Geschter ass Däitschland méi liberal ginn an elo gesäit et deno aus wéi wann déi Liberal hei a Groussbritannien ebenfalls kéinnte féieren. No däer duerchwuessener Conference an enger duerchwuersener Ried vum Leader Nick Clegg gesinn néi Emfroen d’Liberal Democrats vrun der aktuell regéierender Labour Partei vum Gordon Brown! Laut der néister Ipsos Mori Emfro gesäit et elo esou aus am UK:

Conservatives (Tories) mat 36% ( -7%)
Liberal Democrats (LibDems) mat 25% ( + 8%)
Labour mat 24% ( -2%)

Dëst ass fir déi eischte Kéier zenter 1982 dass déi Liberal vru Labour léien. De Gordon Brown séng Reaktioun doropper? Laut Sky News well hien um TV Debat vrun de Wahlen d’nächst Joër elo deelhuelen. Als Erennerung: de britesche Fernsehsender huet d’Leaders vun den 3 grousse Partei’en zu engem TV Debat agelueden, bis ewell hunn awer nemmen den David Cameron (Tories) an den Nick Clegg (LibDems) zougesoot. Sollt den Premier Brown net deelhuelen, esou wäert hien duerch en eidelen Stull representéiert ginn. Dat huet Sky News bekannt ginn.
Dat kann natiirlech net geschéien an dofir soll anscheinend den Gordon Brown an sénger Conference Speech séng Participatioun bekannt ginn. Waat awer maachen géint déi emmer méi staark Liberal Demokraten? Ganz einfach seet sech de Premier. Hien well laut der BBC gréisstendeels d’TV Debatten (Jo, Mehrzahl!) mam David Cameron maachen OUNI den Nick Clegg. Clever, sou vergesst vielleicht en Deel vun de Léit d’Liberal Demokraten oder vielleicht och net. Dat aktuellsten Beispill dierft do Däitschland sinn. Déi “kléng” Parteien waren net beim groussen TV Duell dobäi an hunn sech geiergert a gewiert an d’Konsequenz ass haut bekannt. Natiirlech kann een d’Wahlen an Däitschland net mat deenen am UK vergläichen, mee ob dat déi richteg Taktik ass vu Labour? A schliesslech hunn d’LibDems mam Vince Cable, deen éischten Mann am UK (an an Europa) dee vrun dëser Kriis gewarnt huet an dunn vun de Sozies an de Gréngen bis hin zu den Konservativen ausgelaacht gouf, nach en Ass am Ärmel.

Egal wéi déi Liberal kréien jiddefalls dëser Deeg vill zeféieren. 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s