Oppenen Bréif

Bestätegt: Schoss nohanne lass gaang. Faschistesch BNP wennt dobäi.

Dat waat ech hei schons ugekennegt haat dass kéinnt geschéien, schéngt lo Realtitéit zesinn. Direkt no der Emissioun Question Time um BBC vun en Donneschten huet d’BNP (British National Party) eng 3,000 néi Memberen kritt. Demno war dat den erfollegräischsten Dag an der Geschicht vun dëser faschistescher Partei. Bis haut kruuten se am Ganzen eng 9,000 néi Memberen zenter dem Optrett vun en Donneschten.
Haut huet dunn eng Emfro vum YouGov dann och erginn, dass all 5 Britt “seriously consider” fir d’BNP bei den nächsten Wahlen well wielen. Ganz genee 22% stinn also méi oder wéineger hannert der Partei vum Nick Griffin. Domatter awer net genuch, well 4% hunn uginn “definitiv” fir d’BNP lo zewielen, 3% kennen sech virstellen fir fir se zestemmen an nach eng Kéier eng 15% soen dass et “méiglech” wäer dass sie sech fir d’BNP wäerten entscheeden bei den nächsten Wahlen hei am UK. Dat mecht no Adam Riese eng 44% vun de Britten déi net ofgeneigt sinn fir dës Partei zewielen.

Dir mengt domatter hätt et sech dann awer? Den Erfolleg hätt sech “a Grenzen” gehaalen? Nee. Net wirklech oder?
Méi wéi 50% (!) hunn uginn, dass den Nick Griffin schons Recht haat an dass een onbedengt mist “speak up for the interests of the indigenous, white British people… which successive governments have done far too little to protect.” Vun deenen Befrootenen waren eng 43% déi gesoot hunn, dass sie zwar keng Sympathie fir d’BNP hätten, se awer missten unerkennen dass verschidden Suergen déi se hunn vun däer Partei scheinbar am beschten vertruede ginn.
12% soen dann dass se komplett mat der Politik vun der BNP averstaanen wieren, wären nemmen 38% dogéint sinn.

D’BBC kruut zenter dass d’Sendung ausgestrahlt gouf eng 350 Kloen, dorenner waren déi meescht géint d’BBC well déi zevill “bias” géint d’BNP gewierscht wären. Och den Nick Griffin selwer huet sech deno driwwer opgereegt an gefuerdert, dass hien nach eng Kéier soll ageluede ginn. Dës Kéier soll dann och w.e.g. iwwert d’Politik geschwaat ginn, iwwert bspw. den Streik bei der Post, déi héich Arbeschtslosegkeet etc. etc. D’BBC kéinnt ech mer virstellen wäert däer Propositioun wuel nogoen, well schliesslech kennen se lo net méi aanescht. D’Faschisten setzen lo am Boot, ob een dat well oder net.

A wéi soot den aktuellen Secretary of State for Wales Peter Hain, deen bis zum Schluss géint en Optrett vun der BNP gekämpft huet, op dës Nooricht hin:

„This is exactly what I feared and warned about. The BBC has handed the BNP the gift of the century on a plate and now we see the consequences. I’m very angry about this.”

Ech ka mech dem Rt Hon Peter Hain nemmen uschléissen.