Wann ech et richteg matkréien, schéngt et wéi wann zu Lëtzebuerg d’Iwwerzeechung do wier, dass ‘eise’ Jean-Claude de gudden Tony wäert bei dësem Duell klappen. Tjo, demno wéi eng Press dass een hei a Groussbritannien liest, gesäit dat ganz aanescht aus:

“At 56 [Blair] brims with the energy of a much younger man; he has international standing and experience and an undoubted feel for the needs and ambitions of the big players. By comparison his nearest rival, poor Jean-Claude Juncker, the prime minister of Luxembourg, seems like a harmless worthy who has no better chance in this contest than the mayor of Harrogate.” (Guardian, 25.10.09)

The debate is being seen as “Blair or someone else”, a recognition that there is no rival who has the stature of the former Prime Minister. (Times, 26.10.09)

One source held up the examples of the two candidates at either extreme – the affable but relatively obscure Luxembourg prime minister, Jean-Claude Juncker, and Blair – to show how the name will shape the job. “The job is whoever they choose. Do they want a Jean-Claude Juncker person who can chair meetings or have someone who can make the EU count for something?” (Guardian, 26.10.2009)

Dass souguer d’Times e gudde Saatz fir den Tony Blair schréiwt huet mech am meeschten verwonnert. Och wann de Rescht vum Artikel net grad esou 100% positiv ass. Trotzdem bléiwt den Tony Blair an net de Jean-Claude Juncker *deen* grousse Favorit. Well den néie President (wa mer dann souwäit mol bis sinn, wann nämlech de Klaus séng Fuerderung fir Tschechien duerchkritt, kéinnt et demno wéi sou kommen dass all 27 Staaten den Traité nach eng Kéier mussen ratifizéieren) gett net vun den EU Bierger gewielt, mee vun 27 klengen Léit. An den Tony Blair huet eigentlech de Support vun Frankräich, Däitschland, Italien a Groussbritannien. Bléiwen also nach 23 Stemmen.
En ongeschriwwent Gesetz mécht et iwwrengs ‘onméiglech’ dass e Pole (Leader vum EU Parlament), en Däne (NATO) oder e Portugies (EU Commissioun) de Posten vum President kritt.

Nierft dem Posten vum President gett et dann och nach e.a. deen vum Ausseminister. Dass den David Miliband sech aus dem Rennen gezunn huet, kann een novollzéien. Net well hien komplett hannert dem Tony Blair giff stoen an séng Campaign net well op d’Kopp puchen, mee mat engem wackelegen Gordon Brown hei heem, ass säin Draam fir eng Kéier Prime Minister zeginn sécherlech momentan am greissten. Esou ass et schons e besschen Schued, well den Miliband secherlech een vun de kompetentesten Ausseministeren aus der EU ass. Dat eenzegt waat een net well ass dass ‘eise Jang’ elo giff probéieren EU Ausseminister zeginn. Well wéi soot d’läscht Woch een zu mir: ‘Wéi du kenns aus *Lëtzebuerg*? Du kanns awer definitiv *vill* *vill* besser Englesch schwätzen wéi äer Politiker.’ (waat natiirlech eng Uspillung heiropper war.)

Mee bon, ech fannen et zumols flott wéi am UK an zu Lëtzebuerg iwwert d’Chancen vum Blair resp. Juncker geschwaat gett.

P.S. Ech ennerstetzen net den Tony Blair. Au contraire, glewen ech dass de Jean-Claude Juncker de richtege Mann ass fir de Posten vum President. Ech glewen souguer, dass et haut Europa giff besser goen, wann de Jean-Claude Juncker 2004 EU Kommissiounspresident gi wäer.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

8 Comments

  1. De Juncker selwer gleeft jo net mol drun, dass hien et packe kann.

    Reply

  2. De Juncker get et secher net (mei). Veim Blair ass dat awer och alles anescht wei secher: d’Merkel ass net fir en, an och de Sarkozy fänkt anscheinend u mat wackelen.

    Ech hoffen alt, dass de Blair et net get. Et wier en Hohn, wa grad hien et giff ginn.

    A souwiesou, wann d’Englänner generell sou geint d’EU sinn an alles anescht man wëllen, da sollen se austrieden.

    Reply

  3. Ech kann dem Grommel nemme Recht ginn. Eise Jean-Claude huet seng Chance verpasst. Heen ass an der Lescht e puer mol an der EU ugeeckt, sou datt en net mei allzevill Ennerstetzer huet.

    Et wiere awer een Hohn sonnergleichen wann ausgerechent dat EU-skeptescht GB geing den President stellen. Grad si, dei geint alles sinn, sollen an eisem Numm schwätzen? Da kenne mir jo direkt ee vun de Kaczynski-Bridder froen.

    Nee ech hoffen wierklech datt en iwwerzeechten Europäer de Poste kritt.

    Reply

  4. @Grommel
    Also d’Merkel huet nemmen gesoot, dass se och well op déi kléng Länner kucken a vielleicht net onbedengt wéillt dass déi Grouss alles meeschteren. Trotzdem haat sie nach bis vru kuerzem näischt géint en “President Blair.” Dat eenzegt wéi ech mer ka firstellen, dass d’Merkel sech fir de Juncker emdécidéiert hätt, ass wann dësen dat als Konditioun gesaat huet fir säin Wahlkampfoptrett am September.

    @Cartman
    U wéi een iwwerzeechtenen Europäer denkst du dann?

    Reply

  5. Allerdëngs ass den JC awer emmer nach interesséiert (resp. eréischt lo wierklech?): http://bit.ly/40wSHf

    Ech hätt en iwwerzeechten Europäer (en plus aus engem klengen Land) wéi den JCJ natierlech léiwer wéi den TB! Dann drécken ech him awer lo mol d’Daumen …

    Reply

  6. Dat ass typesch Juncker. “Meine Chancen sind eher gering” stemmt zwar eigentlech, mee et ass scho komesch dass de JC emmer an der Press séng Chancen sou kléng duerstellt. E puer Méint vrun de Wahlen hei am Land, an souguer nach e puer Wochen virdrun, huet hien och nach behaapt dass d’CSV wuel d’Wahlen wäert verléieren. Dat seet hien menger Meenung no awer net well hien däer Meenung ass, mee well et vill besser ausgesäit wann een dann herno trotzdem als grousse Gewenner vum Terrain geet.

    Reply

  7. Holà,

    …ech perséinlech géif den Här Juncker ower nët vun der Lëscht vun den “potentiellen Kandidaten fir d’EU-Präsidentschaft” sträichen…
    Wann ët een gëtt, deen den “politësche critère” vum “ppdc(fr)/lcd(en)” erfëllt, dann ass ët graad hien…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  8. Holà (part II),

    “…dass et haut Europa giff besser goen, wann de Jean-Claude Juncker 2004 EU Kommissiounspresident gi wäer.”

    Ka sinn, kann och nët sinn…(daat können eis och nëmmen d’Stären soen…)

    Den J.-C. J. wollt déi Plaatz nët, well se u sech vierdrun kéng “legal Daseinsberechtigung” haat…d.h. eng Plaatz, déi awer no der leschter “mit Ach-und-Krach-erbäierzwongen-Ënnerschrëft” vum Vaclav Klaus endlech an engem juristësch-legalen Kader an Kraaft trieden konnt…(an woubäi d’Dénominatioun vun déer “pré-oninstitutionneller” Plaatz esouguer vun den Englänner akzeptéiert gouf…LOL)

    Ganz kuerz résuméiert…
    Den Här Juncker wollt kéng Plaatz déi nët mat “offiziell-erdeelten-pouvoiren” bestéckelt wor…comme qui disait: “Ee Fliiger kann och nët vun Stewardessen/Stewards geflunn ginn…”

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s