Et gett emmer méi kloër dass hei a Groussbritannien d’nächst Joër wuel e ganz knapps d’Rennen wäert kommen. Momentan haalen sech déi Konservativ bei eppes méi wéi 10% Virsprong op Labour. Dat ass net d’Welt. 43% vun de Briten soen dass den David Cameron (Leader vun de Konservativen (Tories)) net ‘in touch’ mat hiere Problemer ass, während 38% de Geigendeel behaapten. 43% behaapten dann awer dass den David Cameron glaawierdeg ass, während 35% vun de britesche Bierger him net vertrauen.
Wann een d’Partei am Ganze kuckt, gesäit et nach méi schlemm aus. 50% soen d’Tories wieren ‘out of touch’ an 45% soen dass sie den Tories net vertrauen.
Dat gesäit net grad no engem Bounce an den Emfroen aus, deen den Professor Michael Thrasher nach den Tories souzesoen als “d’Ziel” vun hierer Conference gesaat haat. Hien behaapt dann och dass “Labour may not win the election but that does not mean that the Conservatives will.” Waat een eigentlech kann iwwersetzen, dass den schons als Verléierer deklarréierten Brown d’Wahlen ka gewannen. Hien huet jo lo och endlech ‘Jo’ zu den Debatten gesoot. A wann een sech dat Ganzt ukuckt gesäit et net deno aus wéi wann eben fir d’Tories d’Saach an dreschenen Discher wäer (click hei).
A wéi ech hei schons geschriwwen haat, wann Labour richteg kämpft an den nächste Wochen a Méint, an sech de Premier Brown net als klengen domme Jong duerstelle léisst, mee “Offence” spillt an den David Cameron attackéiert, je… da kann et sinn, dass den Brown an der Downing Street 10 bléiwt. Obwuel ech momentan domatter rechnen, dass sech bei deenen Wahlen d’nächst Joër zumools déi “kleng” an zumools déi rietsextrem Parteien verbesseren wäerten an am Eechtfall déi entscheedent Stemmen kennen hunn.
Do probéiert den David Cameron dann schons fir eng Méiglech Koalitioun mat deenen Liberalen opzebauen, also eng Relatioun mat hinnen. Eischten Aussoen no huet sech d’Parteiféierung vun de LibDems awer net richteg ugesprach gefillt an den Nick Clegg huet a sénger Äntwert geschriwwen: Sorry, David Cameron, we won’t join in cynical calls for fake change. An d’Ausso vum David Miliband (aktuellen briteschen Ausseminister an emmer-nees-hopeful fir dem Brown séng Nofolleg) op der Conference vu Labour, kéinnt nawell och als Untaschten geduercht sinn. Den David Miliband haat do nämlech eng Reform vum briteschen Wahlsystem ennerstetzt, dat vum Nick Clegg an engem Guardian Artikel gefuerdert gouf. Do kritt d’Ausso vum Brown dass hien zumools den David Cameron an e puer Debatten – am léiwsten schons vrum Wahlkampf – wéillt debatéieren an dem Cameron wéillt deem séng Grenzen opwéisen, och eng aaner Bedeitung. D’LibDems kéinnten zum Kingmaker d’nächst Joër ginn. Mee wellen sie dat iwwerhaapt? Tjo, den Nick Clegg well selwer Premier ginn an huet op senger Conference séng Campaign dofir souzesoen gestart:

An da so mol een d’Wahlen hei am UK giffen net spannend ginn. Dat ass eng Campaign op déi ech mech freeën. Dat ass wéinstens e Wahlkampf, net wéi deen zu Lëtzebuerg oder deen an Däitschland.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

3 Comments

  1. Holà,

    …waat dem “David C.” feehlt…? Een “twin-brother” vum “Alastair Campbell”…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Definitiv 🙂

    Reply

  3. […] do kann ech dann nemmen op e Post vu mir, deen ech am Oktober geschriwwen haat, verwéisen: “Kann Labour d’Wahlen nach gewannen?“ Oooh déi nächst Wochen ginn de Glanz […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s