Dat waat ech hei schons ugekennegt haat dass kéinnt geschéien, schéngt lo Realtitéit zesinn. Direkt no der Emissioun Question Time um BBC vun en Donneschten huet d’BNP (British National Party) eng 3,000 néi Memberen kritt. Demno war dat den erfollegräischsten Dag an der Geschicht vun dëser faschistescher Partei. Bis haut kruuten se am Ganzen eng 9,000 néi Memberen zenter dem Optrett vun en Donneschten.
Haut huet dunn eng Emfro vum YouGov dann och erginn, dass all 5 Britt “seriously consider” fir d’BNP bei den nächsten Wahlen well wielen. Ganz genee 22% stinn also méi oder wéineger hannert der Partei vum Nick Griffin. Domatter awer net genuch, well 4% hunn uginn “definitiv” fir d’BNP lo zewielen, 3% kennen sech virstellen fir fir se zestemmen an nach eng Kéier eng 15% soen dass et “méiglech” wäer dass sie sech fir d’BNP wäerten entscheeden bei den nächsten Wahlen hei am UK. Dat mecht no Adam Riese eng 44% vun de Britten déi net ofgeneigt sinn fir dës Partei zewielen.

Dir mengt domatter hätt et sech dann awer? Den Erfolleg hätt sech “a Grenzen” gehaalen? Nee. Net wirklech oder?
Méi wéi 50% (!) hunn uginn, dass den Nick Griffin schons Recht haat an dass een onbedengt mist “speak up for the interests of the indigenous, white British people… which successive governments have done far too little to protect.” Vun deenen Befrootenen waren eng 43% déi gesoot hunn, dass sie zwar keng Sympathie fir d’BNP hätten, se awer missten unerkennen dass verschidden Suergen déi se hunn vun däer Partei scheinbar am beschten vertruede ginn.
12% soen dann dass se komplett mat der Politik vun der BNP averstaanen wieren, wären nemmen 38% dogéint sinn.

D’BBC kruut zenter dass d’Sendung ausgestrahlt gouf eng 350 Kloen, dorenner waren déi meescht géint d’BBC well déi zevill “bias” géint d’BNP gewierscht wären. Och den Nick Griffin selwer huet sech deno driwwer opgereegt an gefuerdert, dass hien nach eng Kéier soll ageluede ginn. Dës Kéier soll dann och w.e.g. iwwert d’Politik geschwaat ginn, iwwert bspw. den Streik bei der Post, déi héich Arbeschtslosegkeet etc. etc. D’BBC kéinnt ech mer virstellen wäert däer Propositioun wuel nogoen, well schliesslech kennen se lo net méi aanescht. D’Faschisten setzen lo am Boot, ob een dat well oder net.

A wéi soot den aktuellen Secretary of State for Wales Peter Hain, deen bis zum Schluss géint en Optrett vun der BNP gekämpft huet, op dës Nooricht hin:

„This is exactly what I feared and warned about. The BBC has handed the BNP the gift of the century on a plate and now we see the consequences. I’m very angry about this.”

Ech ka mech dem Rt Hon Peter Hain nemmen uschléissen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. Et ass net der BBC hier Schold. D’BNP ass eng legal Partei, verschidden vun hiere Memberen hu Mandater, an domatter muss déi Partei déi selwecht Rechter zougesprach kréien ewéi all déi aner. Et ass deenen anere Politiker hier Schold. Ausser, dass si de Geck gemaach hunn mam Griffin, hunn si guer näischt gemaach. Si proposéieren keng Alternativen, verweigeren eng konkret Ausernanersetzung mat de ganz offensichtleche Problemer vun der Immigratioun an der domat verbonnener sozialer Tensioun, der Armut, der Gewalt, der sozialer Ongerechtegkeet an der Arbëchtslosegkeet a, wéi een op der Insel esou schéi seet, “they’re doing fuck all about it”. An dann kënnt ee Faschist an stellt de Leit een Schëllegen dohinner: den Auslänner. Dat huet beim Hitler geklappt, an dat klappt och beim Griffin. Net, well d’Gesellschaft näischt dobäi léiert, mä well et der Gesellschaft dreckeg geet an keen an der Regierung oder der Oppostioun hinnen eng konkret Léisung kann proposéieren geschweige denn Resultater bréngt.

    Reply

  2. > Ganz genee 22% stinn also méi oder wéineger hannert der Partei vum Nick Griffin. Domatter awer net genuch, well 4% hunn uginn „definitiv“ fir d’BNP lo zewielen, 3% kennen sech virstellen fir fir se zestemmen an nach eng Kéier eng 15% soen dass et „méiglech“ wäer dass sie sech fir d’BNP wäerten entscheeden bei den nächsten Wahlen hei am UK. Dat mecht no Adam Riese eng 44% vun de Britten déi net ofgeneigt sinn fir dës Partei zewielen.

    Bass de do sécher? Schéngt wéi wann déi 4% + 3% + 15% genau déi 22% sinn déi sech virstellen kéint d’BNP ze wielen … wéi kenns du op 44%? Hues du net die selwecht 22% 2x gezielt oder setzen ech lo um Schlauch?

    Wat de Recht ugeet, sou schléissen ech mech dem Thierry un!

    Reply

  3. @ Thierry
    Bon do sinn ech mer net ganz secher. D’BNP gouf net méi spéit wéi d’läscht Woch vru Gericht schelleg gesprach an huet missten hier “Constitution” änneren, well se virdrun kloër dra stoen haaten, dass sie nemmen reng rassesch, weiss Britten giffen ophuelen. Wéider Kloen géint d’Partei sinn ennerwee, an hei a Groussbritannien ass e jo zenter dem Terrorism Act net méi onschelleg bis dass ee schelleg gesprach gouf. BNP ass eng Partei, jo… trotzdem muss ech soen, dass et néirewou steet dass all Partei muss ageluede ginn. Wann een dat giff maachen muss een och all nach sou kléng Partei alueden, an dann natiirlech och Vertrieder vu Reliounen a Sportsclibb etc. etc., schliesslech sinn och Léit a Supporter déi do hannen deenen stinn.
    Dass jiddereen soll soen an denken waat e well: ok, mee muss een jidderengem eng Stemm op der grousser Bühn ginn: net onbedengt. Faschisten beispillswéis gehéieren fir mech definitiv net dohinner. Mee bon, ab elo sinn se dann wuel eng ‘richteg Partei’ mat enger gewesser Legitimitéit. Dofir huet de Griffin jo schons lo direkt den David Cameron zu engem TV Duell erausgefuerdert. A verschidde kléng Partei’en hu jo schons gemault well sie net wäerten bei den “Leaders’ Debates” dobäi sinn, tjo da kommt luede mer se all an och d’Faschisten a ginn hinnen domatter eng gratis Platform fir grousse Wahlkampf zemaachen, deen se sech soss praktesch net leeschte kennen. Mee mir dierfen eis herno awer net wonneren, wann trotz Geigenproposen vun aanere Parteien d’Nazi’en gewannen, well fir e Problem op den Auslänner zeschieben ass dat einfachst wat e ka maachen an déi meescht Menschen sinn eben wéi de Stroum a wielen eben emmer den einfachsten Wee. Dat gesäit een net nemmen an der Geschicht mee eben och aktuell a ville Länner op der Welt.
    An d’BBC huet jo awer och dat dreckescht Marktspill iwwerhaapt gedriwwen an stinn lo mat engem Score vun 8 Milliounen Zuschauer do. An bis op d’Fro iwwert d’Immigratioun déi den Justizminister Jack Straw net beäntwert huet (vielleicht mecht hien dat jo en Donneschten den Owend wann e bei eis op de Campus kennt ^^) ass d’Sendung iwwert d’BNP gewierscht. D’BBC huet kurz vrun der Sendung, wei d’Times och gescht geschriwwen haat, d’Spillregelen geännert, sou dass et am beschten nemmen iwwert d’BNP giff goen. Duerch dësen krassen “bias” vu Säiten vun der BBC géint d’BNP – deen ech secherlech als Antifaschist gudd fonnt hunn – huet d’Partei awer natiirlech Sympathiepunkten gesammelt, well et einfach normal ass, dass sech en Deel vun de Wieler dann op d’Säit vum ‘Schwachen’ stellt. An der BBC hiert Argument dass sie de Griffin nemmen agelueden hunn, well sie wollten “onparteisch” sinn, ass domatter och komplette Blödsinn. Dann hätten se net sollten Spillregelen kurz vrun der Sendung änneren an e Kampf géint déi Partei maachen.

    Reply

  4. @ Grommel
    Lo hues de mech ganz duercherneen gemaach. Demno wou ech kucke ginn, sinn d’Zuelen aanescht. -.-
    Ech hunn 44% geschriwwen, well eben 22% soen dass se „seriously consider [it]“, 4% soen dass sie “definitely consider [it]”, wéider 3% soen “probably consider [it]” a wéider 15% soen sie wäeren en “possible BNP voter.”

    Mee bon, eng aaner Zuel seet lo dass 66% gesoot hätten, dass sie defintiv net giffen fir d’BNP stemmen. An 34% wäeren sech nach net secher. Mat 34% vun de Stemmen – déi se awer wuel net wäerten kréien – wäer d’BNP iwwrengs déi 2. stärkste Partei.

    Mee… et schéngt wéi wann dat Ganzt wéi beim Lotto wäer “Alle Angaben sind wie immer ohne Gewähr.” Obwuel een natiirlech déi néi Memberen fir d’Partei an déi vill Spenden net dierf vergiessen. A souguer wann et nemmen 22% wäeren déi lo driwwer nodenken ass dat e ganz beonrouegent Resultat wéi ech fannen.

    Reply

  5. > A souguer wann et nemmen 22% wäeren déi lo driwwer nodenken ass dat e ganz beonrouegent Resultat wéi ech fannen.

    Absolut. Mee et ginn Grënn dofir. An eng ass die verfehlten Immigratiouns- resp. Integratiounspolitik an England. D’Krise spillt den Rattenfänger natierlech och an d’Hänn …

    Reply

  6. Vläicht sinn ech jo naiv, well ech net Politik studéieren, mä déi Leit, déi lo der BNP bäigetruede sinn, wäerten déi politesch Tendenz net réischt säit en Donneschdeg hunn. Ech fannen et super, dass se lo souvill nei Memberen kritt hunn, well dat déi ondefinéierbar Donkelzuel vu Leit, déi sech dem Lager ugezu fillt, lo e bësse méi reell schénge léisst. Lo ass et un de politesche Parteien sech kloer ze positionéieren, fir déi Leit vun deem Bord weg ze kréien, wat do virdrun net de Fall war.

    Wéi gesot, vläicht sinn ech nëmmen ze naiv fir déi parteistrategesch praktesch Iwwerleeungen, déi s du verfollegs novollzéien ze kënnen.

    Reply

  7. @ Grommel
    Definitiv. Dass d’Immigratiounspolitik hei a Groussbritannien falsch ass, wann een dovunner ausgeet, dass sou eppes iwwerhaapt hei existéiert, stemmt. Nierft der Finanzkriis huet och sëcherlech d’„expenses scandal” dozou beigedroen, an deem jo all gréisser Partei (Labour, Tories & LibDems) mat dran verweckelt waaren. :/

    @ Chris
    Ech sinn eigentlech ganz mat dir averstaanen. An natiirlech kann sech lo sou eng Partei och nach wéider obbauen, wann se a wéider Sendungen eben ageluede ginn. Waat jo och dem Griffin säin Ziel ass, dat haat hien virdrun sénger Partei jo gesoot. Eigentlech wéillt hien lo souvill “Mainstream” Politiker sinn wéi méiglech (hien huet jo bspw. bei QuestionTime behaapt, dass d’Hautfarw keng Roll giff spillen), fir vill Léit unzehéieren, deno wann se dann d’Medien “enner Kontroll hunn” kennen se ‘richteg’ schaffen. Natirlech hoffen ech dass dat net geschidd, mee et setzt awer lo, wéist du richteg sees, extrem groussen Drock op déi aaner Partei’en. Et kéinnt e scho baal soen, dass de UK iwwer Nuecht eng Zort 4 Partei’en System ginn ass mat Labour, Tories, LibDems an der BNP. Vun lo un mussen déi “3 Grouss” d’BNP am Hannerkapp hunn.
    Fir d’Wahlen d’nächst Joër glewen ech, dass et drop ukennt wei grouss de Prozentsatz vun de Wieler ass: gi vill Léit, wäert d’BNP wahrscheinlech keng grouss Roll spillen, gi wéineg gett d’BNP (a vielleicht d’UKIP) extrem staark. Mee bon, et ass jo och nach e puer Méint bis dohinner…

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s