Oppenen Bréif

Happening Now: Sen. Snowe ass dobäi, e Climate Change Gesetz an méi Truppen an den Afghanistan

Hach ech wollt emol mol eng Kéier Wolf Blitzer spillen an “Happening Now” op mäi Blog schréiwen ^^ Haut huet d’Madame Senatorin Snowe vu Maine (R) bekannt ginn, dass sie wäert fir den Health Care Project vum Barack Obama stemmen. Dat ass eng zimlech wichteg Stemm, och wann d’Sen. Snowe seet dass sie net dat Gesetz net 100% gudd giff fannen, mee et wäer dat Bescht wat momentan eben méiglech wäer. Tjo, hier Partei huet jo och nach keng Alternative bruecht. Vrun méi wéi 100 Deeg haaten d’Republikaner gesoot dass sie eng Géigenpropositioun maachen, souguer haut léit déi nach emmer net um Desch. D’„Party Of No” an ‘hieren’ Fernsehsender FOX kréien dann och vum Weissen Haus eng staark Oppositioun gemaach. D’Weisst Haus attackéiert öffentlech e Fernsehsender. Boah… wéi d’Politik sech kann vun haut op muer veränneren…

Aaner Saach ass do dann och nach den Climate Change Bill, deen vun de Senatoren Kerry a Boxer geschriwwe gouf. Et ginn dann och scho gudd Grenn firwaat dass dat Gesetz wäert duerchgoen:
1. mam Support Sen. Graham ass e Key Republican op hierer Säit
2. Ganzer 77% vun den Amerikaner glewen dass hier Regierung muss eppes a Saachen Klimaschutz maachen
3. Copenhagen kennt no Oslo

Also misst wéinst dem 3. Punkt dem Obama säin Weisst Haus esou e Project gudd fannen. Trotzdem war virdrun den John Kerry beim President, well „there’s no way to negotiate a bill like this without the involvement of the Administration that they’ve promised – and they’ve been producing. If we’re going to talk about oil and gas, we need to know that the Administration will sign off.”
Den David Axelrod (Senior Advisor to the POTUS) soot dann och schons dass hiert Team schons mat 100 Buergermesschteren geschwaat an eng 50 Climate Change Events ofgehaalen huet. Trotzdem schéngt dëse Besuch eppes zesoen, vielleicht well d’Weisst Haus e Climate Change Bill, mee vielleicht réischt an 13 Méint… no den Midterms. Mee am Dezember geet de President fir d’éischt op Oslo säi Friddensnobelpräiss sichen, déi Woch drop op Copenhagen op de Sommet an d’Welt kuckt ganz genee no. (Uni Birmingham och… méi dozou Enn November/Ufank Dezember ^^)

Eppes wou d’Welt och nokuckt ass séng Entscheedung iwwert den Afghanistan. Anscheinend well den President Obama nach méi Truppen dohinner schecken wéi bis ewell iwwerhaapt ugeholl gouf. D’Welt an d’USA… jo dat sinn ganz oft 2 verschidde Saachen. (Ech iergere mech haut souguer nach emmer greng a giel wann ech op YouTube Kommentare gesinn vun vrun der Wahl mat “Please vote for Obama. The US needs to vote for change.” an “Welcome back USA” an “Europe really wants you to vote for Obama. Please, vote for change.”) En interessant Zitat vu mengem “Kolleg” David Gergen iwwert déi Relatioun am Context vum Friddensnobelpräiss, engem gudd ugesinnen amerikanesche President am Ausland an dem Afghanistan Krich:

[…]All my experience in the White House points the idea that if an American President is popular in publics overseas, it strengthens his hands in negotiation and diplomacy. But let me say this, it complicates it back home. In this sense, on Afghanistan: if he makes a decision now not to […] go for a big troop increase, he will immediately be attacked for playing to the European audience. […]
(AC 360° – 9. Oktober 2009)