Am Fréijoër 2008 haat d’BBC déi super Idee fir eng néi Sendung mam Numm “The White Season” an de Programm zesetzen. Wéi sie demols an hierem Communiqué matgedeelt haaten: „The White season features a series of films that shine the spotlight on the white working-class in Britain today.” Alleguerten d’Parteien hunn sech driwwer opreegt… alleguer? Nee, d’BNP (British National Party) war begeeschtert. Endlech giff mol een d’Suergen vun de Weissen an Groussbritannien eescht huelen. D’BNP haat der BBC direkt félicitéiert fir dee “grousse” Schrett.
E Joër méi spéit bréngt d’BNP et fäerdeg fir bei den Europawahlen 2 Setz zekréien. An déi éischt Léit hunn sech gefroot wéi dat dann nemmen konnt geschéien.
Baal 5 Méint méi spéit waar haut ee vun den 2 MEPs vun der BNP, hieren Leader den Nick Griffin, an der Politsendung “Question Time” um BBC. Firwaat? Dat kann een sech secher froen. Waat huet e Mann, deen den Holocaust leugnet an sou enger Sendung zesichen? Waat huet e Vertrieder vun enger Partei, déi behaapt dass den Hitler dat beschte wäer waat den Däitschen an den 30er Joëren konnt geschéien, an sou enger Sendung zesichen? D’BBC verteidegt natiirlech hier Entscheedung. An divers Léit dorenner Politiker hunn d’Décisioun gudd geheescht, well sou wäer et méiglech fir d’BNP richteg blous zestellen an zewéisen firwaat dass sie stinn. Eng gudd Idee?
Naja, ech muss dem aktuellen Inneminister Alan Johnson Recht ginn, deen d’läscht Woch hei behaapt huet:

I agree they should be confronted in argument. I did that all my life (…). There is no constitutional obligation to appear on Question Time and I won’t appear on this platform with the BNP. Why? Because on this platform… yes… next week will probably be about the BNP, and I agree (…) that it is good that we’re having a debate and pointing out what’s in their constitution. Next week it may be about the BNP, and the people on the panel might have the opportunity to have that debate, but you’re talking about now bringing them in, to be a legitimate political party… and a few weeks later it will be questions about schools [etc.] (…) and that gives them a legitimacy that they do not deserve.

Dass dee Schoss kann nohannen lass goen, wéisst schliesslech och d’Geschicht. Kommt mir ginn mol an d’Geschichtsbicher kucken:
1984 gett den Front National – nodeems se virdrun vun de Medien boykottéiert goufen, kaum méi Suen am Budget waren an eigentlech keng signifikant Wielerschaft haaten – vun der Antenne 2 (e vun den 3 grousse Fernsehsenderen a Frankräich) an d’Emissioun „L’Heure de Vérité” agelueden. De Jean-Marie LePen schwätzt haut nach gäeren wann en iwwert deen Optrett quasselt vun däer “Stonn déi alles verännert huet.” Den FN kennt direkt no der Sendung op 30,000 Memberen. Bei den Europawahlen 84 verdueblen sie hiere Score a kommen op 7%, bei de Wahlen a Frankräich souguer op 11% (dat sinn 2,2 Milliounen Stemmen!). D’Erfolleggeschicht geet sou weit weider dass den Jean-Marie LePen 2002 als éischten rietsextremen Presidentschaftskandidat an den zweeten Tour vun de Wahlen kennt.
Nach net ganz kloër waat ka geschéien? Nee?
Kommt mir ginn ob Lëtzebuerg. Do setzt den adr jo och emmer mat um Desch a wann net da probéieren verschidden aaner (Jugend)parteien fir se mat ob den Desch zehuelen. Ok. Dës Kéier ginn ech awer net ganz weit zereck, well ech fir e vun den schrecklechste Beispiller net all zewäit muss siche goen. Am Mee 2009, trett den Ralph Hellinckx bei RTL.lu op an d’Internauten kenne Froen eraschecken, deno ass dee Member vun der rietsextremer adr (resp. adrenalin) e Star zu Lëtzebuerg. Praktesch jiddereen huet de ganze Video (oder d’Zusammefassung) gekuckt. De 7. Juni gett den Ralph Hellinchx den 3. Gewieltenen op der adr Lescht am Zentrum. Hien muss sech um Enn nemmen dem Députéierten Jacques-Yves Henckes an dem Generalsekretär Roy Reding geschloe ginn. Sëcherlech kee schlecht Resultat waat hien gemaach huet, oder soe mer: secherlech extrem vill Léit déi hien gewielt hunn.

Dass déi Idee fir Politiker vun enger rietsextremer Partei op esou eng öffentlech Plattform anzelueden méi wéi nohannen goe kann, dierft domatter bestätegt sinn. An och hei am UK ass d’Saach wuel nohannen lass gaangen, no der Sendung sinn d’Quoten vun der BNP fir bei nächste Wahlen d’nächst Joër dobäi zewannen kräfteg an d’Luut gaangen.

Ier d’Sendung vun haut awer iwwerhaapt konnt opgeholl ginn, si d’Léit massiv op d’Stroos gaangen. An zumools déi Jonk. D’Police war eigentlech komplett iwwerfuerdert, waat een tip top an dësem Video hei gesäit. Wéi eng 1000 Protestanten sech vun dem grosse Demonstratengrupp, dee vrun der Haaptentrée vun der BBC stoung, fortgaangen sinn fir d’Stroos zespäeren (et handelt sech hei bei em d’Wood Lane waat eng Haaptstroos ass a wou Owes nawell vill Verkéier ass), hunn d’Polizisten sech schéin propper e beemol an d’Stroos gestallt fir datt dat Ganzt sech net wéider “ausbreet.” Wou een sech erem freet: firwaat? D’Stroos war gespaart, d’Autoen a Busser sinn net duerchkomm. D’Ziel vun de Protestanten war erreecht. Huet ee gemengt, dass d’Police nemmen 1 Fehler gemaach hätt, huet e falsch iwwerluecht: vun däer aanerer Säit – do wou d’Autoen eben am ‘Stau’ stungen – koumen wéider “nei” Protestanten un. D’Police war fir e puer Momenter vun den Demonstranten ageschloss. Domm gaang!

london
Nix geet méi! Protestanten leen fir e kurze Moment den Traffic laam!

Obwuel een jo muss soen, dass ech schons vun der Police erstaunt sinn. Schliesslech liewe mer jo hei a Groussbritannien an engem eenzeg grousse Prisong. Alleguerten d’Freiheeten déi et zenter dem Zweete Weltkrich fir d’Bierger gi sinn, goufen an de läschten Joër ofgeschaaft. Wéinst dem Terrorismus. Wéinst dem “Terrorism Act” kann d’Police zum Beispill och einfach esou eng Persoun no hieren Donnéen froen (wéi se heescht, wou se wunnt, wéini dass se gebuer ass) an jo et well een schon sou wäit goen, dass e Kanner schons vrun der Gebuert well vrun enger Famill well ewech huelen, wann déi zevill ‘terroristesch’ ass. (Dat huet de gudden Tony sou gesoot: vrun der Gebuert!) E genialen Dokumentarfilm doriwwer ass Taking Liberties deen der ierch hei kennt ukucken. (De Film ass net nemmen empfehlenswert, well e weist waat en Tony Blair un der Spetzt vun enger EU kéinnt maachen.)

Déi gréissten Unzuel vu Protestanten haut dierften och wuel déi Jonk ausgemaach hunn. Et war och gréisstendeels Jonker deenen et gelongen war fir laanscht d’„Secherheetsmesüren” zekommen an d’Gebei vun der BBC zestiermen. Am Nometten waren et gréisstendeels Studenten vun den Unien zu London déi sech schons op de Wee Richtung BBC Gebäi gemach hunn, méi spéit koumen dunn Busser mat Studenten aus dem ganze Land, sou zum Beispill och vun der Sussex University un. D’Protestanten hunn dann och emmer schéin “We’re black, white, Asian and Jew, BBC shame on you” am Chor geruff. An déi déi net de Wee bis op London wollten oder konnte maachen, hunn sech op aanere Plaatzen am Land getraff, sou zum Beispill vrum Gebäi vun der BBC zu Hull oder vrum Gebäi vun der BBC Wales zu Cardiff.
Hei zu Birmingham goufen dann och verschidden Ziedelen ausgedeelt mat der Opfuerderung un d’Studenten, déi eng TV Lizenz hunn, de Programm haut den Owend net zekucken, an am beschten hier TV Lizenz zeverbrennen. Et soll een net hellefen fir Nazi’en finanziell z’ennerstetzen. E Mann huet dann och wéi een op dësem YouTube Video gesäit séng “TV Lizenz” bei de Protester verbrannt. Scheinbar war déi Idee duerch d’ganzt Land gaang. Hehe. [Déi Ziedel goufen net vun der offizieller Säit vun der Uni ausgedeelt!]

london
Protestanten vrun der Haaptentrée vum BBC Television Centre [via]

Et gett jo ganz oft behaapt, dass ee muss fäerten dass déi Jonk op Rietsextremer erafaalen, well déi jo schliesslech den Zweete Weltkrich net materliewt hunn. Dat soen jiddefalls déi Generatioun, deenen hier Elteren de Krich eigentlech richteg matkritt hunn an sie net allzevill oder souguer guer näischt. Da stellt een sech natiirlech froen wann da grad déi Generatioun higeet, déi hier Elteren vielleicht am Krich verluer hunn, an esou Léit, déi einfach nemmen krank am Kapp sinn, eng Plattform fir sech wéider auszebreeden gett. Zumools d’Unzuel vu Studenten léist hoffen a wéisst der eelerer Generatioun definitiv, dass mer an enger néier Welt liewen. Déi Jonk sinn do, hunn d’Welt eigentlech lues a lues schons ennert hierer Kontroll. Déi eeler Generatioun huet 2 Méiglechkeeten: entweder sie maache mat, huelen eng Biischt fir deen Dreck, deen se iwwerall gemaach hunn, mat op zebotzen, oder sie setzen sech weider an de Canapé a schloofe wéider. Mee wann der mol rem eng Kéier erwescht, soot w.e.g. net “fréier war alles besser”, well dat waar et net. Déi Welt déi dir eis iwwereescht hutt ass eng Welt an däer kee well liewen, an an däer och keen et verdengt huet fir zeliewen. Nazi’en kréien eng öffentlech Plattform. Fir d’éischt de Klimawandel verursacht, an elo kennt jhust warm Loft aus dem Mond vu villen eeleren Léit. Fir d’éischt déi gréissten Bankekriis zenter den 30er Joëren gebaut, dunn riese Scholden op äer Kanner iwwerdroen. Fir d’éischt Afrika nemmen ongäeren entkolonialiséiert, dunn trotzdem wéider ausgebeut a verhongere geloos.
Eigentlech ass et jo esou dass eng Generatioun emmer soll der nächster eng besschen besser Welt iwwerloosen. Tjo, äer Generatioun huet nawell zimlech gudd gerascht. Hu profitéiert, gudd geliewt an zimlech vill Blödsinn a Knascht gemaach…

also… “grab a mob and help us clean up this mess!”

P.S. E Video vun 7 Minutten iwwert d’Protester kennt der ierch hei bei Guardian.co.uk ukucken.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

5 Comments

  1. Hues de QuestionTime gekuckt?

    Däi Beispill mam Ralph Hellinckx ass schlecht gewielt, LuxPRivat huet vill Reklamm fir hie gemaach, an denk drun, watfiree Familjennumm hien huet. Do kommen d’Stëmmen hir. Net duerch säin Internetoptrëtt.

    Reply

  2. Jo, awer net “live.” Just fir kurz fir jidderengem z’erklären a wéi engem Context een dësen Post muss kucken. Ech hunn net gebloggt a gläichzeiteg d’QuestionTime gekuckt. Ech war zu deem Zeitpunkt nach an enger ‘Setzung’ op däer mer den LibDems MP Lembit Öpik als Gaascht haaten. Du sinn ech heem komm, hunn dee Post hei geschriwwen, probéiert zeschlofen waat mer alt erem net gegleckt ass, an sou hunn ech dunn d’QuestionTime an der Nuecht gekuckt.
    Net awer well ech dat Ganzt giff ennerstetzen, mee well ech als Politikstudent glewen dass ech et hu misste kucken an daat net nemmen well haut natiirlech ennert Kollegen driwwer geschwaat an diskutéiert gouf. Dass den Nick Griffin fäerdeg gemaach gouf, fannen ech jo och gudd Chris, trotzdem war dee Schrett vun der BBC menger Meenung no net de Richtegen. Eischtens sinn wéi d’Partei schons matgedeelt huet, zimlech vill Spenden an de läschte Stonne erakomm an zweetens mussen se elo méi regelméisseg ageluede ginn, well se eben eng gewessen Legitimitéit kruuten.
    Vielleicht war d’Beispill vum Ralph Hellinckx net gudd, awer d’Beispill vum Front National ass awer dofir vill méi dowäert. 😉

    Reply

  3. Also bei deem Meeting mam Öpik hu mer eben och iwwert d’Imigratiounspolitik geschwaat an wéinst der Aktuallitéit waat fir Auswirkungen den Optrett vun der BNP kéinnt hunn. 😉

    Reply

  4. […] Oktober 24, 2009 at 5:45 | In Emfro, Innenpolitik, UK | Leave a Comment Dat waat ech hei schons ugekennegt haat dass kéinnt geschéien, schéngt lo Realtitéit zesinn. Direkt no der […]

    Reply

  5. […] Reformen duerchzesetzen.“ an hunn dëst am Laaf vun der Zäit emmer erem wiederholl [1, 2). De Bobby Kennedy soot vrun iwwer 40 Joër schons zu engem Grupp Studenten, déi an enger […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s