Partei gewierscht wäeren, déi de Project sou laang opgehaalen hunn. Do hunn se awer glatt och nach déi sellechen Kommissiounen vergiess an dann natiirlech och d’„Party Of No” (aka Republikaner).
Wéi gesoot wann et dann emol gestemmt ass.

Do verwonnert et net, dass laut enger rezenter Gallup Emfro, d’Europäer op der 3. Plaatz weltwäit stinn waat d’Bedürfniss fir Auszewanderen ubelaangt:
auswanderen

An trotz Wirtschaftskriis an enger héicher Arbeschtslosegkeet (in fact, stinn d’Chancen vun deenen villen Arbeschtslosen an den USA besser fir eng vun den knappen Plaatzen op enger vun den Ivy League Uni’en zekréien bspw. Harvard wéi fir en néien Beruf zekréien) stinn d’USA nach emmer ganz uewen waat d’Awanderung betrefft. 24% giffen d’USA wielen, wann se da kéinnten (dat sinn eng 165 Mio. Erwuessener weltwäit déi de Wonsch hunn), Canada wellen emmerhin nach 45 Mio. Erwuessener als hier Heemescht maachen. Nämlecht vill giffen gäeren an de UK oder a Frankräich goen, 35 Mio. a Spuenien, 25 Mio. an Däitschland. Wéider 25 Mio. Erwuessener ginn Australien un, an… haalt ierch fest… 30 Milliounen Léit giffen am leiwsten an Saudi-Arabien wunne goen. Also USA vrun Canada, UK a Frankräich, Spuenien, dann Saudi-Arabien!
80 Milliounen Europäer (also déi ganz Bevölkerung vun Däitschland fir sech emol e Bild zemaachen) giff iwwrengs gäeren an en aanert Land vun der EU wunne goen.

—-
P.S. De Vote wäert sou géint 11 pm ET sinn (also géint 5 Auer um Sonnde Moien lëtzebuergescher Zäit). Momentan gesäit et laut Politico deno aus wéi wann d’Dems déi néideg Stemme giffe kréien.

EDIT (8. November 2009 – 2:56 am GMT): 34 Demokraten hu schons duerchsickere geloos, dass sie géint de Project stemme wäerten. Wann nach 6 dobäi kommen, geet den Health Care Bill net duerch de Kongress! Lo jhust ass dann d’Debatt iwwert den “Stupak amendment” fäerdeg, an d’Dems hunn lo grad dem Congressman John Dingell d’Wuert ginn fir “closing remarks.”

EDIT 2 (8. November 2009 – 1:35 pm GMT): Uff… dat war knapps. 39 Demokraten hunn -trotz beigeluechtem interne Stréit gell RTL- géint “Affordable Health Care for America Act” gestemmt. Et huet awer iwweraschenderwéis 1 Republikaner dofir gestemmt. Mee wéi den Rahm Emanuel (Obama säin Chief of Staff a fréieren Congressman) op Facebook geschriwwen huet: “We F***ing did it!”
Lo geet et dann am Senat wéider mat deem séngem Project, deen liiecht aanescht ass. 60 vun 100 Senatoren mussen dofir stemmen. Jhust 60 Senatoren hunn d’Demokraten op hierer Säit, mee op Léit wéi Liebermann a co. dofir stemmen ass ongewosst. Den Drama geet demno wéider, RTL! 😉

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Hey pardon, mä ech verstinn net wéi een géint den Health Care Act kann stemmen. D’Amis brauchen eng anstänneg Krankenversecherung, besonnesch die, die sech keng privat kenne leeschten. Ech verstinn och net wei een als Demokrat do dogéint ka stemmen, mä deene meeschten Congressleit geet et wuel ze gutt, fir d’Problemer vun denen armen ze verstoen. Et kann net sinn, dass an deem Land nach deelweis Zoustänn herrschen, die engem 3t. Welt Land gläich kommen!

    Reply

  2. Ech si jo och fir dësen Bill gewierscht an dass d’Amerikaner eng Krankeversecherung brauchen stréiden ech och net of. Mee Politik ass Muecht an da kann ech schon déi meescht vun deenen 39 Demokraten verstoen déi dergéint gestemmt hunn, well vill vun hinnen aus Deeler vun den USA kommen déi eigentlech ganz staark konservativ sinn an et schons baal e Wonner ass, dass se en Demokrat (momentan) als Representant hunn. Trotzdem et ass mol kee Joër méi ier de ganze Kongress fresch gewielt gett a fir eng ordentlech Campagne zemaachen an iwwerhaapt eng Chance zehunn, musse e Congressman/Congresswoman eng 50,000 Dollar/Woch u Spenden asammelen. An zumools no de Victoiren fir d’Republikaner zu Virginia an zu New Jersey, waat jo awer eigentlech komplett “blo” ass, fänken eben zumools déi Congressléit déi souwisou op engem wackelegn Stull setzen nach méi un mat zidderen.
    Dobäi kennt an den USA eben dass eben d’Regierung net zevill dierf an d’Liewen agréiwen, waat ech komplett verstinn a matdroen. Mam Obama séngem Plang besteet awer d’Méiglechkeet, dass d’Regierung sech lues a lues e Monopol an der Krankeversecherung kann opbauen, waat och erem net gudd ass.
    Dass och eppes waat ech bei der Nooricht vum RTL net gudd fonnt hunn. Et kennt eriwwer wéi wann sou eng Saach misst an 2, 3 Deeg vum Desch sinn. Wann lo giff d’lëtzebuerger Regierung décidéieren dass d’Léit mussen 5 oder 10 Joër méi laang schaffe goen, wäert dat wuel och net bannend enger Woch geléist an ofgestemmt sinn. Zumools wou d’Regierung hei am Land jo gesoot huet, dass se réischt an der Hallschend vun der Legislaturperiod (also no den Gemengewahlen) eppes zu deem ‘Problem’ well parat hun. An alleng de Faite dass “Health Care for everyone” sech zenter dem Teddy Roosevelt zitt, wéisst wéi schwéier an awer och wéi e grousse Succès den Obama an zumools d’Nancy Pelosi do fäerdeg bruecht hunn. Awer wéi soen se an den States momentan “still long way to go…”

    Reply

  3. Hmm also wann se schonn zënter dem Teddy dorunner wurschtelen, géif et awer sou lues Zäit ginn nee? Sozialversécherung ass fir mech och eng primär Aufgab vum Staat, ech gesinn do keen Problem u sech. Mä als Europäer ass dat natierlech och méi schwéier nozevollzéien, well mir net den “american dream” dreemen. Et seet jo keen, dass een keng privat Versécherung niewebäi dierf hunn.

    Reply

  4. Jo, schon. Mee den Teddy Roosevelt huet dat deemols als Idee ugefaangen an et ass jo och an de läschte Joërzéngten Schrëtt fir Schrëtt besser ginn. Ech denken do un “Medicaid” (fir “low income families”) an “Medicare” (fir eeler Léit) duerch den Social Security Act vun 1965 an dann natiirlech 1997 “SCHIP” (fir d’Kanner) mat Ennerstetzung vum Teddy Kennedy, Orrin Hatch an Hillary Rodham Clinton. An net méi spéit wéi den 4. Februar 2009 huet den President Obama SCHIP vergréissert (nodeems den GW Bush 2 mol a sénger Presidentschaft säi Veto ageluecht haat), sou dass eng wéider 4 Milliounen Kanner dovunner kennen profitéieren. Dass jhust dass esou e groussen Plang nie wéit komm ass, zu läscht eben ennert dem Bill Clinton gescheitert, well hien an d’Hillary als First Lady vill ze vill (a vill ze fréi) an d’Debatt agesprongen sinn. Dofir hunn ech et scho gudd fonnt, dass den Rahm Emanuel (deen och am Clinton White House geschafft haat) dës Kéier ‘säin’ Mann méi laang aus der Debatt erausgeloos huet. E gudden Iesselchen… 🙂
    An och den aktuellen Obama Plang ass net “perfekt.” 96% vun der Bevölkerung hunn dann eng Krankenversecherung, 4% nach net. Dat ass jo dat flott un den USA, sie wessen dass se net ‘perfekt’ sinn a probéieren lues a lues d’Sachen zeverbesseren. “Progress is a good thing.” 😉 Aneschet do d’Europäer déi ganz oft mengen sie wäeren ‘ganz uewen’ an alles wäer “hei bei eis” tip top an der Réi.
    An de Problem mat der privater Versecherung ass jo deen, dass d’US Regierung eben déi kann ausspillen. Wann sie hier Krankenversecherung vill méi belleg maachen (mam Argument dass dann méi Léit et sech kenne leeschten), kommen d’Léit natiirlech all bei déi Versecherung vum Staat ob se elo 1 Dollar oder 1 Millioun Dollar den Dag verdengen. De Staat dréiwt déi privat Krankeversecherungen souzesoen an de Ruine an huet sech selwer e Monopol opgebaut.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s