„Are you fired up? Are you ready to go?”, brellt den scheinbar gudd ausgerouten President Obama duerch de Mikro um Ufank vun sénger Ried fir den ‘Labor Day.’ (1) Dat Ganzt huet scho baal un déi schei Wahlkampf-Zäiten erennert, a genee esou eppes brauch den President Obama elo och. Haut war den éischten Daag vun enger richteger Entscheedungswoch. Nodeems hien d’läscht Woch konnt 4% erem an Emfroen gudd maachen, huet hien de Weekend der erem 3% verluer. Momentan léit hien bei 52%, ze wéineg wann een well grouss Reformen duerch bréngen. (2) Dowéinst huet dann wuel den Rahm Emanuel (Chief of Staff) zesumme mat allen Senior Advisor wuel décidéiert fir esou eng wichteg Woch zeplangen. Et heescht: Alles oder Näischt fir d’Obama Administration.

“Our recovery plan is working”
Ugefaangen gouf d’Ried natiirlech mat engem Merci un d’Labor Movement an dunn natiirlech, wéi kéinnt et an dësen Zäiten aanescht sinn, (zumools wann een eng Ried zu Ohio gett) koum d’Economie. „Financial system has been saved from collapse. Home sales are up. We’re seeing sights of life in the auto industry. Business investment is starting to stabilize. For the first time in eighteen months we’re seeing growth in manufacturing! When was the last time you heard that here in the United States of America?”
Den US Arbeschsmarché haat jo schons am Juli eng gudd Nouvelle parat wéi fir déi éischte Kéier no laanger Zäit d’Zuel vun den Arbeschtsloosen gefall ass. Dat war souguer iwweraschend fir d’Experten, déi net mat sou eppes elo direkt gerechent haaten. Am August hunn awer erem vill Amerikaner hier Arbescht verluer, waat laut dem President “unacceptable” wier. Mee, esou den President Obama wéider, „but for the second straight month, we lost fewer jobs than the month before and it was the fewest jobs that we lost in a year! So make no mistake: we’re moving into the right direction. We’re on the road to recovery Ohio.” Op ‘Yes, We Can’ Riff aus dem Publikum äntwert den Barack Obama mat ‘Yes, We Will’ an ‘Yes, We Are.’

“Ohio, it’s time to act!”

obama
President Obama während sénger Ried um Labor Day

Mee fir eng gudd Economie vu muer zebauen, brauch d’USA eng besser Edukatioun. Eppes waat dem President jo ganz besonneg um Herz léit. Dofir wäert hien och muer (Dennschten) eng “Back-to-school” Ried haalen. D’Ried gouf vun den Republikaner ganz schaarf attackéiert, obwuel een sech muss d’Fro stellen ob sie dann net glëwen dass e President vun engem Land net *all* Bierger representéiert an dofir och soll mat *all* Bierger schwätzen. Ausser dass den Obama muer well déi Ried ginn, huet hien awer zu deem Thema net vill gesoot gehaat.
De President ass wéider gaangen bei dat omnipresent Thema an den USA: Health Care. Zenter dem Teddy Roosevelt (net zeverwiesslen mam FDR) schwätzen se an den USA iwwert dat Thema, den Edward M. Kennedy huet et zu sénger Liewensaufgaab gemaach gehaat, dass Health Care net “a privilege to the few” mee en “Right for everyone” ass. Den President Obama versteet zwar, dass een iwwert esou een Thema muss diskutéieren, mee all Diskissioun esou den Obama misst och emol op een Enn kommen. Hien well den Health Care Act nach 2009 ennerschréiwen. Schon alleng aus wahlkampftechnesche Grënn gouf dat Ziel scho laang ier den Obama iwwerhaapt den “Oath of Office” gemaach huet gesaat. Schliesslech riskéiert een soss bei den Midterms hell ewech zeféieren. Och wann den President Obama e Mettwoch eng wichteg Ried um Capitol Hill hällt, esou huet hien hei schons e besschen eppes duerchblécke geloos. Ob déi grouss Attacke vu konservative Gruppen iwwert d’Gesondheetsreform, obwuel all Joër honnerten vun Amerikaner stierwen well se sech d’Käschten vun enger Operatioun beispillsweis net kennen leeschten, huet den Barack Obama geäntwert: „Their answer is to do nothing!” An hien notzt dee Satz fir en Amerika ennert däer Leedung (do nothing) zebeschréiwen. Typesch Obama oder soll ech soen Jon Favreau. ^^
“Where you never again have to worry about going without coverage – if you lose your job, change your job or get sick. Where there is a cap on your out-of-pocket expenses, so you don’t have to worry that a serious illness will break you and your family. Where you never again have to worry that you or someone you love will be denied coverage because of a pre-existing condition. That’s the reform we’re fighting for. And that’s why it’s time to do what’s right for America’s working families, to put aside the partisanship, to come together as a nation, to pass health insurance reform now — this year.”

„Some things are worth fighting for”
“Nofiir kucken, awer och zereck” war ewuel e Stechwuert wat den Jon Favreau kritt huet. Well nodeems mat der Economie, der Edukatioun an der Gesondheetsreform nofiir gekuckt gouf, huet den Obama mat beispillsweis “equal pay for equal work” zereck gekuckt. Et war dat éischt Gesetz wat den President Obama ennerschriwwen haat. E Gesetz wat endlech an den USA et méiglech mécht, dass Fraen fir déi nämlecht Arbescht genee esouvill verdéngen ewéi d’Männer. Dat war ee vun den Punkten wou hien a säin Géigenkandidat John McCain sech net eenz waaren. Trotzdem ass d’Spill eriwwer. Elo dierfen d’Fraen net méi 75 Cents/Stonn kréien fir eng Arbescht wou e Mann 1 Dollar kritt hätt. „Some things are worth fighting for: Equal pay, fair wages, dignity in the workplace, justice on the job, an economy that works for everybody, because in America there are no 2nd class citizens”, sou den President Obama energesch. „Where you’re leaving your kids something better. Where we live up to our fundamental ideas. Those words were put on paper some two hundred years ago: that we’re all created equal. We all deserve a chance to pursue our happiness and achieve our goals. That is the calling to which we are summoned this Labor Day.”, esou den Obama wéider.
„But I’m going to need you to do it”, seet hien a geet dann op den Ufank vu sénger Ried erem zereck. Stellt déi nämlecht Froen. E perfekte Krees. Da gett nach eng Geschicht ass dem Wahlkampf erzielt. Jiddereen kennt se, dëst Kéier ginn et néi “Informatiounen.” Et war natiirlech d’Entsteeungsgeschicht vu séngem Wahlkampf-Slogan “Fired Up? Ready to Go?”

Dass dat wat den President Obama elo brauch. Oh… wat waar et esou schéin “nemmen” e Kandidat zesinn, elo huet hien d’Verantwortung. An ob hien e grousse Leader ass gesi mer an den nächsten Deeg a Wochen.

„Leadership is about wanting the responsibility to be on your shoulders, not ignoring its weight but knowing someone has to carry it and, reaching out for that person to be you. Leaders are heat-seekers not heat-deflectors.” (3)

Vun dem Standpunkt aus ass hien elo schons e Leader, mee Leaders mussen och wichteg Kämpf gewannen. An fir dat zemaachen brauch hien Hoffnung. Serieux… d’Verantwortung déi hien elo dréit ass d’USA erem op déi Hoffnung zekréien, déi sie während séngem Wahlkampf haaten. Ouni Hoffnung geet näischt. Wann hien et selwer net fäerdeg bréngt mat dëser Woch erem eng ronn 60% vun der Bevölkerung hannert sech zekréien, gett et schwéier d’Gesondheetsreform nach iwwert d’Arrivée, déi se zanter e puer Méint gesäit, zebréngen. Haut war sëcherlech mat dëser Ried an däer hien ganz energesch a kämpferesch war, e gudden Ufank, mee muer muss eng genausou gudd “Back-to-school” Ried kommen an e Mettwoch eng praktesch perfekt Ried iwwert d’Gesondheetsreform.

(1): Déi ganz Ried vum Pres. Obama kucken
(2): Gallup
(3): Fora.tv — Former British Prime Minister Tony Blair’s Address to the Yale College Class of 2008
Picture: Politico.com

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. Holà,

    “…Typesch Obama oder soll ech soen Jon Favreau. ^^”

    Yep…, dem “Jon séng Plomm” huet (sous tous ses moindres aspects…) wiirklech d’Eloquenz an den “doigté” vun engem “einfühlsamen” Pianosspiller…an daat am Alter vun knapp 28 Lenzen…(…gell “cher M. Guaino…”)

    “…an e Mettwoch eng praktesch perfekt Ried iwwert d’Gesondheetsreform.”

    “Lucky looky” mol…

    …wann d’Ried iwwert d’Gesondheetsreform eng réng op d’Beherrschung vum politëschen “Spilli-Spilli” (aka “bait&switch”-Stratégie-waat-d'”centrists”-ubelaangt-muss-op-goen…) oofgestëmmt ass…wäerten d’Chancen e bëssi méi grouss stoen fir se (d’Reform) z.D. “duerchboxen” ze können…(mais, restons réalistes…)

    Wann nët, dann kann d’Ried och esou “perfekt” sinn ewéi een ët wëll…Fakt an der “Realpolitik” (zemools hautdesdaags) bläiwt awer leider:…Nëmmen den Zweck hellëgt d’Mëttelen…oder aanescht ausgedréckt: deen bessi Fräiraum fir “Idealismus/Progressismus-geprägten-Réformen” ass logëscherweis an meeschtens (nët ëmmer…)an Kriisenzäiten wäitaus méi beschränkt als während engem Opschwong…

    Ob se (d’centrists) den Zuch an Richtung “UHC” verpasst hunn, wäert eis wuel nëmmen d’Zukunft soen können…

    Sur ce…

    Hasta
    Pancho

    P.S.: “Lier, lier pants on fire…”

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s