Wéi schons gescht ugekennegt koum et haut (Dennschten) zur emstriddener “Back-to-school speech” (1) vum President Obama. Hien huet ewéi d’Zitat aus dem Titel schons seet iwwert d’Responsabilitéit geschwaat déi all Schüler a Student géigeniwwer sénger Edukatioun huet. Um Enn vum Daag, esou de President, kennt et ob d’Schüler un. Souguer wann an den USA déi beschten Schoule gebaut ginn, déi beschten Schoulmeeschteren an Jofferen ennerichten, hängt d’Edukatioun vu jidderengem eenzelen vun engem selwer of. Wann een net an d’Schoul geet, net dem Schoulmeeschter resp. der Joffer nolauschtert, net d’Hausaufgaben mécht, net mat Motivatioun dohannert geet hätt e keng Chance. An ouni Edukatioun gett et och keen gudden Beruf.
All Mensch hätt eppes wouranner ee gudd wier an all Jonken soll dat erausfannen, mee vielleicht fennt een et erréicht eraus wann een eng Aufgab och wirklech mécht, esou den Barack Obama.

„But whatever you resolve to do, I want you to commit to it. I want you to really work at it. I know that sometimes you get that sense from TV that you can be rich and successful without any hard work — that your ticket to success is through rapping or basketball or being a reality TV star. Chances are you’re not going to be any of those things.
The truth is, being successful is hard. You won’t love every subject that you study. You won’t click with every teacher that you have. Not every homework assignment will seem completely relevant to your life right at this minute. And you won’t necessarily succeed at everything the first time you try. That’s okay. Some of the most successful people in the world are the ones who’ve had the most failures. J.K. Rowling’s — who wrote Harry Potter — her first Harry Potter book was rejected 12 times before it was finally published. Michael Jordan was cut from his high school basketball team. He lost hundreds of games and missed thousands of shots during his career. But he once said, “I have failed over and over and over again in my life. And that’s why I succeed.”

An iwwert Feeler maachen, denkt den President: „You can’t let your failures define you — you have to let your failures teach you.”
Zum Schluss vu sénger Ried ass een ob déi us-amerikanesch Geschicht agaangen. Vrun 250 Joër waren et Jonker déi eng Revolutioun gestart hunn an d’USA gegrennt hunn. Vrun 75 Joër waren et Jonker déi d’Great Depression iwwerstaan hunn an e Weltkrich gewonn hunn, sie hu fir ‘civil rights’ gekämpft an e Mann ob de Mound bruecht. Vrun 20 Joër souzen Jonker an der Schoul déi dunn Google, Twitter a Facebook erfonnt hunn an eis Kommunikatiounswelt verännert hunn. D’Fro déi sech du gestallt huet koum direkt:

„So today, I want to ask all of you, what’s your contribution going to be? What problems are you going to solve? What discoveries will you make? What will a President who comes here in 20 or 50 or 100 years say about what all of you did for this country? (…) So I expect all of you to get serious this year. I expect you to put your best effort into everything you do. I expect great things from each of you. So don’t let us down. Don’t let your family down or your country down. Most of all, don’t let yourself down. Make us all proud.”

Reaktiounen
D’Reaktiounen ob déi Ried ass nawell zimlech gespléckt. Bei enger Emfro déi vrun der Ried erauskomm ass, hunn 63% vun de Befrooten uginn, dass déi Ried wichteg wäer. 30% hunn hier keng sou eng grouss Wichtegkeet zougesprach a 7% waaren sech net sëcher. (2)
No der hefteger Kritik ass d’Ried vum President a verschiddenen Schoulen an Deeler vun Texas, Illinois, Minnesota, Missouri, Virginia an Wisconsin net de SchülerInnen gewisse ginn. Am Bundesstaat Utah haaten déi meescht Schoulen et den Schoulmeeschteren a Jofferen iwwerloos ob sie wéillten zesumme mat hiere SchülerInnen déi Ried kucken. A ganz Amerika war et awer och souzesoen erlaabt d’Kanner haut aus der Schoul erauszehaalen, wann d’Elteren net wollten dass hier Kanner d’Ried giffe gesinn. Waat jo eigentlech am Joër 2009 komplette Blödsinn ass, well een d’Ried natiirlech online kucke kann. A wann een dann och nach bspw. den Zougang zum Internet gespaart kritt, kann een nach emmer e Kolleg froen ob deen d’Ried net op WhiteHouse.gov als .mp4 eroflued an ob säin iPod oder iPhone setzt. Heiandsdo freet een sech wirklech a wéi enger Welt verschidde Léit nach liewen. -.-

Ier d’Impressioun entsteet, dass esou eng radikal Positioun nemmen vun den Konservativen kennt kommen, well ech ob eng Story vu Fox News hiwéissen. 1991 huet den deemolegen President George HW Bush eng ähnlech Ried vrun Schüler gehaalen an d’Demokraten hunn dat Ganzt ennersiche geloos. [via]
Déi fréier First Lady Laura Bush (Fra vum George W Bush) huet haut den Barack Obama verteidegt. Hien géif eng gudd Arbescht maachen an hien soll déi Ried ginn. Et missten souguer méi Léit ginn déi mat hiere Kanner schwätzen huet déi fréier First Lady gemengt, déi momentan zesumme mat hierem Mann un hiere Memoirs schafft.

Reaktiounen vu Schüler aus enger Schoul am Bundesstaat Utah waren nawell ganz positiv.

“I didn’t know his Dad died,” said 16-year-old Joseph Gibbons. “My Dad died when I was young, too. It made him seem more real.”
On the political spectrum, Gibbons and most of his peers consider themselves conservative. But most came to class Tuesday with open minds and walked away thinking Obama’s message was appropriate and right on point. No one chose to opt out. “There was no hidden agenda,” said 15-year-old Nicole Moody of Draper.
“People will forever remember this day and look back and say, ‘Wow what a great guy he was,'” said the 16-year-old. (3)

Zum Schluss well ech ee Commentaire iwwert déi Ried empfehlen. Den Titel ass Staying in School and the ‘Socialist Agenda’ vum E.J. Dionne. Hei ass de Link ob säi Commentaire bei der Washington Post.
Natiirlech kann ech och d’Ried vum Barack Obama selwer empfehlen, och wann se e staarken USA Hannergrond huet, esou ass den zentrale Message vun der Ried emmer deen nämlechten. 😉

(1): WhiteHouse.gov — The President’s Back-To-School Message to America’s Students
(2): ABC.com — Obama Education Speech To Children
(3): Salt Lake Tribune — Utah students react favorably to Obama’s education speech

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. “The story of America isn’t about people who quit when things got tough. It’s about people who kept going, who tried harder, who loved their country too much to do anything less than their best.”

    Daat dooten kéint glaat vun engem Conservative kommen, so wi di ganz Riert voll vun “conservatives values” ass. Endlech mol eng Riert vum Obama, mat där ech mech och kann ufrennen (wann se och ze flaach ass, als datt ech een Aha-Erlierfnis hunn).

    “And we’re entering one of the most exciting times in history, a time of unlimited possibilities, bounded only by the size of your imagination, the depth of your heart, and the character of your courage. More than two centuries of American history — the contributions of the millions of people who have come before us have been given to us as our birthright. All we can do to earn what we’ve received is to dream large dreams, to live lives of kindness, and to keep faith with the unfinished vision of the greatness and wonder of America.” Ronald Reagan, 1988.

    Woubäi ech generell sou Rierden vun Politiker un Schüler & Schoulen e bessen louche fannen. Géng de Junker oder de Grand-Duc daat maan, géng ech och driwwer noidenken mäi Kand villäit doheem ze haalen, well ech einfach fannen, datt Politik net an d’Schoul (à part vun z.B. Civique, also den objektiven Fonktionnement vum Staatsapparat) gehéiert.
    Woubäi et generell interessant wier a Schoulen aal Rierden ze analyséieren.

    “Where you are right now doesn’t have to determine where you’ll end up. No one’s written your destiny for you, because here in America, you write your own destiny. You make your own future.”

    Kéint glad och vum Reagan sinn. YAY!!

    Reply

  2. Dofir ass déi ganz Obreegung em déi Ried jo sou blöd. Déi Ried hätt all Amerikaner kéinnten maachen, all Mensch kann se maachen. Et ass net em d’Politik gaangen, mee einfach drem dass d’Schüler hier Edukatioun solle serieux huelen an e besschen JFK meisseg: Ask what you can do.
    Also ech sinn do aanerer Meenung. De President hei (Premier zu Lëtzebuerg) misst dat Recht hunn, souguer d’Pflicht. De President ass President vun alle Bierger an net vun den Bieger déi iwwer 18 hunn. Et ass jo och grad d’Liewen vun den enner 18 déi d’Politiker vun haut bestemmen. D’Ried dierft natiirlech net eng politesch Agenda no fir drecken, do ginn ech der scho Recht. Wann et em eng politesch Agenda geet, dann éischter bei heiche Klassen resp. op der Uni wou d’Studenten dann och kennen kritesch Froe stellen. Dat giff menger Meenung no eiser Demokratie helfen. Mee bon…

    Dat ass eben die amerikanesch Liewensphilosophie. 😉 “The belief that our destiny will not be written for us but by us” Dat ass e vun de Grenn firwaat ech d’USA esou gäer hunn. 🙂

    Reply

  3. “De President hei (Premier zu Lëtzebuerg) misst dat Recht hunn, souguer d’Pflicht.”

    Daat dooten musste mer eng Kéier erklären. Als klassesch Liberalen fannen ech, datt sech d’Regierung sou vill wi méiglech aus dem Lierwen vum Eenzelnen soll raushaalen. Schoulen (di eh privatiséiert gehéieren) sollen selver entscheeden, ween wini wou schwätzt.

    “Dat ass e vun de Grenn firwaat ech d’USA esou gäer hunn.”

    Ditto. Nemmen interpretéieren ech daat op streng individueller Ebene. Life, liberty and pursuit of happiness sinn Individualrechter, wou dem Eenzelnen keen Präsident, Premier, Paaf raschwätzen dierft.

    Reply

  4. Jo, d’Regierung soll sech sou vill wéi meiglech aus dem Liewen vum Eenzelnen eraushaalen, mee wat ass schlemm un enger Ried un Schüler fir dës zemotivéieren. Wann ech ob meng Schoulkarriere hei am Land zereckkucken an un déi éischt Deeg vun all Schouljoër denken ech direkt un Direkteren déi mat engem granzesche Gesiicht ronderem laafen, un Regenten déi greisstendeels genee esou vill Loscht hunn, an deemno wéi eng Proffen ee selwer haat kritt ee gesoot dass een souwisou näischt kann, nie séng 1ere/13e packt an nie op eng Uni geet. Do fannen ech e Motivatiounschub vum President Obama dach vill besser wéi emmer rem déi negativ Kommentarer déi d’Schüler sech soss mussen hun héieren. 😉 A wéi gesoot bei enger politescher Agenda nemmen bei héiche Klassen resp. der Uni wou d’Studenten no der Ried kennen kritesche Froe un de President/Premier stellen, dass eng Diskussioun mat de jonken Léit entsteet. Dat giff hei am Land och emol hellefen, dass Politik net als eppes komesch ugesi gett mat deem ech mech jhust muss vrun irgendwelche Wahlen ophaalen.

    Gesinn ech genee esou. Zumools eben den Pursuit of Happiness ass jo schons per Definition praktesch en Individualrecht, allerdéngs muss d’Politik dofir suergen dass jidder Amerikaner d’Méiglechkeet huet séngem Pursuit of Happiness nozegoen.

    Reply

  5. “mee wat ass schlemm un enger Ried un Schüler fir dës zemotivéieren”
    °
    Näischt, soulaang et op fräiwelleger Basis geschitt. An dann gesinn ech do nach e Problem: Eng Riert vum midde Juncker, vum aalglaaten Frieden oder vum “Bengel” Asselborn ass grad esou wi wann een di granzeg Direkteren oder Regenten denkt. Ech gesinn do keng Motivatiounssteigerung. An och den Obama lierft vu sengem Image. (Woubäi ech mech lo vaque erenneren un März oder Mee, datt den Obama eng gutt fonktionnéiernd Privatschoul wollt zoumaan, mat der Begrennung, datt alles gläich soll sinn. Se ass no Protester op bliwwen, mä et ginn keng néi Schüler méi opgeholl – trotz gudden Resultater, besonneg fir d’Minoritéiten. An deser Gläichmaacherei vum Schoulsystem läit een ganz grouße Problem, firwaat weder Schüler nach Proffen zefridde sinn.)
    De Schüler wier gehollef, wann se mol Texter vum Hayek liersen, an net nemmen déi Betroffenenliteratur, well déi ass demotivéierend. D’Fehler am Schoulsystem léien fill méi déif. Ben, wannste daat wells mol am Detail diskutéieren, kannste gäre bei eisen LforLiberty-internen Bistro-Treffen laanscht kommen.
    Politesch Themen an de méi heigen Klassen onbedingt – mä de Problem do sinn d’Proffen, di eischtens selver gären eng Agenda hunn, zweetens och net emmer grouß informéiert sinn.
    °
    “allerdéngs muss d’Politik dofir suergen dass jidder Amerikaner d’Méiglechkeet huet séngem Pursuit of Happiness nozegoen.”
    °
    Do muss ech differenzéieren: D’Politik muss dofir suergen, datt keen deen aaneren hennert, mä et ass net d’Aufgab vun der Politik selver Privilegien ze verdeelen. Och positiv Diskriminéierung ass Diskriminéierung an domat een Zwang, deen d’Politik aus ideologesche Grenn engem Dretten operleet.
    D’US-Constitution ass an eischter Linn fir d’Regierung do, datt si eben dem Mensch life, liberty and pursuit of happiness garantéiert, an net selver zuwider handelt, andeem se Gruppen befirzucht a géint aaner Gruppe geet. D’Regierung därf keng Privilegien, egal u ween, an am mannsten u sech selver, verdeelen.

    Reply

  6. Hmm… dat eenzegt u waat ech mech kann erenneren bei Obama, Mäerz/Mee a Schoul ass de Project gewierscht fir 5,000 Schoulen, déi schlecht fonktionnéiert hunn, zou- an kuerz drop mat néiem Personal erem opzemaachen. Wann een dee Project emol wéider giff féieren also méi konkret opbauen, ass dee vielleicht guer net mol sou schlecht. http://www.washingtonexaminer.com/politics/Obama-wants-to-close-5000-failing-schools-44715802.html

    Dass d’Fehler an eisem Schoulsystem extrem déif léien kennen ech nemmen all zegudd. Mee dat wäer schon e ganze Post wäert. 🙂 Merci fir d’Invitatioun, mee ech sinn a manner wéi enger Woch bis Chrëschtdaag net hei zu Lëtz. -.-

    Do stemmen ech der zou. Du hues mäi Saatz/„Argument” jhust wéider ausgebaut. Hehe.

    Reply

  7. Eis gett et och nach no Chrëschtdaach, kee Problem.
    °
    Daat eleite mengen ech, een Schoulgutschäin-Programm, deen menger Meenung no iwwerall sollt agefouert ginn:

    http://www.washingtonpost.com/wp-dyn/content/article/2009/05/06/AR2009050603852.html
    http://edition.cnn.com/2009/POLITICS/03/11/martin.vouchers/index.html
    An hei nach eng ganz interessant Doku vum John Stossel iwwer US-Education:

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s