Dass een bei de Kennedys kann duerch aus den Iwwerbleck verléieren ass mer scho bewosst, wann awer souguer grouss renoméiert Zeitungen wéi zum Beispill déi däitsch Zeit een Familjenmember ‘vergesst’ ass dat schon net schlecht. Den Teddy Kennedy wäer den läschten Iwwerliewenden vun der 2. Kennedy Generatioun gewierscht, sou d’Zeit. Wou een sech dann natiirlech freet wat sie mat sénger Schwester Jean Kennedy Smith da gemaach hunn.
Egal… ech well eigentlech jo ob den Joe zeschwätze kommen. Also den Joseph Patrick Kennedy Jr. Hien war de grousse Brudder an eelsten Jong vum Joseph Patrick Kennedy Sr. an dem Rose Elizabeth Fitzgerald. Eigentlech hätt den Joe sollten eng Kéier President ginn. Hien war den ‘Ausserwielten’ vun der Kennedy Famill. Allerdéngs huet d’Tragedie d’Kennedys schons ganz fréi erwescht, wéi den Joe bei engem fréiwellegen Asaatz (eigentlech hätt hien no sénger 25. Missioun kennen heem goen) am zweete Weltkrich ofgeschoss ginn ass. Dass den Joe ni sou berühmt ginn ass wéi séng Bridder ass kloër, fannen et awer traureg wann d’Medien (e.a. e groussen däitschen Fernsehsender) d’läscht Woch jhust bericht hunn, dass dann och elo den 3. Kennedy gestuerwen ass. An hien wäer elo erem vereent mat séngen 2 grousse Bridder. Also den Teddy haat awer schons 12 Joër wéi säi grousse Brudder am Krich gefall ass. Ech ka mer net virstellen, dass hien einfach säin eelsten Brudder vergiess huet, well déi aaner Bridder sou berühmt gi sinn an dass d’Medien ee vergiessen deen am Krich säi Liewe geloss huet dégoutéiert mech jiddefalls ganz staark.

Ech well awer och nach vun engem aaneren Joe schwätzen: dem Joseph Patrick Kennedy II. Hien ass den eelsten Bouf vum fréieren US Senator vun New York an US Attorney General Robert F. “Bobby” Kennedy. Hien war vun 1987 bis ’99 Member am US Repräsentatenhaus fir den 8. District vu Massachusetts. Firwaat bloggen ech iwwert hien? Fir ierch zeverwirren mam ganzen Kennedy Clan? Nee! Ok vielleicht e besschen. 😀 Nee, mee lo mol serieux. Sou krass et och klengt, mee dem Teddy säi Stull am Senat muss fresch besaat ginn. Massachusetts (MA) gesäit do Neiwahlen fir, dëst nodeems d’Demokraten 2004 gefaart haaten bei enger Victoire vum deemolegen Junior Senator vun MA, dem John Kerry, bei den Presidentschaftswahlen giff den Governor vun MA séng Roll als Governor spillen an deen US Senatsetz mat enger Persoun sénger Wahl besetzen. Problem fir d’Demokraten war dass den Governor vun MA 2004 e Republikaner war an Mitt Romney geheescht huet. Dir verstidd firwaat eng Gesetzesännerung gemaach gouf, oder? Tjo, am Dezember oder méi genee den 8. Dezember kennt et dofir bei den MA-Demokraten zu engem Primary fir d’Kandidatur. Am Januar sinn dann d’Neiwahlen. Natiirlech gett iwwert e méiglech Kennedy Kandidat geschwaat. Et geet jo och em den “Kennedy Seat.” Schliesslech haat jo net nemmen den Teddy dee Setz, mee wéi deen nach op der Uni studéiert huet säi grousse Brudder John F. Kennedy. An do kennt den Joe Kennedy (Bobby säi Bouf) an d’Spill. No deem sénger Ried beim “Memorial Service” ass hien kloër ee vun den Hot Prospects.

„[Teddy] was telling me: Never ever ever ever ever give up! You stay in the race! And if people don’t have health insurance you stay in the race. If people don’t have adequate housing, you stay in the race. If people aren’t treated probably, you stay in the race.”

Joe
Kéinnt deen néien Junior Senator vun MA ginn: den Joseph Patrick Kennedy II

Wat ass mam Caroline Kennedy (Meedchen vum President John F. Kennedy)? Hmm… eigentlech raus aus dem Rennen. Wat ech perseinlech Schued fannen, mee nodeems hatt vrun e puer Méint de Senat Setz fir New York (Clinton), deen séngem Monni Robert F. ‘Bobby’ Kennedy mol gehéiert huet, ofgeléent haat aus “private Grënn” schéngt dem Caroline séng Karriere an der Politik eriwwer zesinn… sou wéit een dat bei engem Kennedy ka soen. 🙂

A wat ass mam Vicky Kennedy? (Fra vum Teddy) Naja… gesäit net méi esou gudd ass. Scheinbar si verschidden Familjenmemberen net glëcklech driwwer dass d’Vicky an de läschte Wochen ier den Teddy gestuerwen ass den Zougang zum Teddy soll “verspaart” hunn.

A wat ass mam Patrick J. Kennedy? (Bouf vum Teddy) Hmm… ganz éierlech do gesinn ech weineg Chancen. Mat däer Geschicht giff et zwar eigentlech passen bei e Kennedy fir dann erem ganz Uewen erop zekommen, mee e fréieren Kokain- an Alkohol-Ofhängegen. :/ An alleguerten déi aaner Skandaler. A bei den Presidentschaftswahlen 2008 haat hien fir d’éischt mat séngem Cousin Tim Shriver den Chris Dodd ennerstetz, wéi deen sech dunn bis zreckgezunn haat ass den Patrick op d’Boot Obama gesprong. Dat gett him och net grad eng direkt grouss Ennerstetzung vum Weissen Haus. Séng Chance léien giff ech soen ennert 10%.

An den Teddy Junior? (Bouf vum Teddy) Huet sëcherlech keng schlecht Chance. No sénger ganz emotionaler Ried an der Masse vu séngem Papp gehéiert him anscheinend vill Support innerhalb vun der Kennedy Famill. Wann hien wéillt, da giff hien och gewannen, soll anscheinend déi aktuell Denkwéis bei verschiddenen Kennedy Familjememberen sinn.

Ech giff mol schätzen, dass et e ‘Kampf’ gett teschend dem Joe Kennedy II an dem Teddy Junior. Wann allerdéngs den Teddy Jr. wirklech well, huet den Joe absolut keng Chance. Wann den Teddy Jr. par contre net well, huet den Joe wuel déi gréisste Chancen. A wéi soot den Dan Payne, Democratic strategist, der AP: “He [Joseph Patrick Kennedy II] wouldn’t be human and he wouldn’t be a Kennedy if he didn’t give serious consideration to running for what is known as the ‘Kennedy seat’ in Massachusetts.” E wéideren Bonus fir den Joe: hien huet nach eng 2 Milliounen US Dollar Wahlkampfgeld op der Säit léien.
Ob hien vun denen an den nächste Wochen gebrauch mecht?

EDIT (7.09.2009 – 23:50 Auer): Den Joseph Patrick Kennedy II huet haut an engem Statement un d’Press geschriwwen, dass hien net wäert fir de Posten vum US Senatssetz fir MA untrieten.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s