Wann ech et richteg matkréien, schéngt et wéi wann zu Lëtzebuerg d’Iwwerzeechung do wier, dass ‘eise’ Jean-Claude de gudden Tony wäert bei dësem Duell klappen. Tjo, demno wéi eng Press dass een hei a Groussbritannien liest, gesäit dat ganz aanescht aus:
“At 56 [Blair] brims with the energy of a much younger man; he has international standing and experience and an undoubted feel for the needs and ambitions of the big players. By comparison his nearest rival, poor Jean-Claude Juncker, the prime minister of Luxembourg, seems like a harmless worthy who has no better chance in this contest than the mayor of Harrogate.” (Guardian, 25.10.09)
The debate is being seen as “Blair or someone else”, a recognition that there is no rival who has the stature of the former Prime Minister. (Times, 26.10.09)
One source held up the examples of the two candidates at either extreme – the affable but relatively obscure Luxembourg prime minister, Jean-Claude Juncker, and Blair – to show how the name will shape the job. “The job is whoever they choose. Do they want a Jean-Claude Juncker person who can chair meetings or have someone who can make the EU count for something?” (Guardian, 26.10.2009)
Dass souguer d’Times e gudde Saatz fir den Tony Blair schréiwt huet mech am meeschten verwonnert. Och wann de Rescht vum Artikel net grad esou 100% positiv ass. Trotzdem bléiwt den Tony Blair an net de Jean-Claude Juncker *deen* grousse Favorit. Well den néie President (wa mer dann souwäit mol bis sinn, wann nämlech de Klaus séng Fuerderung fir Tschechien duerchkritt, kéinnt et demno wéi sou kommen dass all 27 Staaten den Traité nach eng Kéier mussen ratifizéieren) gett net vun den EU Bierger gewielt, mee vun 27 klengen Léit. An den Tony Blair huet eigentlech de Support vun Frankräich, Däitschland, Italien a Groussbritannien. Bléiwen also nach 23 Stemmen.
En ongeschriwwent Gesetz mécht et iwwrengs ‘onméiglech’ dass e Pole (Leader vum EU Parlament), en Däne (NATO) oder e Portugies (EU Commissioun) de Posten vum President kritt.
Nierft dem Posten vum President gett et dann och nach e.a. deen vum Ausseminister. Dass den David Miliband sech aus dem Rennen gezunn huet, kann een novollzéien. Net well hien komplett hannert dem Tony Blair giff stoen an séng Campaign net well op d’Kopp puchen, mee mat engem wackelegen Gordon Brown hei heem, ass säin Draam fir eng Kéier Prime Minister zeginn sécherlech momentan am greissten. Esou ass et schons e besschen Schued, well den Miliband secherlech een vun de kompetentesten Ausseministeren aus der EU ass. Dat eenzegt waat een net well ass dass ‘eise Jang’ elo giff probéieren EU Ausseminister zeginn. Well wéi soot d’läscht Woch een zu mir: ‘Wéi du kenns aus *Lëtzebuerg*? Du kanns awer definitiv *vill* *vill* besser Englesch schwätzen wéi äer Politiker.’ (waat natiirlech eng Uspillung heiropper war.)
Mee bon, ech fannen et zumols flott wéi am UK an zu Lëtzebuerg iwwert d’Chancen vum Blair resp. Juncker geschwaat gett.
P.S. Ech ennerstetzen net den Tony Blair. Au contraire, glewen ech dass de Jean-Claude Juncker de richtege Mann ass fir de Posten vum President. Ech glewen souguer, dass et haut Europa giff besser goen, wann de Jean-Claude Juncker 2004 EU Kommissiounspresident gi wäer.