No der Defaite fir d’Demokraten bei den Governorswahlen en Dennschten zu Virginia an New Jersey (!), awer och nom Gewenn en Dennschten am 23. District vun New York (dee Setz gouf zenter dem Civil War emmer vun engem Republikaner resp. Konservativen gehaal), steet dëse Weekend den éischte Vote vum Health Care Bill am ‘House’ un. Medienberichter no huet d’Madame Speaker Nancy Pelosi awer e puer Stonnen vrum Vote nach net alleguerten d’Stemmen secher op hierer Säit.
Als Rappel: den Health Care Bill vum Kongress (deen da muer (Samsten) soll gestemmt ginn) huet eng ‘public option’, also eng Krankeversecherung vum Staat, woduerch vill Amerikaner natiirlech dogéint sinn.
Sollt den Health Care Bill vum Kongress muer duerch goen (wann dann vielleicht nemmen mat 1 Stemm Ennerscheed), ass den Drama awer nach net eriwwer. De Senat huet och nach en Health Care Bill an do haat den Majority Leader Harry Reid jo vrun e puer Wochen ugekennegt och eng “public option” anzebauen, déi virdrun net dra war. Alt erem ass net gewosst ob den Harry Reid déi néideg Stemmen (60) dofir am Senat huet. Sollt hien déi hun an de Senat stemmt fir de Gesetzproject, da ginn déi 2. Projecten also déi vum Senat an déi vum Kongress an engem Meeting “zesummen gepucht” an deen Kompromiss muss dann nach eng Kéier duerch de Senat resp. de Kongress goen, ier en vum President Obama ennerschriwwe ka ginn. Trotzdem huet nach nie e President an den USA et fäerdeg bruecht fir den Health Care Project sou wäit zekréien. D’Fro déi sech elo stellt (an haaptsächlech wäert muer stellen): Ass 2009 beim 1. Vote vum Kongress Endstatioun?
Schliesslech kann d’Obama Regierung net méi all zelaang dee Project schleefen. Zenter haut hunn d’Amerikaner iwwer 10% vun der Bevölkerung an der Arbeschtslosegkeet. (9,9% waren estiméiert ginn). Dobäi kennt eng Economie déi sech nemme lues erkritt, e Krich am Afghanistan deen genee sou lues wéider geet, de Problem fir Guantanamo bis Januar 2010 zou zekréien. An alles kuckt schons op November 2010: d’Midterms. A wann d’Demokraten do schwéier am Senat a Kongress verléieren ginn et (nach méi ) schwéier 2 wéider Joër fir den President a séng Equipp an eng wuel ganz knapp (dofir awer extrem spannend) Presidentschaftswahl 2012.