Noom Joe Biden (“I have doubts, but we’re going to withhold comment”) huet dann och elo den Barack Obama eppes ‘Falsches’ gesoot gehaat. Hien haat behaapt, dass d’Behuelen vun der Police vun Cambridge (Massachusetts) “stupidly” gewierscht wäer. Waat war geschidd? D’Police haat den Henry Louis Gates Jr., e Professor vun der Harvard University, festgeholl well hien anscheinend an en Haus wollt abriechen. Problem: et war säin eegent Haus. Mee den Kommentar deen den Obama virgescht an sénger 4. Primetime News conference (genee souvill Primetime News conferences haat säi Virgänger an 8 Joër gemaach) gesoot haat, huet de President – deen laut Gallup ‘jhust’ nach 56% vun den Amerikaner hannert sech huet – erem zereckgeholl.
An eigentlech ass déi Saach schons erem vergiess, dëst well op der enger Säit Fox ‘News’ fuerdert dass den gefaangenen US-Zaldot Bergdahl soll embruecht ginnn fir der US Army vill Problemer zerspueren. Hien hätt kee Matleed verdengt. [via] Op der aanerer Säit ass dem Obama séng Gebuert erem en Thema. An den Lou Dobbs (CNN) spillt do nawell eng zimlech grouss Roll. Do freet den Jon Steward an der Daily Show den Dobbs op hien iwwerhaapt giff de CNN kucken. Firwaat a wéi hien dëst ganz blöd Dauerthema behandelt kann een hei nach eng Kéier kucken.

Natiirlech muss ech ierch och d’Keynote Address um Jefferson-Jackson Bailey Dinner 2009 och nach verlinken. Dëst Joër haat jo den Gov. Brian Schweitzer vu Montana d’Eier fir déi Ried zeginn. Hei kann een se nach eng Kéier kucken. Vun Immigratioun iwwert Health Care bis hin zu enger spontanen Versteigerung ass alles dobäi. De Brian Schweitzer huet definitiv d’Potenzial fir eng Kéier eng richteg grouss Nummer an der amerikanescher Politik zespillen.
Den Brian Schweitzer wäert zwar 2010 net erem fir en “Office” kandidéieren, mee verschidden Kollegen vun him sinn awer dobäi. An 2010 gett nawell interessant, elo wou et wuel nach eng knapp 6 Wochen sinn ier d’Kandidaten wuel all bekannt sinn, déi et welle probéieren. Elo schons gett gekuckt wou ween wéi kéinnt gewannen. 2 Rennen gi wuel ganz interessant: Missouri (Senate) an Ohio (Senate). Bei allen 2 hällt e Republikaner op, mee Missouri gouf jo bekanntlech ganz knapp (manner wéi 6000 Stemmen) vum McCain gewonn, an Ohio vum Obama. Wannen d’Demokraten zu Missouri ass dat Positiv fir den President Obama, verléieren se zu Ohio ginn – egal wéi et an den aaneren Stied leeft – Republikaner als Gewenner eraus. Alles schéngt also 2010 mussen op Missouri an Ohio kucken an den Chuck Todd vun NBC freet sech och schons drop.

Mee während d’USA erréicht d’nächst Joër erem wiele geet, sinn d’Lëtzebuerger erréicht erem an 2 Joër drunn. Well lo hu mer jo och endlech eis aal néi Regierung an hiere Koalitounsaccord ass – waat e bis elo dovunner gesinn huet – op éischter Basis (Homo Marriage) voll mat Sandkäeren. Als Reformer well d’CSV an d’LSAP sech dohinner stellen sinn awer keng wann se op der enger Säit de Klimawandel welle stoppen an den Tanktourismus lues a lues wellen ofschaffen, op der aanerer am Koalitiounsaccord schréiwen dass den obligatoreschen Roudaag op den Tankstellen hei am Land muss opgehuewe ginn.
Komesch ass och waat an der CSV d’Definitioun vun der Demokratie ass. De Fränz Biltgen verléiert zwar 8,000 Stemmen dierf sech awer iwwer weider Ministèren freeën. Während den Jean Louis Schiltz bei engem Gewenn vun 7,570 Stemmen dégradéiert gett an lo ‘jhust nach’ Députéierten ass. An och fir Europa ass et nawell komesch. Wéi d’JDL schons an engem Communiqué geschriwwen haat kéinnt e sech Froe stellen firwaat grad d’Madame Reding vum Jean-Claude Juncker als lëtzebuerger EU Kommissärin nominéiert gouf. Als Erennerung den Charel Goerens haat 6,457 Stemmen méi wéi d’Madame Reding kritt. Den 2ten vrun den eischten…? Jee dat erennert dach ganz staark un dat hei.
Mee d’Affaire 2ten vrun den éischten ass och bei der CSV keng nei. Kommt mir ginn zum Beispill op Jonglënster kucken, eng vun de wéinegen Gemengem am Land wou d’CSV par rapport zu 2004 bei den National- an den Europawahlen verluer huet. Do war bei de läschten Gemengenwahlen 2005 d’Madame Hetto mat 1,678 Stemmen als Eischt op der Lescht gewielt vrum eemolegen Buergermeeschter Denis Dimmer (1,327). Trotzdem huet den Denis Dimmer nach vir eng Zäitchen de Buergermeeschter gemaach, well d’Madame Hetto nach fir d’éischt wollt „iwwert d’Scheller kucken” an léieren. Dat kann e jo lo villeicht nach verstoen, mee wann e bedenkt dass den aktuellen CSV-LSAP-Gemengenrood nemmen 48,75% vun den Wielerstemmen kritt huet ass eppes komesch bei der CSV-Definitioun vum Wuert “Demokatie.” Natiirlech muss lo wéinst dem Ministeschposten fir d’Madame Hetto en néien Buergermeeschter hier. Demokratesch wéi d’CSV ass gett et d’Madame Colling-Kahn, déi 6. Gewielten. Sie ass erréicht an de Gemengerood nogereckelt, mee egal lo Buergermeeschter an dat obwuel sie nemmen 823 Stemmen kritt huet. Den John Breden* (LSAP) haat der 1,061 kritt, wuel méi e grousst Mandat vum Wieler. A wann een an d’Oppositioun kucke geet, gett et nach besser: Irène Schmitt* (déi Gréng) haat 724 Stemmen kritt, an elo haalt ierch fest well et gi ganzer 5(!!) DP Kandidaten déi méi Stemmen kruuten wéi d’Madame Colling Kahn.
Dat sinn:
den Marc Schröder: 838 Stemmen ( = 15 Stemmen méi wéi d’Madame Colling-Kahn)
den Georges Gudenburg: 864 Stemmen ( = 41 Stemmen méi wéi d’Madame Colling-Kahn)
den Roland Weis*: 996 Stemmen (= 173 Stemmen méi wéi d’Madame Colling-Kahn)
den Gilles Baum*: 1,211 Stemmen (= 388 Stemmen méi wéi d’Madame Colling-Kahn)
den Fränz Ries*: 1,601 Stemmen (= 778 Stemmen méi wéi d’Madame Colling-Kahn)
Den fréieren Buergermeeschter Ries huet also baal duebel sou vill Stemmen kritt bei de läschte Wahlen wéi déi nei Buergermeeschtesch. Zum Gleck liewe mer an enger Demokratie… :/

(* direkt gewielt)

Net vill méi demokratesch waren geschter d’Byelections zu Norwich North an England. Mol keng 50% sinn wiele gaangen an domatter war et scho baal kloër dass d’Tories dësen sëcheren Labour Setz wäerten gewannen. Sou sollt et dann och kommen an sou wäert d’Chloe Smith dat néit Baby of the House ginn a léist domatter Jo Swindon (Lib Dems) of. Labour huet et iwwrengs nach sou jhust vrun d’Lib Dems gepackt, déi awer och 2% mussen a beissen. Labour kritt 26,7% manner u Stemmen wéi nach d’läschte Kéier. Ganz knapp hannert d’Lib Dems kennt d’UKIP déi et fäerdeg brengen déi Greng op déi 5. Plaatz zesetzen. BNP kritt 2,74% a kennt op déi 7. Plaatz. Trotz den gudden Viraussetzungen fir d’Conservatives, kommen d’Tories net iwwert 40% a bléiwen bei 39,54% hänken. Dëst kéinnt wuel domatter zedinn hunn, dass den Tory Leader David Cameron dem Julie Kirkbride erem eng 2. Chance well ginn. D’Madame Kirkbride haat gesoot bei de nächste Wahlen net méi wellen unzetrieden wéinst hierem Involvement am “expenses scandal.” Déi nei Ausso vum Cameron ass en typeschen Flip-Flop. [via]
A während den David Cameron sech muss domatter ploen kritt den Nick Clegg – deen vrun e puer Deeg a fresh start for Britain ugefaangen huet – kritt prominent Ennerstetzung. Keen Gerengeren wéi den “Harry Potter” Daniel Radcliffe huet an engem Interview gesoot: “I rather like Nick Clegg. At the next election I will almost certainly vote Lib Dem. If all the people who liked them voted for them you could change politics overnight and we could have a proper three-party system.” Iwwert de Gordon Brown huet hien gemengt: „Paul Merton said, and I agree with him, ‘it’s a tragedy that this man has waited all his life to do this job – and now he finds out he can’t do it.’ I don’t like the New Labour thing. I never experienced the optimism of New Labour, I was too young but I hear everyone was up and it was fantastic. I’ve only seen the bad years of it.”
An den David Cameron? “No! No, no, no, no, no! David Cameron is barely distinguishable from Tony Blair.”
A firwaat gi momentan emmer manner Léit wielen? “I think the reason why people don’t vote is because the politicians are all so central now, it doesn’t seem to matter who you vote for.”

Et schéngt also wéi wann d’Equipp vum Harry Potter, obwuel d’Bicher méi konservativ sinn an d’JKR eng Labour Memberskaart huet, éischter méi liberal also sinn. D’Liberal Youth am UK freet sech an hunn den Daniel Radcliffe schons op hier Autumn Conference invitéiert. Ganz ennert dem Motto „Muggles for Clegg.”
Beim läschte Sonndage luchen iwwerengs d’Lib Dems em den Nick Clegg jhust nach 1% hannert Labour. Mee waat kann mat dëser prominenter Ennerstetzung elo schons nach bei de kommenden Wahlen schief goen…?!? 🙂

clegg

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s