Ech wëes, ech wëes… et kann een et baal net glëwen. D’nächst Joër gett et eng “General Election” a Groussbritannien. Endlech. Nodeems den Gordon Brown d’Nummer 10 an der Downing Street vum Tony Blair geschenkt kritt haat, muss hien sech d’nächst Joër endlech de briteschen Bierger stellen. Zwar dauert dat nach e puer Méint a wëll hei an Europa praktesch all Wahlkampf erréicht 4 Wochen vrun der Wahl ufänkt gett et och nach keen grousse “Krich” teschend Brown, Cameron, Clegg a co. Trotzdem deet sech lo sou lues eppes.
Wann alles klappt gett d’nächst Joër nämlech Geschicht geschriwwen bei de Wahlen op der Insel. Et soll erem eng “Leaders’ Debate” live um Fernseh ginn. Den David Cameron (Conservatives) haat scho méi laang dozou gesoot: “Any time, any place.”
An och den Nick Clegg (Liberal Democrats) huet schons méi oft eng Debatt verlaangt a gefuerdert: “Don’t leave the Liberal Democrats out of it.”
Eenzeg an alleng den Premier Brown schéngt e Problem mat enger TV Debatt zehunn. Oder dach net? Eng Ausso vu sénger rietser Hand den Peter Mandelson vrun e puer Wochen huet do nämlech fir Verwirrung gesuergt. Laut däer schéngt et wéi wann den Gordon Brown (Labour) awer engem Débat zoustemmen wäert. Firwaat och net, kéinnt een sech d’Fro stellen. Lo mol ofgesinn dass an enger Demokratie vrun enger Wahl emmer sollen Debates stattfannen an och alles soll gemaach ginn fir dass sou vill wéi méiglech Léit déi och kenne verfollegen (virgeschter eben iwwert Radio, gescht iwwert de Fernseh, haut iwwert Fernseh + Internet), sou ass en TV Debat ewuel déi grouss Chance fir d’Labour Partei. Den David Cameron wéisst zenter Méint an der PMQ dass hien keng konkret Idee’en kann ob den Desch léen a kritiséiert léiwer de Premier Brown. Bei engem TV-Debat hätt de Premier Brown d’Chance fir dee britesche Wielerinnen a Wieler kloër zemaachen, dass den David Cameron jhust dat Bloot vum Himmel versprecht, awer keng konkret Virschléi huet. Ob dat Labour duer geet fir déi Wahlen zegewannen bléiwt ofzewaarden an zediskutéieren, mee wann een laut der néister Emfro eng 16% hannert de Conservatives léit, an den Otem vun den Liberal Democrats nach emmer am Hals spiirt (Virsprong op d’LibDems: 6%), kann een net méi jhust verteidegen.

Wa Labour wirklech well déi Wahlen d’nächst Joër gewannen, wann se wirklech wellen Groussbritannien wéider regéieren, bléiwt hinnen näischt aanescht iwwreg wéi
1) zehoffen, dass d’Economie sech am Land net wéider verschlechtert an d’Arbeschtsloosegkeet net wéider an d’Luut geet
2) hier politesch Géigner endlech konkret z’attackéieren.
Labour muss hiert Image an dat vum Gordon Brown an den nächsten Wochen a Méint änneren an hien muss endlech säin bis ewell gréissten Konkurrent do attackéieren wou et deem scheinbar am meeschte wéi deet: bei den Idee’n.

Dofir misst Labour (nach méi wéi déi aaner Partei’en) d’Initiativ vu Sky News gudd fannen an ennerstëtzen. Sky News huet nämlech eng Petitioun gestart, déi den Titel dréit “The Leaders’ Debate Petition.” An och wann se erréicht zanter e puer Minutten online ass, sou hu schons eng 125 Léit um 23:59 Auer CET se ennerschriwwen.
Ech si gespaant waat Labour an de Gordon Brown maachen… 🙂

EDIT (2.09.2009 – 13:39 Auer): Den David Cameron an den Nick Clegg hu schons zougesoot, keng Äntwert awer bis ewell vum Premier Brown. [via]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s