Oppenen Bréif

USA: “The responsibility each of you has for your education.” — Alles oder Näischt Deeg

Wéi schons gescht ugekennegt koum et haut (Dennschten) zur emstriddener “Back-to-school speech” (1) vum President Obama. Hien huet ewéi d’Zitat aus dem Titel schons seet iwwert d’Responsabilitéit geschwaat déi all Schüler a Student géigeniwwer sénger Edukatioun huet. Um Enn vum Daag, esou de President, kennt et ob d’Schüler un. Souguer wann an den USA déi beschten Schoule gebaut ginn, déi beschten Schoulmeeschteren an Jofferen ennerichten, hängt d’Edukatioun vu jidderengem eenzelen vun engem selwer of. Wann een net an d’Schoul geet, net dem Schoulmeeschter resp. der Joffer nolauschtert, net d’Hausaufgaben mécht, net mat Motivatioun dohannert geet hätt e keng Chance. An ouni Edukatioun gett et och keen gudden Beruf.
All Mensch hätt eppes wouranner ee gudd wier an all Jonken soll dat erausfannen, mee vielleicht fennt een et erréicht eraus wann een eng Aufgab och wirklech mécht, esou den Barack Obama.

„But whatever you resolve to do, I want you to commit to it. I want you to really work at it. I know that sometimes you get that sense from TV that you can be rich and successful without any hard work — that your ticket to success is through rapping or basketball or being a reality TV star. Chances are you’re not going to be any of those things.
The truth is, being successful is hard. You won’t love every subject that you study. You won’t click with every teacher that you have. Not every homework assignment will seem completely relevant to your life right at this minute. And you won’t necessarily succeed at everything the first time you try. That’s okay. Some of the most successful people in the world are the ones who’ve had the most failures. J.K. Rowling’s — who wrote Harry Potter — her first Harry Potter book was rejected 12 times before it was finally published. Michael Jordan was cut from his high school basketball team. He lost hundreds of games and missed thousands of shots during his career. But he once said, “I have failed over and over and over again in my life. And that’s why I succeed.”

An iwwert Feeler maachen, denkt den President: „You can’t let your failures define you — you have to let your failures teach you.”
Zum Schluss vu sénger Ried ass een ob déi us-amerikanesch Geschicht agaangen. Vrun 250 Joër waren et Jonker déi eng Revolutioun gestart hunn an d’USA gegrennt hunn. Vrun 75 Joër waren et Jonker déi d’Great Depression iwwerstaan hunn an e Weltkrich gewonn hunn, sie hu fir ‘civil rights’ gekämpft an e Mann ob de Mound bruecht. Vrun 20 Joër souzen Jonker an der Schoul déi dunn Google, Twitter a Facebook erfonnt hunn an eis Kommunikatiounswelt verännert hunn. D’Fro déi sech du gestallt huet koum direkt:

„So today, I want to ask all of you, what’s your contribution going to be? What problems are you going to solve? What discoveries will you make? What will a President who comes here in 20 or 50 or 100 years say about what all of you did for this country? (…) So I expect all of you to get serious this year. I expect you to put your best effort into everything you do. I expect great things from each of you. So don’t let us down. Don’t let your family down or your country down. Most of all, don’t let yourself down. Make us all proud.”

Reaktiounen
D’Reaktiounen ob déi Ried ass nawell zimlech gespléckt. Bei enger Emfro déi vrun der Ried erauskomm ass, hunn 63% vun de Befrooten uginn, dass déi Ried wichteg wäer. 30% hunn hier keng sou eng grouss Wichtegkeet zougesprach a 7% waaren sech net sëcher. (2)
No der hefteger Kritik ass d’Ried vum President a verschiddenen Schoulen an Deeler vun Texas, Illinois, Minnesota, Missouri, Virginia an Wisconsin net de SchülerInnen gewisse ginn. Am Bundesstaat Utah haaten déi meescht Schoulen et den Schoulmeeschteren a Jofferen iwwerloos ob sie wéillten zesumme mat hiere SchülerInnen déi Ried kucken. A ganz Amerika war et awer och souzesoen erlaabt d’Kanner haut aus der Schoul erauszehaalen, wann d’Elteren net wollten dass hier Kanner d’Ried giffe gesinn. Waat jo eigentlech am Joër 2009 komplette Blödsinn ass, well een d’Ried natiirlech online kucke kann. A wann een dann och nach bspw. den Zougang zum Internet gespaart kritt, kann een nach emmer e Kolleg froen ob deen d’Ried net op WhiteHouse.gov als .mp4 eroflued an ob säin iPod oder iPhone setzt. Heiandsdo freet een sech wirklech a wéi enger Welt verschidde Léit nach liewen. -.-

Ier d’Impressioun entsteet, dass esou eng radikal Positioun nemmen vun den Konservativen kennt kommen, well ech ob eng Story vu Fox News hiwéissen. 1991 huet den deemolegen President George HW Bush eng ähnlech Ried vrun Schüler gehaalen an d’Demokraten hunn dat Ganzt ennersiche geloos. [via]
Déi fréier First Lady Laura Bush (Fra vum George W Bush) huet haut den Barack Obama verteidegt. Hien géif eng gudd Arbescht maachen an hien soll déi Ried ginn. Et missten souguer méi Léit ginn déi mat hiere Kanner schwätzen huet déi fréier First Lady gemengt, déi momentan zesumme mat hierem Mann un hiere Memoirs schafft.

Reaktiounen vu Schüler aus enger Schoul am Bundesstaat Utah waren nawell ganz positiv.

“I didn’t know his Dad died,” said 16-year-old Joseph Gibbons. “My Dad died when I was young, too. It made him seem more real.”
On the political spectrum, Gibbons and most of his peers consider themselves conservative. But most came to class Tuesday with open minds and walked away thinking Obama’s message was appropriate and right on point. No one chose to opt out. “There was no hidden agenda,” said 15-year-old Nicole Moody of Draper.
“People will forever remember this day and look back and say, ‘Wow what a great guy he was,'” said the 16-year-old. (3)

Zum Schluss well ech ee Commentaire iwwert déi Ried empfehlen. Den Titel ass Staying in School and the ‘Socialist Agenda’ vum E.J. Dionne. Hei ass de Link ob säi Commentaire bei der Washington Post.
Natiirlech kann ech och d’Ried vum Barack Obama selwer empfehlen, och wann se e staarken USA Hannergrond huet, esou ass den zentrale Message vun der Ried emmer deen nämlechten. 😉

(1): WhiteHouse.gov — The President’s Back-To-School Message to America’s Students
(2): ABC.com — Obama Education Speech To Children
(3): Salt Lake Tribune — Utah students react favorably to Obama’s education speech