Oppenen Bréif

Däitschland: Eis Nooperen ginn rem méi liberal!

Vill Kloeres steet zwar nach net fest, mee eppes schéngt kloër zesinn: d’FDP ass DEE grousse Wahlgewenner vun dësem “Super-Wahlsonntag” wéi eis Nooperen dësen Sonnden nennen ob deem an 3 Bundesländer gewielt ginn ass. Eppes steet och fest déi fréier Kommunisten elo déi Lénk genannt wannen am Saarland och dobäi a sinn lo souguer méi staark wéi d’SPD.
Sollt et am Saarland zu enger Roud-Roud-Grénger Koalitioun kommen, gett wuel den Oscar Lafontaine den néien Ministerpresident am Saarland. Hien wäer deen éischten lénksextremen Ministerpresident a Westdäitschland. D’Unioun verléiert iwwert 10%, bléiwt awer déi stäerksten Partei. Nierft dem Linksrutsch gett et am Saarland d’Méiglechkeet fir eng “grouss” Koalitioun teschend CDU an SPD. Déi drett a läscht Méiglechkeet ass déi sougenannten “Jamaika”-Koalitioun mat der CDU, FDP an déi Gréng – déi de Sprong an de Landtag och gepackt hunn.

An Thüringen verléiert d’Unioun och staark, bléiwt awer och hei déi stäerksten Partei. Trotzdem ass de Verloscht vun der Unioun Schold drunn dass et keng Koalitioun vun der Mett mat der FDP, déi staark dobäi gewonnen huet, zemaachen. D’Linkspartei kann och hei hoffen ob eng Regierungsbedeelegung an och déi Gréng hunn hei de Sprong an de Landtag gepackt.

Eenzeg an alleng zu Sachsen kann d’Unioun roueg bléiwen. Hiert d’Ziel vun 42% gouf zwar wahrscheinlech laut héichten Heichrechnungen liicht verfeelt, mee well d’FDP esou e staarkt Resultat gemaach huet, ass eng Koalitioun CDU-FDP méiglech. D’FDP huet et souguer fäerdeg bruecht fir zu Sachsen d’SPD ob déi 4. Plaatz zesetzen. Zwar léien déi Liberal jhust knapps vrun der SPD, mee déi Demütegung fir d’SPD ass nawell zimlech grouss. Et ass och fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der FDP dass sie vrun d’SPD bei enger Wahl komm sinn. „Daran könnte ich mich gewöhnen” soot den Guido Westerwelle lachend bei sénger Ried haut den Owend. D’Linkspartei verléiert zu Sachsen ganz knapps während et momentan ausgesäit wéi wann d’NPD et fäerdeg bréngt an zur 2 Kéier an de Landtag erakommen. D’NPD léit momentan bei 5,4% also nemmen ganz knapps iwwert der 5% Grenz.

Allgemeng bléiwt zesoen, dass d’CDU zwar déi stäerksten Partei an alle Länner muss awer -bis op Sachsen – ganz grouss Verloschter abéissen. Duerch déi Verloschter ass eng Koalitioun mat der FDP alleng net méiglech (ausser a Sachsen).
D’Linkspartei gewennt zwar am Saarland, verléiert awer – méi oder manner iwweraschendend – a Sachsen an zu Thüringen.
Déi Gréng sinn nierft der FDP déi eenzeg richteg Wahlgewenner vun dësem Sonnden.
D’FDP wäert wuel a Sachsen mat ob d’Regierungsbänk setze kommen, zu Thüringen an am Saarland verduebelen si hiere Score. Dofir huet dann och de Spëtzekandidat vun der FDP fir d’Bundestagswahl a sénger Ried d’Wahlvictoire fir séng Partei erkläert.

An och wa Steinmeier a Müntefereng sech als Wahlgewenner duergestallt hunn, huet d’SPD méi e grousse Misère wéi d’Unioun a méi grousse Misère wéi nach vrun 24 Stonnen. A kengem Land sinn sie déi stäerkst Partei. Si léien ronn 10% am Saarland, ronn 20% zu Thüringen a ganzer 30% a Sachsen hannert der CDU. Unioun an FDP hätte keng Majoritéit an de Länner huet de Steinmeier gesoot gehaat, allerdéngs huet SPD a Gréng definitiv keng.
Fir d’SPD hätt dëse Sonnden nemme kéinnten besser verlaafen, well elo muss Steinmeier a “Münte” déi ‘Roud-Fro’ beäntwerten. Roud-Roud-Gréng och ob “Bundesebene?” Jo oder Nee?

Als Fazit kéinnt ee vielleicht soen, dass d’FDP, déi Gréng an d’Linkspartei elo méi “roueg” kennen déi läscht 4 Wochen vrun der Bundestagswahl ugoen. D’Unioun muss mat der Kanzlerin elo och endlech Wahlkampf maachen an d’SPD muss 500% ginn fir eng Minimalchance zehunn an eng Koalitioun kennen zekommen.

EDIT (1.09.2009 – 13:21 Auer): Wéi ierch dierft obgefall sinn, gouf dëse Post direkt no den éischten Heichrechnungen geschriwwen. Den Haaptmessage stemmt wuel (menger Meenung no :)) trotzdem sinn e puer Zuelen nach falsch. Hei dat virleefegt Resultat aus den 3 Länner:
Saarland
CDU: 34,5 % – 19 Sëtz
SPD: 24,5% – 13 Sëtz
Lénk: 21,3% – 11 Sëtz
FDP: 9,2% – 5 Sëtz
Gréng: 5,9% – 3 Sëtz
Aaner: 4,6% – 0 Sëtz

Sachsen
CDU: 40,2% – 58 Sëtz
Lénk: 20,6% – 29 Sëtz
SPD: 10,4% – 14 Sëtz
FDP: 10 % – 14 Sëtz
Gréng: 6,4% – 9 Sëtz
NPD: 5,6% – 8 Sëtz
Aaner: 6,8% – 0 Sëtz

Thüringen
CDU: 31,2% – 30 Sëtz
Lénk: 27,4% – 27 Sëtz
SPD: 18,5% – 18 Sëtz
FDP: 7,6% – 7 Sëtz
Gréng: 6,2% – 6 Sëtz
Aaner: 9,1% – 0 Sëtz

Da waaren awer och e puer Gemengenwahlen e Sonnden an Däitschland, wou zu Münster et eng kléng Iwweraschung gouf. Mat 1,989 Stëmmen goufen d’Piraten do mat engem Sëtz eragewielt. Hei ass d’Wahlresultat nozeliesen.