Kennen 2 Wierder wirklech eppes veränneren? Den Barack Obama huet an de Méint vrum Iowa Primary ganz oft bei Rallys an de Mikro geruff: ‘One voice can change a room. […] Your voice can change the world.’ Et schéngt wéi wann villeicht net direkt d’Welt e Mettwoch verännert ginn ass, mee d’Stemm vum Rep. Joe Wilson (R – SC) huet am Demokraten-Lager nawell villes verännert. Während der Ried vum President Obama vrum Congress, huet den Barack Obama probéiert verschidden Liggen iwwer säin Health Care Programm kloerzestellen. Zum Beispill huet hien kloergestallt, dass mat séngem Health Care Bill keng Finanzéierung fir Ofdréiwungen drasinn. Doropps huet den Repräsentant Wilson geruff: „You lie!” Eigentlech war den den Joe Wilson bis vru kuerzem nach komplett onbekannt, mee déi 2 Wierder hunn hien a ganz Amerika an doriwwer eraus bekannt gemaach. Et ass eppes wat een net mécht, de President ennerbriechen wann dee schwätzt a scho guer net eng Beleidegung entgéint ruffen.
Den Joe Wilson haat sech zwar direkt no der Ried beim President entschellegt, och wann den Rush Limbaugh (ween wonnert et?) gesoot dass den Wilson sech net hätt sollten entschellegen. Demkraten am Kongress fuerderen awer dass den Rep. Wilson och am Kongress selwer sech entschellegt, schliesslech huet hien géint d’Regelen vum ‘House’ verstouss. Den Joe Wilson ass dann och laut enger néier Emfro (PPP – 11.09.09) an engem sougenannten ‘Dead heat’ mam Demokrat Miller. D’läscht Joër haat den Wilson de Setz fir säin District géint de Miller mat 54-46 gewonnen, elo léit hien mat 43% een Prozent hannert dem Miller (44%) an den Emfroen. Mat 2 Wierder huet hien säin Setz am Kongress zu engem Wackelsetz fir 2010 gemaach.
Mee eppes huet dat Ganzt der Ried vum Obama scho bruecht: d’Demokraten stinn erem hannert hierem President! Net nemmen d’Politiker, mee laut dem CBS Poll och d’Memberen vun der Partei. 85% vun den Demokraten fannen dass hiere President den Dossier vun der Gesondheetsreform gudd meeschtert. Och bei den Republikaner a bei den Onofhängegen geet d’Zuel vun den Supporter no der Ried vun e Mettwoch an d’Luut.
Eng “liberal” (amerik. Politikspektrum!) Politikerin vun Kalifornien, d’Madame Woolsey, huet geschter dunn e Meeting mat aaneren Demokraten ofgehaalen. Eigentlech waren d’Liberals jo net ganz mat dem Plang vum Obama zefridden. Elo seet d’Madame Woolsey dass sie ganz anescht iwwert d’Gesondheetsreform denkt wéi nach vrun der Ried vum President.
Zur gläicher Zeit sinn eng dozen Senatoren, déi een wuel als “moderate” kéinnt bezeechnen, an d’Weisst Haus getreppelt. Eppes wat een scho laang net méi gesinn huet. Den Leader am Senat Harry Reid hofft dass hien d’Gesetz nach kann Enn dës Mounts duerch säin Haus kréien. Während d’Speaker of the House d’Nancy Pelosi sech nach emmer fir eng “public option” ausschwätzt, well dëst dat Bescht fir jiddereen wier. An d’Senatorin Snowe seet dass sie net ofgeweicht wäer fir géint hier Partei zestemmen a fir den Health Care Project.

‘You lie!’ … oh jo… wee wëes vielleicht steet eng Kéier an de Geschichtsbicher dass grad déi 2 Wierder den Amerikaner eng Gesondheetsreform bruecht hunn. An da gett emmer gesoot, et soll een net fluchen… 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s