Et kann een dem Guido Westerwelle vielleicht vill firwerfen, mee eent ass awer ganz kloër: déi Liberal haalen Wuert. Ech wëes dat hätt een eigentlech schons missten vrun 4 Joër schréiwen wéi de Gerhard mat deenen Gréngen alles dru gesaat haat fir d’FDP an hiert Boot zekréien an de Guido Westerwelle dankend ofgeleent huet. An och dëst Joër hunn d’SDP an déi Gréng erem alles probéiert fir déi Liberal op hier Säit zekréien. “Man wird ja momentan sogar schon von den Grünen umworben. Dass ich das noch erleben darf, meine Damen und Herren. Aber das passt nicht zusammen”, soot den Dr. Westerwelle nach Ufank vum Joër. Dunn koum d’SPD emmer méi dobäi wéi de Steinmeier öffentlech mam Westerwelle bei der Sendung vum Johannes B Kerner um ZDF geflirt huet. Mee d’Aussoe vun de Liberalen ware kloër: keng Stéiererheichungen! 2005 waren se dogéint an och 2009. Da passt eng Koalitioun mat Parteien déi d’Stéiern (e.a. TVA) erhéichen wirklech net zesummen.
Dass déi fréier Kommunisten, d’Linkspartei, déi 4. stärksten Partei gi sinn ass bedenklech, dass d’Piratepartei 2% kritt huet e beachtlechen Erfolleg, deen zumools déi Gréng dierft weider fäerten doen. Iwwert d’Verräterpartei muss een net méi vill soen, ausser dass ech et giff Schued fannen wann de Münte giff fort goen, dat war sou eng gudd Zielscheiff. D’Unioun verléiert zwar, mee huet trotz Wahlkampfmangel vun der Kanzlerin nach e gudd Resultat gemaach. D’CSU muss sech awer wéider Froe stellen wéi et soll wéider goen. D’Resultat a Bayern war jo méi katastrophal wéi d’Landtagswahl vrun engem Joër an do gouf jo bekanntlech deno en “Néiufank” gestart.
Komesch ass dass déi Gréng sech féieren geloos hunn, nodeems sie am mannsten vun de Verloschter vun deenen Groussen profitéiert hunn an hannert d’Linkspartei op déi 5. Plaatz komm ass. Et schéngt wéi wann d’Deeg vun Rout-Gréng definitiv fir eng Zäitchen gezielt wäeren. Ausser… jo… ausser… Rout gett erem méi rout wéi bis elo. Noo deem Wahldebakel dierft ewuel keen grousse Widderstand géint déi an der Partei sinn, déi wellen mat der Linkspartei och op Bundesebene zesumme schaffen. A 4 Joër kann et also duerch aus zum Kampf teschend Unioun-FDP an SPD-Linke-Gréng ginn… allerdéngs ass unzehuelen dass d’Piratepartei d’nächste Kéier iwwert déi 5 % kéinnt kommen an domatter eng wéider Kraft am Bundestag wäer.
Alles an allem ginn et da wuel 2 Politiker déi gewonn hunn an zwou Parteien: Angela Merkel an de Guido Westerwelle, an ob däer aanerer Säit d’FDP an d’Linkspartei.