De 27. September wielen eis Nooperen an Däitschland en néien Bundestag, dowéinst – mee net nemmen dowéinst – haat ech mech déi läscht Woch bis an hier Haaptstaat gemaach fir mer op der Platz eng Meenung iwwert den Ufank vun dësem Wahlkampf zemaachen.
Wéi hei zu Lëtzebuerg am Mee/Juni, mierkt een och an Däitschland net direkt dass lo e Wahlkampf leeft. Op engem öffentlech rechtlechen Sender sooten se nach vrun e puer Deeg “Steinmeier macht Wahlkampf und keiner macht mit.” Recht hun se. Mee souguer de Steinmeier selwer mecht kee gudde Wahlkampf. Wann e beispillswéis op engem Grillfest bis laanscht kuckt fir en Thüringer z’iessen, dësen dann awer léiwer an der schwarzer Limusine esst, mécht e kee gudde Wahlkampf. An och hier Wahlplakater sinn zimlech moor. Keng grouss Informatioun. D’Idee fir déi “normal” Bierger an de Mettelpunkt zesetzen ass zwar net schlecht, mee um Enn vun enger Campagne gett nach emmer e Politiker gewielt an do – léider ganz oft- nemmen déi déi d’Léit an de Wochen vrun de Wahlen am meeschte gesi goufen. D’läscht Woch huet „d’Verräterpartei” zwar e Prozent op d’Unioun gutt gemaach, mee eng Ophueljuegd wéi se 2005 den Gerhard Schröder higeluecht haat schéngt sengem „Frank” net zegelengen.
E Punkt gudd gemaach huet dann och déi Gréng Fraktioun an dëser Woch. Ech féieren dat elo einfach emol ouni irgendwelch wéider Informatiounen zehunn op déi super Leeschtung vum Trittin bei “hart aber fair” zereck. Dat war keng schlecht Show an och d’Wahlplakater hunn mech staark iwwerascht. Keng 4 Fangeren, mee e Spill mat de Farwen gett vun deenen Gréng benotzt fir fir sech selwer Reklamm zemaachen. Beispillswéis gesäit een en Atombehälter, dee giel ass mat engem schwarzen Atomzeechen drop, an drenner steet “Nicht Schwarz-Gelb. Grün aus der Krise!” Obwuel e muss soen, dass sech zum Beispill de Guido Westerwelle mat der FDP dofir asetzt dass Däitschland an der nächster Legislaturperiod endlech atomfrei gett. Mee eng Kéier oder méi oft net 100% d’Wouerecht soen, gehéiert och zum Wahlkampf dobäi.
Dovunn kann souguer eise Jean-Claude e Lidd sangen. Huet hien nach vrun de Wahlen hei am Land sech géint déi däitsch Regierung gewiert, sou konnt een an der Emissioun “Kanzlerin Merkel” um ZDF materliewen wéi hien dës an héichen Téin geluewt huet. Hien kéinnt am Krisenmanagement vun der däitscher Regierung (also dann och um Kämpfen géint d’Stéieroasen an d’Opsetzen vun enger groer Lescht) näischt Falsches erkennen, huet hien ganz stolz behaapt. Dëst dann ganz noom Motto “De Juncker seet waat Saach ass. Elo. No de Wahlen.” Firwaat mécht hien dat? Keng Ahnung. Et ass scho verwonnerlech schliesslech brauch d’Madame Merkel an dësem Wahlkampf keng international Ennerstetzung, dofir ass d’Konkurrenz einfach zeschwaach. Den (spéiden) Optrett beim US President Obama an den USA war zwar net onbedengt wichteg fir dee Wahlkampf, mee huet dach an enger gewessener Form de Sputt teschend der Kanzlerin an dem Kanzlerkandidat Steinmeier nach eng Kéier méi grouss gemaach an den President Obama huet noo séngem Optrett vrun der Siegessäule dann elo noom Motto “return the favour” gehandelt. Deen Optrett war vielleicht schons daat definitiv Enn vun allen Dreem vum Steinmeier a sengen “Genossen.” D’Wahlplakater vun der Unioun sinn och net extrem, mee sie si ganz clever well se scho baal mat 2 Kandidaten an d’Rennen ginn. Do wäer d’Kanzlerin Merkel an den nach vrun e puer Wochen onbekannten zu Guttenberg. Dass de Wirtschaftsminister esou ageschloen huet an direkt e vun de beléiwsten Politiker an Däitschland ginn ass ass schons verwonnerlech.
D’FDP ass déi 3. stärkst Partei a spillt och esou am Wahlkampf. Et gett ob d’Léit gesaat an ob en (ganz oft) klengen Message. Zum Beispill stinn ‘normal’ Bierger ronderem de Spëtzekandidat Westerwelle an ennen am Eck dann “Deutschland kann es besser” oder “Mehr Netto von Brutto.” D’FDP sinn dann och déi eenzeg déi den “Steuerschwur” an der Bild Zeitung ennerschriwwen hunn. Kommen si an eng Regierung, ginn d’Stéieren net erop. Dass een esou e Versprichen muss anhaalen ass kloër. Et kann een zwar denken waat e well iwwert d’Bild Zeitung mee ech giff mer déi als Politiker net onbedengt zum “Feind” maachen. Trotz allem bléiwt d’FDP bei ronn 14/15 Prozent. Am Januar a Februar haaten se nach un der 19/20 Mark gericht. Ob déi Liberal erem kenne beileen, gett wuel spannend nozekucken.
Ob déi Lénk iwwerhaapt bei dëse Wahlen eppes brengen och. No der Reportage vum Gysi op Phoenix Mett vun der Woch dierft et wuel net grad an d’Luut goen fir d’Linkspartei. An och den Lafontaine ass och net grad dee Garant fir Stemmen zefänken. Souguer an den néien Bundesländer verléiert d’Linkspartei an Emfroen. Dëst a verschiddenen Stied fir déi éischte Kéier zenter hierer Grennung. D’Partei selwer ass och gespleckt, sou gouf et um Parteidaag vrun e puer Wochen baal e Sträit op deen d’Medien natiirlech gewaard hun. Et gouf alles awer enner 4 Aan “geklärt”, also… et gouf keen öffentlechen Protest. D’Wahlplakater vun der Linkspartei sinn awer den absolute Glanz. “Da legt’s di nieder.” Op all Plakat (jiddefalls all déi déi ech an däer Woch gesinn hunn an dat waren der schon e puer) schréiwt d’Linkspartei “Wir wollen…” Dat sinn Wahlversprichen déi kennen se anhaalen ouni Zweifel. Sie wellen zum Beispill dass méi Arbeschtsplaatze geschaaft ginn. Dat ass eppes waat all aaner Partei op lénks, liberal oder konservativ direkt giff mat ennerschréiwen. Wann d’Linkspartei sou bei den TV Dueller optrett, jee… et wäer e Cadeau un déi aaner Partei’en. Ween dovun net profitéiert an d’Linkspartei dann net a Grond a Buedem schléit, huet et och net verdengt an enger Regierung zesetzen.

Mee ier eng Regierung opgestallt gett muss fir d’éischt nach gewielt ginn an dat setzt viraus dass d’Léit iwwerhaapt wiele ginn. 2005 waren iwwer 20% net gaangen an dat WAR e Wahlkampf, een deen definitiv polariséiert huet. Elo, 2009… jee… momentan giff ech schätzen dass vielleicht knapps 60% wiele ginn. Eng wéider Chance fir kléng Parteien wéi zum Beispill d’NPD, déi jo zu Thüringen scho fir vill Wirbel gesuergt hunn.

De 27. September sinn d’Wahlen. Hoffentlech geet et an den nächsten Wochen endlech mat engem richtege Wahlkampf lass…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

2 Comments

  1. Hola,

    “…dësen dann awer léiwer an der schwarzer Limusine esst, mécht e kee gudde Wahlkampf.”

    Et kann een jo nie wessen waat mat der Limousine keint passeieren…elo passen se leiwer zwee mol besser op…LOL…

    Reply

  2. lol… jo souwäit haat ech mol net geduercht. Net schlecht ^^

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s