De folgende Post ass entsprecht net direkt menger Meenung an ech glewen, dass Krich zu all Zäitpunkt muss probéiert ginn zeverhenneren. Mee eppes interessantes fällt engem schons op wann een op Kricher kuckt.

Fänke mer beim John F Kennedy un. Hien haat wuel déi gréissten Meiglechkeet fir an en direkte Krich géint d’Soviets zezéien, huet awer eng “diplomatesch” Léisung fonnt. Dat war am Oktober 62. Am Juni 1963 gett hien eng historesch Ried iwwert ‘World Peace.’ Am November ’63 gett hien erschoss. Deen laut rezenten Emfroen 6. beleiwsten US President iwwerhaapt haat kuerz virdrun ugeuerdnet fir eng 1,000 Mann aus dem Vietnam erauszehuelen.

Den LB Johnson gett President. An nemmen e puer Deeg noom Mord um JFK veto’t hien deem säin Reckzuch aus dem Vietnam. De Faite dass hien 1968 net erem gewielt gouf léit wuel net drunn dass hien kee Krich gefouert huet, mee wéi hien mat der amerikanescher Bevölkerung an de Medien driwwer geschwaat huet a iwwert déi aktuell Situatioun gelunn huet. Wéi den RFK dunn an d’Rennen em d’Nominatioun gaangen ass war d’Democratic Party sou zerstridden dass den Johnson for the sake of it sech zreck gezunn huet.

Den Bobby Kennedy war de grousse Kandidat a keen, wirklech keen, huet geduercht dass hien net giff d’Renne maachen a President ginn. Och wann hien deen éischte Kennedy war deen eng Wahl verluer huet (Primary zu Oregon) esou waar zumools de Support vun de Jonken ob sénger Säit. Déi Jonk wollte kee Krich an et war déi Platform déi den Bobby benotzt huet. Mat him als President hätt de Vietnam Krich en Enn. Am Juni 1968 gett hien erschoss.

Den Nixon gett President. Loose mer deen emol aussenfir well do aaner Saachen geschidd sinn (Watergate).

Als nächst koum den Gerald Ford. De Ford setzt sech wéider fir d’Entente am Kaale Krich an. Am Mäerz 1975 schréiwen 76 US-Senatoren him e Bréif an deem sie fuerderen dass d’USA hierem Partner Israel eng 2,85 Milliarden US Dollar fir d’Militär an d’Economie léinen. De Ford ass beonrouegt a bréngt et fäerdeg d’Sinai Interim Agreement teschend de Staaten opzebréngen. Kee Krich. Am Dezember 1975 besicht de President Ford mat China e kommunistescht Land. De Ford gewennt d’Nominatioun fir d’Republikanesch Partei géint den Ronald Reagan knapps a verléiert am November 76 d’Wahlen.

Den Jimmy Carter gett President. Den Jimmy Carter bréngt SALT II, en Friddensvertrag teschend Israel an Ägypten, d’Camp David Accorden an e “gréngt” Weisst Haus mat Solarenergie. Séng Beméihungen fir Diplomatie a kee Krich zeféieren sinn zu Enn wéi am Iran Amerikaner als Geisel geholl ginn. Séng “Äntwert” geet schief an hien gewennt zwar knapps d’Nominatioun vu sénger Partei géint den Teddy Kennedy, mee muss sech dem Republikaner Reagan geschloe ginn.

De Reagan gett also President. D’Soviets waren rem déi beiss an en “evil empire.” Et gett rem Milliounen a Milliounen an d’Militär gestach. Jo, souguer den Iran kritt finanziell eng Ennerstetzung. Obwuel zur gleicher Zait deen am Krich ass mat hierem Partner dem Irak, deen och ennerstetzt gett. Grad esou kréien Israel, Taiwan an Saudi Arabien déi passend militäresch Ausrüstung. De Reagan gewennt 1984 séng Wiederwahl.
Dunn war alles gedoen an et konnt een gemittlech mam Gorbachev iwwert d’Enn vum Kaale Krich diskutéieren.

1988 kennt den George H.W. Bush un d’Muecht. Den 1. Oktober 1990 ass den fréieren Partner de néie Feind. Den Irak em den Saddam Hussein gett attackéiert. Mee dee “groussen” Kaale Krich ass eriwwer, dat grousst Feindbild ass fort. D’Economie gesäit och net gudd aus.

An no 4 Joër kennt 1992 den Demokrat William Jefferson Blythe III. (haut bekannt als Bill Clinton) an d’Weisst Haus. 1993 kennt et zu engem Kampf am Somalia, 95 geet d’USA mat der NATO an de Krich a Jugoslawien eran. 1996 gett de Bill Clinton erem gewielt.
1998 kennt d’Al-Qaeda an d’Spill wéi sie an Afrika Amerikaner embréngen. De Krich am freiren Jugoslawien geet wéider. Och 98 warnt den Bill Clinton a sénger State of the Union Ried d’Amerikaner vrun engem nuklearen Irak mam Saddam Hussein a bombéiert am Dezember 98 während 4 Deeg den Irak. Dëst nodeems hien mat engem Gesetz am Oktober ’98 en “regime change” am Irak ‘gefuerdert’ huet. An jo de Bill Clinton probéiert souguer den Bin Laden zefänken, ouni Erfolleg. De Bill Clinton geet vill Militärasetz aus dem Weissen Haus, dëst mat 65% ‘Approval Ratings’, deen heechsten fir e President zenter dem 2. Weltkrich.

2000 gett rem gewielt. Den Al Gore benotzt den Bill Clinton a sénger Campaign awer guer net a verléiert géint den George W. Bush.
Den 11. September geschidd an d’USA ginn an de Krich géint den Terror a géint den Afghanistan. Eng “axis of evil” entseet. Am November 2001 probéiert d’Bush Administration dat fäerdeg zemaachen waat dem Bill Clinton net gelongen ass. Den Donald Rumsfeld kennt mat engem Plang fir en “regime change” am Irak. An 2003 geet et dann eben an deen Irak, dem Papa an dem Bill säi Krich fäerdeg maachen. 2004 gewennt de Bush d’Wahlen.
2005 probéiert hien de Fridden am Noen Osten zekréien, scheckt awer deno wéider Truppen an den Irak. Um Enn vu sénger 2. Amtsperiod setzt hien sech d’Ziel eng friddlech Welt ze hannerloosen an seet souguer dass et un der Zäit wier fir d’Truppen ofzezéien.

2008 gewennt den Barack Obama d’Wahl. Am Januar 2009 beschléisst hien Guantanamo an den nächsten 12 Méint zouzemaachen a kuerz drop setzt hien e Plang op fir sech aus dem Irak zereck zezéien. No sénger Ried zu Berlin, fuerdert hien och um Sommet vun der NATO, a méi spéit um UN Sommet eng Welt ouni Atomwaffen. Am Oktober 2009 kritt hien de Friddensnobelpräiss zougesprach. (Firwaat net?).
An elo muss hien sech d’Fro stellen ob hien méi Truppen an den Afghanistan scheckt – eppes waat hien a sénger Campaign gesoot haat dass hien giff maachen – oder dach net. Mäin kléngen Historic hei giff eigentlech wéissen, dass wann een well 2 Amtsperioden maachen een scheinbar d’Militär net dierf vergiessen…

„No war, no money. The organizing principle of any society, Mr. Garrison, is the war. The authority of the state over its people resides in its war powers.” (Mr. X to Mr. Garrison, JFK (movie))

„A prince must not have any other object nor any other thought . . . but war, its institutions, and its discipline; because that is the only art befitting one who commands.“ (Machiavelli, The Prince)

(Wéi gesoot ech well heimatter keng “positiv” Stellung zu Krich(er) huelen, mee einfach e ‘Problem’ vun eiser Gesellschaft obwerfen.)

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s