Vill Kloeres steet zwar nach net fest, mee eppes schéngt kloër zesinn: d’FDP ass DEE grousse Wahlgewenner vun dësem “Super-Wahlsonntag” wéi eis Nooperen dësen Sonnden nennen ob deem an 3 Bundesländer gewielt ginn ass. Eppes steet och fest déi fréier Kommunisten elo déi Lénk genannt wannen am Saarland och dobäi a sinn lo souguer méi staark wéi d’SPD.
Sollt et am Saarland zu enger Roud-Roud-Grénger Koalitioun kommen, gett wuel den Oscar Lafontaine den néien Ministerpresident am Saarland. Hien wäer deen éischten lénksextremen Ministerpresident a Westdäitschland. D’Unioun verléiert iwwert 10%, bléiwt awer déi stäerksten Partei. Nierft dem Linksrutsch gett et am Saarland d’Méiglechkeet fir eng “grouss” Koalitioun teschend CDU an SPD. Déi drett a läscht Méiglechkeet ass déi sougenannten “Jamaika”-Koalitioun mat der CDU, FDP an déi Gréng – déi de Sprong an de Landtag och gepackt hunn.

An Thüringen verléiert d’Unioun och staark, bléiwt awer och hei déi stäerksten Partei. Trotzdem ass de Verloscht vun der Unioun Schold drunn dass et keng Koalitioun vun der Mett mat der FDP, déi staark dobäi gewonnen huet, zemaachen. D’Linkspartei kann och hei hoffen ob eng Regierungsbedeelegung an och déi Gréng hunn hei de Sprong an de Landtag gepackt.

Eenzeg an alleng zu Sachsen kann d’Unioun roueg bléiwen. Hiert d’Ziel vun 42% gouf zwar wahrscheinlech laut héichten Heichrechnungen liicht verfeelt, mee well d’FDP esou e staarkt Resultat gemaach huet, ass eng Koalitioun CDU-FDP méiglech. D’FDP huet et souguer fäerdeg bruecht fir zu Sachsen d’SPD ob déi 4. Plaatz zesetzen. Zwar léien déi Liberal jhust knapps vrun der SPD, mee déi Demütegung fir d’SPD ass nawell zimlech grouss. Et ass och fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der FDP dass sie vrun d’SPD bei enger Wahl komm sinn. „Daran könnte ich mich gewöhnen” soot den Guido Westerwelle lachend bei sénger Ried haut den Owend. D’Linkspartei verléiert zu Sachsen ganz knapps während et momentan ausgesäit wéi wann d’NPD et fäerdeg bréngt an zur 2 Kéier an de Landtag erakommen. D’NPD léit momentan bei 5,4% also nemmen ganz knapps iwwert der 5% Grenz.

Allgemeng bléiwt zesoen, dass d’CDU zwar déi stäerksten Partei an alle Länner muss awer -bis op Sachsen – ganz grouss Verloschter abéissen. Duerch déi Verloschter ass eng Koalitioun mat der FDP alleng net méiglech (ausser a Sachsen).
D’Linkspartei gewennt zwar am Saarland, verléiert awer – méi oder manner iwweraschendend – a Sachsen an zu Thüringen.
Déi Gréng sinn nierft der FDP déi eenzeg richteg Wahlgewenner vun dësem Sonnden.
D’FDP wäert wuel a Sachsen mat ob d’Regierungsbänk setze kommen, zu Thüringen an am Saarland verduebelen si hiere Score. Dofir huet dann och de Spëtzekandidat vun der FDP fir d’Bundestagswahl a sénger Ried d’Wahlvictoire fir séng Partei erkläert.
guido

An och wa Steinmeier a Müntefereng sech als Wahlgewenner duergestallt hunn, huet d’SPD méi e grousse Misère wéi d’Unioun a méi grousse Misère wéi nach vrun 24 Stonnen. A kengem Land sinn sie déi stäerkst Partei. Si léien ronn 10% am Saarland, ronn 20% zu Thüringen a ganzer 30% a Sachsen hannert der CDU. Unioun an FDP hätte keng Majoritéit an de Länner huet de Steinmeier gesoot gehaat, allerdéngs huet SPD a Gréng definitiv keng.
Fir d’SPD hätt dëse Sonnden nemme kéinnten besser verlaafen, well elo muss Steinmeier a “Münte” déi ‘Roud-Fro’ beäntwerten. Roud-Roud-Gréng och ob “Bundesebene?” Jo oder Nee?

Als Fazit kéinnt ee vielleicht soen, dass d’FDP, déi Gréng an d’Linkspartei elo méi “roueg” kennen déi läscht 4 Wochen vrun der Bundestagswahl ugoen. D’Unioun muss mat der Kanzlerin elo och endlech Wahlkampf maachen an d’SPD muss 500% ginn fir eng Minimalchance zehunn an eng Koalitioun kennen zekommen.

EDIT (1.09.2009 – 13:21 Auer): Wéi ierch dierft obgefall sinn, gouf dëse Post direkt no den éischten Heichrechnungen geschriwwen. Den Haaptmessage stemmt wuel (menger Meenung no :)) trotzdem sinn e puer Zuelen nach falsch. Hei dat virleefegt Resultat aus den 3 Länner:
Saarland
CDU: 34,5 % – 19 Sëtz
SPD: 24,5% – 13 Sëtz
Lénk: 21,3% – 11 Sëtz
FDP: 9,2% – 5 Sëtz
Gréng: 5,9% – 3 Sëtz
Aaner: 4,6% – 0 Sëtz

Sachsen
CDU: 40,2% – 58 Sëtz
Lénk: 20,6% – 29 Sëtz
SPD: 10,4% – 14 Sëtz
FDP: 10 % – 14 Sëtz
Gréng: 6,4% – 9 Sëtz
NPD: 5,6% – 8 Sëtz
Aaner: 6,8% – 0 Sëtz

Thüringen
CDU: 31,2% – 30 Sëtz
Lénk: 27,4% – 27 Sëtz
SPD: 18,5% – 18 Sëtz
FDP: 7,6% – 7 Sëtz
Gréng: 6,2% – 6 Sëtz
Aaner: 9,1% – 0 Sëtz

Da waaren awer och e puer Gemengenwahlen e Sonnden an Däitschland, wou zu Münster et eng kléng Iwweraschung gouf. Mat 1,989 Stëmmen goufen d’Piraten do mat engem Sëtz eragewielt. Hei ass d’Wahlresultat nozeliesen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. D’CDU souwéi d’SPD mussen aus der Regierung eraus. Bei der CDU hunn ech zwar keng grouss Hoffnungen well den (däitschen) Wieler einfach ze domm ass fir ze réaliséieren ewéi ee Misère déi Partei an de leschten Joeren ugeriicht huet (eleng dem Rollstuhltäter seng Gesetzer sinn all onverzeihlech). Mä ech ginn mech schon zefridden, wann d’Verräterpartei esou ee richteg festen Trëtt an den A… kritt.

    Reply

  2. […] Optimistischer denkt hingegen Tom Heles, der meint, Deutschland würde liberaler werden. […]

    Reply

  3. “Eppes steet och fest déi fréier Kommunisten elo déi Lénk genannt wannen am Saarland och dobäi a sinn lo souguer méi staark wéi d’SPD.”

    – Vorläufiges amtliches Endergebnis Saarland: SPD 24,5 %, Linke 21,3 %

    “Sollt et am Saarland zu enger Roud-Roud-Grénger Koalitioun kommen, gett wuel den Oscar Lafontaine den néien Ministerpresident am Saarland.”

    – Net grad, oder? Mat Thüringen + Bodo Ramelow stemmt de Satz awer rem… 😉

    Reply

  4. eis deitsch frënn schengen bei den drei landeswahlen e bessi mei kritesch gewielt ze hun ewei mir “brav an linientrei” lëtzeböörger;-) daat bei de läschte wahlen an eisem miniland gemeet hun. mol kucken ewei et bei hieren grousse wahlen an e puer wochen geet!

    ech denken et geet eis hei am land nach ze gudd! also brauch d’volleck sech nach net per wahl ze reageiren! mir luxusbiergerInnen sin einfach ëmmer déck zefridden, wann et eis net zevill un de portmonni geet a mir weider an eisem luxusburg weider der gottheet konsum kenne frönen ouni bedenken!

    ech sin oft an deitschland, hun vill frënn do, dei wëssen wuerfier sie net mei esou extra riets wielen, do geet et nämlech sozial d’schëssergaas erof:-(

    Reply

  5. Zitat: “Eppes steet och fest déi fréier Kommunisten elo déi Lénk genannt wannen am Saarland och dobäi a sinn lo souguer méi staark wéi d’SPD. Sollt et am Saarland zu enger Roud-Roud-Grénger Koalitioun kommen, gett wuel den Oscar Lafontaine den néien Ministerpresident am Saarland. Hien wäer deen éischten lénksextremen Ministerpresident a Westdäitschland.”

    Vun mir aus kann jo all Mensch schreiwe wat e well, mais bei der passage hei stemmt sou ziemlech guer naischt. Resultat am Saarland: SPD 24,5 %, Linke 21,3 (!); Also sin dei Lenk am Saarland net mei staark wei d´SPD (!), an den Oskar Lafontaine get och net rem Ministerpräsident (!).

    Reply

  6. “…D’FDP huet et souguer fäerdeg bruecht fir zu Sachsen d’SPD ob déi 4. Plaatz zesetzen. Zwar léien déi Liberal jhust knapps vrun der SPD, mee déi Demütegung fir d’SPD ass nawell zimlech grouss. Et ass och fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der FDP dass sie vrun d’SPD bei enger Wahl komm sinn.”

    As leider och net wouer, wann och ganz knapps; den richtigen Resultat as genau de contraire vun der 1. Prognose aus dem TV: SPD 10,4, FDP 10,0… Den Guido huet sech vielleicht e besse ze frei gefreet 😉

    Reply

  7. Jo stemmt. Sorry hat de Post direkt no den éischten (resp. fir Sachsen 2ten) Héichrechnung geschriwwen. Hunn lo d’Endresultat dobäi gesaat. 😉

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s