„Barack is back!” esou kann ee wuel d’Ried vum President Obama iwwerschréiwen. Nodeems hien säin internen Campaign Slogan (“No drama with Obama”) wuel an de läschte Woche zevill Eescht geholl huet, ass elo erem en energeschen Obama zereck, dee genee wëes wat hien well. Hien wäer net deen éischten President deen probéiert Health Care duerchzekréien, mee hien well onbedengt de läschte sinn.
Am Gesicht vun der First Lady Michelle Obama an dem Chief of Staff Rahm Emanuel huet ee wuel dat richtegt Gesicht vun der Obama Administration gesinn. Ganz ugespaant soutzen béid do, sie woussten wuel allen 2 wat fir eng wichteg Ried dat ass. Et ass awer scho laang keen ‘Inner Game’ mee en ‘Outer Game’ gewierscht. Net d’Senatoren an d’Députéiert sollte mat dëser Ried iwwerzeegt ginn (déi hunn souwisou hier fest Meenung a wëssen och genee wat sie wellen), mee et ass drems gaangen den amerikaneschen Bierger erem ganz ob séng Säit zekréien. A fir dat Ganzt wéider zemaachen organiséiert d’White House de Weekend eng Rally fir den Health Care Project.
Den President Obama huet a sénger Ried och ob den verstuerwenen Ted Kennedy erennert. Den Teddy huet Ufank vum Joër e Bréif geschriwwe gehaat, deen – esou wéi hien et wollt – elo no séngem Doud opgemaach gouf. Dee Bréif notzt den Barack Obama fir e ganz emotional Schlussargument iwwert d’amerikanesch Bevölkerung an d’USA am allgemengen. Wéinst dem Doud awer vum Teddy Kennedy hunn d’Demokraten hier 60 Sëtz Majoritéit am Senat erem verluer, dofir sinn d’Senior Advisors am Wéissen Haus scho laang am Gaangen mat der Senatorin Snowe vu Maine zeschwätzen. Sie ass zwar eng Republikanerin mee d’Weisst Haus mécht sech Hoffnung sie fir hieren Health Care Project iwwerzeegt zekréien. D’Senatorin Snowe soll anscheinend och schons e puer Mol mam President selwer telefonéiert gehaat hunn.

Dass elo wirklech d’Season for action ugefaangen huet wéisst e Kommentar vun engem ‘Key Democrat’ deen haut gesoot huet, dass d’Demokraten dësen Health Care Bill duerch kréien entweder mat der Ennerstetzung vun den Republikaner oder ouni hier.

Mee eent ass haut den Owend kloër ginn, de President Obama ass erem zereck. Uff. Hien huet d’Rudder erem iwwerholl. Finally. Freet sech jhust ob dës Woch esou erfollegräich bei villen amerikanesche Bierger ukomm ass. Mee jiddefalls wäerte mer (an dat bestätegt eben d’Rally vum Weekend) den President Obama elo erem méi oft als Candidate Obama gesinn, als Kandidat deen kämpft fir eng Majoritéit hannert sech zekréien. Jhust fir zum Schluss zeverdeitlechen wéi gedeelt d’Amerikaner op deem Punkt vun der Health Insurance sinn: 60% vun den jonken Amerikaner sinn fir den Obama Plang, 60% vun den eeleren Amerikaner sinn dogéint. (CNN/Times Poll, 9.09.2009)

EDIT (10.09.2009 – 13:50 Auer): Laut dem CNN Opinion Poll fannen 67% vun den Amerikaner dem Obama säi Plang gudd. Dat ass e plus vun 14%. Witzegerwéis haat den Bill Clinton 1993 no sénger Ried iwwert Gesondheetsreform ebenfalls 67% vun den Amerikaner hannert sech. 72% vun de Léit déi d’Ried gekuckt hunn sinn der Meenung dass de President ganz kloër gesoot huet wat séng Zieler sinn. An 70% vun den Amerikaner sinn der Meenung dass dem Obama séng Politik d’USA op de richtege Wee bréngt. Dat ass e Plus vun 10%. 56% vun de Léit hunn d’Ried “very positive” fonnt, 21% “somewhat positve.”

Déi Ganz Ried (55 Minuten) ganz nokucken

Zum Schluss wéillt ech (well ech et an der Nuecht vergiess haat) nach e klénge Feeler aus der Welt schaafen, deen vielleicht deen een oder aaneren opgeraaf huet, wann en d’Ried um BBC World News gekuckt huet. De Kommentator do huet nämlech behaapt d’Second Lady Dr. Jill Biden wäer en medezineschen Dokter. Dr. Jill Biden huet awer en Dokter an der Edukatioun. Den Titel vun der Dissertatioun war Student Retention at the Community College: Meeting Students’ Needs. [via]

—————————————————————————————-
E Résumé vum Obama Plang noliesen
Ganz Ried noliesen

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s