Et kann een dem Guido Westerwelle vielleicht vill firwerfen, mee eent ass awer ganz kloër: déi Liberal haalen Wuert. Ech wëes dat hätt een eigentlech schons missten vrun 4 Joër schréiwen wéi de Gerhard mat deenen Gréngen alles dru gesaat haat fir d’FDP an hiert Boot zekréien an de Guido Westerwelle dankend ofgeleent huet. An och dëst Joër hunn d’SDP an déi Gréng erem alles probéiert fir déi Liberal op hier Säit zekréien. “Man wird ja momentan sogar schon von den Grünen umworben. Dass ich das noch erleben darf, meine Damen und Herren. Aber das passt nicht zusammen”, soot den Dr. Westerwelle nach Ufank vum Joër. Dunn koum d’SPD emmer méi dobäi wéi de Steinmeier öffentlech mam Westerwelle bei der Sendung vum Johannes B Kerner um ZDF geflirt huet. Mee d’Aussoe vun de Liberalen ware kloër: keng Stéiererheichungen! 2005 waren se dogéint an och 2009. Da passt eng Koalitioun mat Parteien déi d’Stéiern (e.a. TVA) erhéichen wirklech net zesummen.

Dass déi fréier Kommunisten, d’Linkspartei, déi 4. stärksten Partei gi sinn ass bedenklech, dass d’Piratepartei 2% kritt huet e beachtlechen Erfolleg, deen zumools déi Gréng dierft weider fäerten doen. Iwwert d’Verräterpartei muss een net méi vill soen, ausser dass ech et giff Schued fannen wann de Münte giff fort goen, dat war sou eng gudd Zielscheiff. D’Unioun verléiert zwar, mee huet trotz Wahlkampfmangel vun der Kanzlerin nach e gudd Resultat gemaach. D’CSU muss sech awer wéider Froe stellen wéi et soll wéider goen. D’Resultat a Bayern war jo méi katastrophal wéi d’Landtagswahl vrun engem Joër an do gouf jo bekanntlech deno en “Néiufank” gestart.
Komesch ass dass déi Gréng sech féieren geloos hunn, nodeems sie am mannsten vun de Verloschter vun deenen Groussen profitéiert hunn an hannert d’Linkspartei op déi 5. Plaatz komm ass. Et schéngt wéi wann d’Deeg vun Rout-Gréng definitiv fir eng Zäitchen gezielt wäeren. Ausser… jo… ausser… Rout gett erem méi rout wéi bis elo. Noo deem Wahldebakel dierft ewuel keen grousse Widderstand géint déi an der Partei sinn, déi wellen mat der Linkspartei och op Bundesebene zesumme schaffen. A 4 Joër kann et also duerch aus zum Kampf teschend Unioun-FDP an SPD-Linke-Gréng ginn… allerdéngs ass unzehuelen dass d’Piratepartei d’nächste Kéier iwwert déi 5 % kéinnt kommen an domatter eng wéider Kraft am Bundestag wäer.

Alles an allem ginn et da wuel 2 Politiker déi gewonn hunn an zwou Parteien: Angela Merkel an de Guido Westerwelle, an ob däer aanerer Säit d’FDP an d’Linkspartei.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. Na ja, d’Entscheedung zweschen enger Mini-Ära Kohl an schwieregen Koaltionsverhandlungen mat Gréngen an enger Geschwächten SPD kann een net wierklech als schwéier wouerhuelen, vun dohier waar et fir d’FPD wuehl net schwéier, hier “Wuert” ze haalen. Emmerhin soot den Härr Westerwelle jo och
    Mol kucken, wéi se daat demnächst maachen. Ech erenneren virun allem un d’Verspriechen, d’Zensursulagesetz ze kippen! Da kann een och mol wierklech vun “Wuert haalen” schwätzen. Fannen ech.

    Reply

  2. “Wuert haalen” bezitt sech jo doropper dass déi Liberal ganz einfach an de läschte 4 Joër ’emmer’ Wuert gehaalen hunn an eben net esou muechtgäil waaren wéi aaner Parteien.
    Eng Koalitioun mat SPD a Gréngen: Nee vrun der Wahl dem Bierger versprach, Nee no der Wahl 05 zu Schröder a co. gesoot. Genau sou ass et och bei diversen Landtagswahlen ofgelaaf. Dat ass menger Meenung no dat wat d’Léit och belount hunn. De Guido Westerwelle a séng Partei hätten lo scho längst kéinnten 4 Joër op der Regierungsbänk setzen, hunn dëst awer net gemaach well se hiere Wieler versprach haaten net mat Rout-Gréng matzegoen. An esou Politiker a Parteien ginn et hautdesdags leider zeweineg. Fannen ech.

    Reply

  3. Natirlech ass daat gudd, wann Parteien daat maachen, waat se verspriechen. Ass eben just d’Fro, ob se daat an enger schwarz-gieler Koalitioun nach esou kennen, wéi se gären wéilten. Ech kann mer zum Beispill net wierklech virstellen, wéi déi dach relativ schwaach FDP sech bei der Saach Zensursula duerchsätze kéint. Mä daat ass natirlech och just een Punkt.

    An ob déi “Eierlechkeet” elo wierklech wahlentscheedend waar, géif ech eischter bezweifelen. Et hunn och vill d’Verdeelung vun SPD-Stemmen ob Netwiehler, Lenk a Gréng eng Roll gespillt. Mä et hunn der natirlech och vun der SPD op d’FDP gewieselt.

    Reply

  4. Holà,

    “Wuert haalen bezillt sech fir déi Liberal aus!”

    Huh…! “Awesome…!”…De “Guido” gëtt héchstwahrscheinlech!? Aussenminister…who’d have thought that…

    Ok…d’FT beschëllegt de Guido ee Mangel un Erfaahrung um internationalen & diplomateschen Parkett zu hun…

    Stëmmt och…de Wee zum “gelben Bundesverdienstpulli mit V-Ausschnitt” ass nach ganz wäit…an de Motto zemools am Ufank heescht: “On ne fait pas d’omelette sans casser des oeufs” aka “Aller Anfang ist schwer”…

    Fakt ass, nodeems hien genuch “Gui(l)do hat euch lieb” & “The VengaBus is coming” aka “We Like To Party” opgeluecht huet, d’Musék eng aaner Richtung ageschloen huet…

    “Mrs Robinson” stoung dëstlescht um Programm…”d’Prüfung” ass iwwerstaanen…

    Hasta Pancho

    P.S.:Punkto SPD…de Steinmeier ass ménger Meenung no, parteiintern op “lakonësch Manéier” faalen gelooss gin (Zevill riets? Ze mann “alpha Männlein”-Kwalitéiten? Ze mann politësch “Promisquitéit”? Beherrschung vun den Marketing-Strategien waat den “Persounenkult” an der “Post-Schröderschen Ära” ubelaangt vergiess?)…kee Wonner also duerno…waat d’Resultaat ubelaangt…

    Reply

Leave a reply to Joël Cancel reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.