Hach ech wollt emol mol eng Kéier Wolf Blitzer spillen an “Happening Now” op mäi Blog schréiwen ^^ Haut huet d’Madame Senatorin Snowe vu Maine (R) bekannt ginn, dass sie wäert fir den Health Care Project vum Barack Obama stemmen. Dat ass eng zimlech wichteg Stemm, och wann d’Sen. Snowe seet dass sie net dat Gesetz net 100% gudd giff fannen, mee et wäer dat Bescht wat momentan eben méiglech wäer. Tjo, hier Partei huet jo och nach keng Alternative bruecht. Vrun méi wéi 100 Deeg haaten d’Republikaner gesoot dass sie eng Géigenpropositioun maachen, souguer haut léit déi nach emmer net um Desch. D’„Party Of No” an ‘hieren’ Fernsehsender FOX kréien dann och vum Weissen Haus eng staark Oppositioun gemaach. D’Weisst Haus attackéiert öffentlech e Fernsehsender. Boah… wéi d’Politik sech kann vun haut op muer veränneren…

Aaner Saach ass do dann och nach den Climate Change Bill, deen vun de Senatoren Kerry a Boxer geschriwwe gouf. Et ginn dann och scho gudd Grenn firwaat dass dat Gesetz wäert duerchgoen:
1. mam Support Sen. Graham ass e Key Republican op hierer Säit
2. Ganzer 77% vun den Amerikaner glewen dass hier Regierung muss eppes a Saachen Klimaschutz maachen
3. Copenhagen kennt no Oslo

Also misst wéinst dem 3. Punkt dem Obama säin Weisst Haus esou e Project gudd fannen. Trotzdem war virdrun den John Kerry beim President, well „there’s no way to negotiate a bill like this without the involvement of the Administration that they’ve promised – and they’ve been producing. If we’re going to talk about oil and gas, we need to know that the Administration will sign off.”
Den David Axelrod (Senior Advisor to the POTUS) soot dann och schons dass hiert Team schons mat 100 Buergermesschteren geschwaat an eng 50 Climate Change Events ofgehaalen huet. Trotzdem schéngt dëse Besuch eppes zesoen, vielleicht well d’Weisst Haus e Climate Change Bill, mee vielleicht réischt an 13 Méint… no den Midterms. Mee am Dezember geet de President fir d’éischt op Oslo säi Friddensnobelpräiss sichen, déi Woch drop op Copenhagen op de Sommet an d’Welt kuckt ganz genee no. (Uni Birmingham och… méi dozou Enn November/Ufank Dezember ^^)

Eppes wou d’Welt och nokuckt ass séng Entscheedung iwwert den Afghanistan. Anscheinend well den President Obama nach méi Truppen dohinner schecken wéi bis ewell iwwerhaapt ugeholl gouf. D’Welt an d’USA… jo dat sinn ganz oft 2 verschidde Saachen. (Ech iergere mech haut souguer nach emmer greng a giel wann ech op YouTube Kommentare gesinn vun vrun der Wahl mat “Please vote for Obama. The US needs to vote for change.” an “Welcome back USA” an “Europe really wants you to vote for Obama. Please, vote for change.”) En interessant Zitat vu mengem “Kolleg” David Gergen iwwert déi Relatioun am Context vum Friddensnobelpräiss, engem gudd ugesinnen amerikanesche President am Ausland an dem Afghanistan Krich:

[…]All my experience in the White House points the idea that if an American President is popular in publics overseas, it strengthens his hands in negotiation and diplomacy. But let me say this, it complicates it back home. In this sense, on Afghanistan: if he makes a decision now not to […] go for a big troop increase, he will immediately be attacked for playing to the European audience. […]
(AC 360° – 9. Oktober 2009)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Wéivill Lëtzebuerger verstinn eigentlech vun wats du schwätzt (oder interesséieren sech dofir)?

    Ech perséinlech interesséieren mech vill fir amerikanesch (Innen-)Politik, mee ech huelen jo wuel un, domadder si ech (oder mir) an der Minoritéit …

    PS. Schon déi nei (a lächerlech) gop.com gesinn? Kuck der mol déi Gesiichter un, déi d’Party anscheinend repräsentéieren soll, lol! Mir gefällt jo och deen faken an lächerlechen Hip-Hop-Wannabe Präsident vun der GOP, Michael Steele, super gutt … allerdëngs repräsentéiert hien d’GOP gutt duerch seng Kompetenz …

    Reply

  2. Firwat iergers du dech iwwer déi Kommentaren ënner Youtube-Videoen, wann s du näischt anescht hei gemaach hues?

    Reply

  3. @ Grommel
    Wann ech mer meng Blog-Statisitken ukucken, schéinbar vill. A well bis lo eng 80-90% vum Feedback deen ech fir dëse Blog kritt hunn – vu Léit déi ech kennen bis hin zu Léit déi ech net kennen, déi mer eng Mail gescheckt hunn – iwwert d’amerikanesch Politik geet, an dee Feedback bis lo baal emmer gudd ausgefall ass, woen ech lo mol zesoen, dass ech do eng “Marktlück” entdeckt hunn. ^^
    An déi eenzeg Saachen, déi an dësem Post net erklärt sinn, sinn eigentlech ween de Wolf Blitzer ass a ween den David Gergen ass. Wann een awer “Iwwert mech” gelies huet, kennt een déi 2 awer. Mee egal, de Wolf Blitzer ass e Journalist vu CNN (deen e.a. an de Clinton Joëren den White House Chief Correspondant vun CNN war), an den David Gergen ass e fréieren politesche Beroder vun de Presidenten Nixon, Ford, Reagan, Bush Sen. a Clinton an aktuell schafft hien an der “Harvard John F. Kennedy School of Government” an eben heiandsdo bei CNN als Expert. Oh… jo an “AC 360°” esou heescht d’Sendung an däer hien dat gesoot huet. Eng Sendung vum Anderson Cooper (ebenfalls CNN), déi vun 3 bis 4 Auer an der Nuecht lëtzebuergescher Zäit um CNN International iwwerdroe gett.

    GOP: Jo. Mee obwuel verschidde Gesichter nawell … ehm… speziell… sinn, ass et zumools e Schrett Richtung Midterms. Wahrscheinlech wäerten sie sech 2010 eben als déi Partei mam richtegen “Change” dohinner stellen, déi op d’Léit lauschteren. Genau sou haat dat jo och schons 1994 geklappt. Mol kucken… 🙂

    Reply

  4. @ Chris

    Wann ech hei op mengem lëtzebuergeschen Blog fir den Obama schréiwen ass dat awer eppes aaneschteres wéi wann ech bei Amerikaner higinn a soen “du muss deen elo wielen. dat ass besser fir dech.”
    En plus, schued een domatter nemmen ‘sengem’ Favorit. Wanns du zum Beispill bei den nächste Wahlen willst den Luc Frieden als Premier wielen, an da kommen vrun der Wahl vill Däitscher a Franzousen op déi Blog a soen dir, dass du de Frieden sollst wielen, well dat besser fir dech wäer. Giffs e en dann nach wielen? Oder ännerst de deng Meenung, wells de denks dass de Frieden eischter fir déi Däitsch oder d’Franzousen oder d’Heckefranzousen wäert schaffen, well déi jo sou hannert him stinn. [Note: dat Ganzt ass natiirlech reng hypothetesch gemengt. ;)]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s