Hei dann endlech den ugekennegten Reck- an Ausblëck. Sorry dass et dann awer sou laang gedauert huet, mee dofir ass de Post dann och wéinstens e besschen méi laang. 🙂
Ech wenschen all mengen Lieser en erhuelsamen Summer ’09!

~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~~
Reckblëck

Statistesch gesinn goufen et an den 365 Deeg ganz genee 103 Beiträg, dat heescht an der Moyenne gouf et all 3,5 Dag en néien Post. Am ganzen koumen et dann dunn och bei deenen 103 Beiträg zu 266 Kommentarer. De beschten Dag war dann den 7. Juni dëst Joër wou eng 319 Léit de Blog besicht hunn. An och wann een ob d’Méint kuckt gesäit een e ganz kloëren Opwäertstrend fir de Blog. Eenzeg gréisser Ausnahm ass do den Februar, mee do war ech am Gaangen de Blog z’änneren, resp. an der Vakanz an et gouf keen een néien Post an deem Mount.

statistik

Natiirlech ass et ganz erfrehlech dass de Blog fir d’US Wahlen am November och staark besiicht gouf. An dorops well ech dann och lo agoen, respektiv e Verglach teschend den US Wahlen an den Wahlen hei am Land. Dofir dann emol 4 kléng méi oder wéineger Vergläich teschend den US Wahlen an deenen hei bei ons:

Freed vs. Verdrossenheet

Während an den USA am Wahlkampf emmer néi Internetsäiten a Blogs entstaanen sinn, huet sech de Wahlkampf hei am Land baal iwwerhaapt net um Internet ofgespillt. Do war nemmen den RTL Videochat an fir d’Kandidaten vun alle Couleuren Facebook. Et konnt e jo baal net méi op Facebook goen ouni dass engem Sprëch wéi “Ech engagéieren mech emmer ganz staark” oder “komm einfach bis eran” (dëst bei enger weiblecher Kandidaten btw) zeliesen kritt huet. Eng Diskussioun doriwwer gouf et schons bei Pianocktail. Jo, ech wees wat den Obama gemaach huet bréngt net all Politiker fäerdeg, och net an den USA. Esou eng Hoffnung bei de Léit lass zeléissen ass schons eenzegarteg, mee irgendwéi hunn ech d’Gefill wéi wann d’Amerikaner nach méi Politik an hierem Liewe wellen wéi d’Europäer. Während een hei an Europa scho muss kucken a sichen fir eng Sendung zefannen wou iwwer aktuell politesch Themen mat Experten a Vertrieder vun den Partei’en geschwaat gett, kann een sech an den USA et scho baal aussichen. En faite, et muss een souguer eng Selektioun maachen well een se net all ka kucken wéinst ganz oft der nämlechter Sendezäit.
Eigentlech misst ee jo mengen dass grad an sou schwieregen Zäiten d’Léit sech méi fir d’Politik interesséieren an hiere Choix maachen nodeems sie ganz laang villeicht driwwer nogeduercht hunn. Dat ass awer wuel net de Fall. Schons an der éischter Wahlkampfwoch huet een de Sproch héieren: ‘Wat sinn ech frou wann et eriwwer ass. Dat nervt!’ Ech zerbrieche mer momentan zimlech de Kapp wéi een déi Attitude bei de Lëtzebuerger kéinnt änneren, mee bis ewell ass nach keng genial Idee dobäi erauskomm.

Vill Zeitungen vs. eng ganz grouss Zeitung

Schwiereg gett dat allemol, zumools wann een op d’Medien kuckt. Während et an den USA och net perfekt ass (FOX News waren déi mat den objektivsten Reportagen während dem Wahlkampf, dat seet genug) hu mir hei am Land e ganz grousse Problem wat d’Medien ugeet. Vill Léit hunn sech driwwer opgereegt, dass déi Blo, déi Roud, déi Gréng an den adr sou vill Saachen duercht Post gescheckt hunn, während sie op der aanerer Säit dach d’CSV geluewt hunn dass déi keng sou Saache maachen. Firwat sollten se dann och? D’CSV huet d’Wort, wat vu baal all Lëtzebuerger gelies gett. Do sinn op de Fotoen d’Léit vun der CSV. Et gett souguer säi Bescht gemaach fir déi vun den aaneren Partei’en net op d’Foto dropzekréien. Do sinn de Juncker an de Frieden d’Retter vun der Natioun, während een iwwert all déi aaner Partei’en nemmen Negatives dierf liesen. Jo, souguer d’CSV Informatiounsblaat fennt een an der konserativer Zeitung erem. Mee eigentlech misst am Internet do d’Léisung léien. Déi Generatioun déi lo grouss gett, déi a 5 Joër wiele ginn, liesen keng Zeitung méi. Zumools nodeems déi aal Medien dach d’läschte Mount gestuerwe sinn. Op Facebook, Twitter oder Blogs, den Internet ass méi séier an déi aal Medien hunn et einfach net verstaanen fir déi nei Medien anzebauen. Eenzeg an alleng muss ech do e briteschen Fernsehsender deen mat Sky ufänkt a mat News ophällt luewen. Sie hunn alt wéinstens mat Hellef vun Cover It Live fäerdeg bruecht, d’Tweets iwwert den Iran an hier Säit mat an zebauen. Dass déi aaner Medien nach guer net sou wéit sinn beweisst d’Allgemeine Nutzungsbedingung vum Wort [via “out of season”].

Laang TV Debatten vs. “Lo ass et schons eriwwer” Debatten

Lächerlech ass a bléiwen d’Fernsehdebatten hei am Land fir d’Wahlen. An enger grousser Table ronde gett den Jean Asselborn attackéiert dee well äntweren a kritt vun den RTL Moderatoren gesoot, dass elo fir d’éischt nach den André Hoffmann dierf eppes zu deem ugeschniddenen Thema soen. Klengt logesch, wann e mengt dass den Jean Asselborn sech schons zu deem Thema geäussert hätt, dëst war awer net de Fall. Nom André Hoffmann huet dunn den LSAP Spëtzekandidat och dierften an d’Ronn agréiffen a kruut direkt eng Fro vun den Moderatoren gestallt. De Faite dass normalerweis den attackéierten Politiker dierf op Virwerf géint hien direkt äntweren haaten se erem vergiess.
Lächerlech war do och den Optrett vum Fränk Goetz am “TV Duell” teschend dem Jean-Claude Juncker a Claude Meisch. Zum Schluss vum Debat huet den Juncker nach eng Kéier sou richteg dierften den Claude Meisch an d’DP attackéieren, dunn war den Duell eriwwer. Keng Chance fir z’äntweren. Mee bon, souguer d’Wort huet dem Fränk Goetz jo eng schlecht Note fir deen Debat ginn.
An den USA hätt déi Saach awer aaner Consequenzen gehaat. Et dierf een nemmen un den läschten Debat teschend Clinton an Obama am Virwahlkampf erenneren, wou d’Léit an der éischter Stonn guer näischt Neies gewuer gi sinn. Wat war du geschidd? Déi aaner Medien hunn hier Kollegen vum aaneren Sender mat an der Luut zerappt, den Internet war voll vu roosen Léit, an d’Bréifkescht vum Sender war mat Bréifer iwwerfellt.
Firwaat een eigentlech hei am Land un enger Stonn Table ronde festhällt ass och nawell zimlech fraglech. An den USA ass een fir manner Kandidaten méi laang am Gaangen, a bei 2 Kandidaten ass den absolute Minimum 1,5 Stonn. Wéi sollen hei am Land déi 7 Spëtzekandidaten an 60 Minutten (minus 2 Minutten Intro, minus e puer Minutten fir déi eenzel Schlusswierder) wirklech iwwert d’Themen diskutéieren? D’TV Debaten missten definitiv méi laang sinn.

“We’ll be here ‘til it’s over” vs. “Mir machen elo Schluss”

D’Reportage um Wahldag selwer war awer gudd, oder? Naja, sou hallef. Witzeg war dass een am November den richtegen Wolf Blitzer vun CNN konnt gesinn, bei de Bildschirmer op- an ofgoen, an am Juni den Fränk Goetz een op Blitzer gemaach huet. Ech hu souguer doroper gewaart, dass et en “Hologramm Interview” mat irgendenger Journalistin vum RTL giff ginn. Dozou ass et leider awer net komm. Eenzegen gréisseren Ennerscheed teschend den 2 Owender war awer alt erem d’Sendezäit an d’Konzept. Firwaat brauch een teschenduerch nach eng Kéier e Journal, wou een jhust alt erem d’Heichrechnung vun TNSIlress gewuer gett?
A während de Wolf Blitzer versprach haat déi ganz Nuecht fir d’Léit duerchzemaachen (zu däer et dunn eben duerch e Landslide vum Obama net komm ass) huet den RTL e beemol Schluss gemaach. Dëst obwuel se grad an engem Interview gesoot kritt hunn dass an der nächster Halwerstonn wéider Resultater giffen bekannt ginn. Sie hunn op de Journal um Radio verwissen, deen dann ab 6 Auer d’Resultat hätt, oder et soll een bis 19 Auer Owes warden da wären nämlech Goetz a Maart erem am Asaatz. Ech muss awer dann och hei op dëser Plaatz hinnen e grousse Merci soen, haat ech schons um Metternuecht geduercht, dass ech wuel den Heichpunkt a Saachen Quoten bei mengem LIVE Blogging ereecht hätt (zu deem Zäitpunkt waren et der ganz genee 72), sou huet d’Enn vun der RTL Emissioun mer nach eng Kéier eng 30 Léit bruecht. Jo, 100 Léit waren nach um 1 Auer bei mengem LIVE Blogging dobäi. Eng Zuel mat däer ech méi wéi zefridden sinn, zumools ech dee LIVE Blogging erréicht den Dag selwer ugekennegt hat. Ech well dann nach eng Kéier alle Léit Merci soen déi de LIVE Blogging matverfollegt a matgestallt hunn!

Allgemeng

Ech kann eigentlech mat deem éischten Joër vu mengem Blog méi wéi zefridden sinn. Obwuel ech keng grouss Reklamm gemaach hunn (à la Facebook) hunn ech e puer Léit awer méi fir d’Politik iwwerzeegt an do muss en dobäi soen, dass d’Unzuel vun den Emailen déi ech vun Lieser kritt hunn an de läschten Méint ebenfalls ganz staark an d’Luut gaangen ass. Ob elo déi amerikanesch Wahlen mam LIVE-Blogging vun der 1. Debatt teschend McCain an Obama oder der Wahlnuecht am November, der “Reportage” iwwert d’DNC 2008, an de lëtzebuergeschen Wahlkampf, et huet mer alles zimlech vill Spass gemaach. Mee natiirlech kann ech awer net frou sinn mat “Lauschter op mech!” Ech wäert mech am Summer missten dohinner setzen a mer iwwerleen wéi een déi Saach do kann verbesseren. Well et erschéngt mer wichteg dass wéider, an nach vill méi wéi soss, iwwert Politik geschwaat gett. Eis Stemm ass schliesslech déi stärksten “Waff” déi mer hunn. Dat wees jiddereen wann en eng Kéier an enger Situatioun war, wou eng Persoun guer net mat em geschwaat huet, an déi Persoun engem awer wichteg ass. Et ass e Gefill wat een ganz séier ufänkt mat haasen. Dofir d’Sproch, d’Stemm ass déi stärksten “Waff” déi mer hunn.

Ausbleck – “It is a revolutionary world we live in and thus it is young people who must take the lead.”

Lo mol ofgesinn vun der Victoire vun der CSV ass eppes ganz secher : d’Schounfrist vun deenen jonken Léit ass eriwwer; d’Zäit vun hinnen huet ugefaangen. Op Klimawandel, Finanz- a Wirtschaftskriis, Rezesiounen ronderem d’Welt, héiche Chômage, emmer méi schlechte Schoulsystemer, eng Ofschaffung vun der Mëttelschicht, e scheinbar onendleche Krich am Afghanistan, eng Scheindemokratie am Iran, Irak a China, d’Ennerdrëckung vun den Minoritéiten, de Kampf em dat emmer méi knappt Drënkwaasser, d’Jugend vun haut wees dass et lo un der Zäit ass. En faite, waren et souguer déi Jonk déi sech am meeschten fir d’Programmer an d’Standpunkte vun den eenzelnen Partei’en interesséiert hunn. Dat ass eppes wat hoffe léisst fir d’Zukunft. An Hoffnung ass genee dat wat mir elo brauchen, wéi den Robert F. Kennedy schons soot: “Our answer is the world’s hope; it is to rely on youth.” An dat waat ech schons vrun engem Joër gesoot hunn, stemmt och nach emmer haut op dësem méi vereentenen wéi sonnegen Dennschten am Juli 2009: d’Zäit vun der Jugend ass do an dat soll an däerf awer och net, déi aaner Generatioun ofschrecken. Mir sollen dat do als Chance gesinn. Als Chance Frendschaften ennerteneen zeschléissen, fir gemeinsam vun eneen zeléieren an éis Zieler z’erreechen.

Dat 21. Joërhonnert oder besser gesoot déi nächst Joërzéngten mussen Saachen ugepaack ginn déi laang léie bliwwe sinn, déi laang kee wollt gesinn ; Saachen iwwert déi net oft geschwaat gouf. Eis Welt huet momentan en trauregen Héichpunkt erreecht mat 25% vun alle Fraen déi sexuell messbraucht gi sinn an 10% vun alle Männer. Op der aanerer Säit stierwen all Woch zwou Fraen, well se geschloe goufen. An op der aanerer Halschent vun dëser Welt stierft all dräi Sekonnen e Kand well et näischt z’iessen an/oder ze drenken huet. All Woch kritt hei am Land méi wéi e mannerjähregt Meedchen e Kand a méi wéi eng Persoun den HI Virus. All puer Méint probéiert e Prisonéier sech d’Liewen zehuelen, an e wéideren Jugendlechen kennt an eng Zell mat Drogenofhängegen. All Minutt, déi mir elo nach verginn, déi mir elo net notzen ass eng Minutt, déi dës Welt manner z’liewen huet. All Sekonn, déi elo verschoss gett ass eng Sekonn, déi mer nie mei erem kréien awer nach laang wäerten notraueren.

Wa mer wirklech wellen eppes änneren. Wa mer wirklech d’Welt welle ‘retten’ an eise Kanner erem wellen eng Welt ginn, déi liewenswert ass, da musse mer ganz staark eis Astellung änneren.

Mir mussen endlech hei am Land mam Tanktourismus ophaalen. D’Léit op der ganzer Welt mussen ophaalen Uelleg vun Diktatoren zekaafen. Mir mussen ophaalen sou vill Uelleg zeverbrauchen a probéieren méi op öffentlech Verkéiersmettel zesetzen. Dofir muss dësen zumools hei am Land ausgebaut a komplett verännert ginn. Et kann net sinn, dass een op engem Fréiden oder Samsden Owend schons um 23 Auer – oder heiandsdo nach éischter – de läschte Bus resp. Zuch fir op verschidden Dierfer fiirt. Dofir muss awer och endlech den öffentlechen Transport méi belleg ginn. Firwaat mussen Erwuessener e puer Honnert Euro fir hier ‘Jumbo-Kaart’ dohinner léhen ?

Mir mussen ophaalen däer aanerer Hallschent vun dëser Äerd de Reck zou zerdéien, nemmen well mer net sëlwer wellen gesi waat mer mat deem Deel gemaach hunn. D’Hongernout um ärmsten Kontinent vun der Welt kennt scho längst geléist sinn, wa Politiker net emmer op hiere Porte-Monnaie an stuer op d’Interêten vun hierem Land kucken. An den AIDS Problem kennt och geléist ginn, wa mer eis endlech hannert d’Pharmaindustrie setzen an sou grousse politeschen Drock maachen, dass se net méi aanescht kennen wéi endlech deenen Länner zehellefen. Et kann net sinn, dass Afrika wéinst de Suen net gehollef kritt, wann déi (elo) ‘räich’ Länner dee Kontinent während Joëren ausgebeut hunn.

Déi nächst Joërzéngten mussen awer och de Startschoss sinn fir néi Frendschaften. Frendschaften mat de Länner aus Asien, well sech do d’Liewen an deenen nächste Joëren wäert ofspillen. D’USA si scho längst am Gaangen mam President Obama a Vice-President Biden besser Relatiounen op deem Kontinent opzebauen, mir dierfen do net hannendrun hänken. Mir mussen elo ufänken mat deenen Länner méi an d’Gespräich zekommen. Och wa villeicht verschidde Länner op deem Kontinent net op éiser Chrëschtdagskaart-Lescht stinn, sou dierfe mer de politeschen Dialog net opginn a musse probéieren aus dem wirtschaftlechen Opschwong op dem Kontinent zeprofitéieren. Jo, China beispillswéis kann een net grad als Model-Demokratie bezeechnen, mee seet net e Sprechwuert : „Keep your friends close and your ennemies closer.” ?

A wa mer schons op dem Kontinent sinn. Et kann net sinn, dass mir als Europäer eis dohinner beschwéiere ginn, well dës Länner net sou grouss am Emweltpaak matschaffen. Et kann net sinn, well éischtens mir während Joërzéngten dausenden vun C02 an d’Luut gebloosen hunn, an zweetens well mir nach emmer vill méi an d’Luut bloosen momentan wéi den Duerchschnettsbierger a verschiddenen Länner um asiatesche Kontinent. Wa mir net endlech den éischte Schrëtt maachen, wéi kenne mer deen da vun deenen Länner erwaarden, déi näischt awer och guer näischt zu der aktueller Emweltkriis beigedroen hunn ?

Ech well erem zereck op Lëtzebuerg kommen. D’läscht Joër huet den Ombudskomité fir d’Rechter vum Kand an hierem Joëresrapport festgehaalen, dass 14% vun den Kanner hei am Land an der sozialer Armut liewen. 14 Prozent ! Dat sinn der 111.000 an all Joër kommen der 1.100 bis 1.200 dobäi. Mee et dierft ewuel nach méi schlemm ginn fir 2009. 14 Prozent, dat ass net näischt. Dat kann een net einfach sou an den Hannergrond drecken a vergiessen. Dat heescht all 7. Kand waat Iech hei am Land entgéint kennt liewt an der Armut. All 7. Kand! Zielt eng Kéier wann der duercht Groussgaas gidd d’Kanner déi iech entgéint kommen a bei all 7. soot der “Pardon dass mir et sou wäit komme geloos hunn.” Mat deem Hannergrond dass all 7. Kanner hei zu Lëtzebuerg an der sozialer Armut lierwt ass et natiirlech schons méi logesch, dass hei am Land ee vun den heechsten Taux’en vun Suiciden bei Jonken aus ganz Europa ass.

Den Niccolo Machiavelli huet eng Kéier geschriwwen : „There is nothing more difficult to take in hand, more perilous to conduct or more uncertain in its success than to take the lead in the introduction of a new order of things.”
Jo et wäert schwéier ginn, mee zesumme kennen a wäerte mer et packen. Jo, mir wäerte Feeler maachen, mee keen wäert och nach esou grouss sinn wéi deen elo d’Aan zouzemaachen, d’Zukunft Schwaarz gesinn, an näischt zemaachen.

Don’t walk in front of me, I may not follow.
Don’t walk behind me, I may not lead.
Just walk beside me and be my friend. (Albert Camus)

Et ass kloër dass déi nächst Joëren keng “giant cookies” verdeelt ginn. An et ass och kloër, dass momentan ganz vill Léit nach net um richtege Wee sinn. Déi nach emmer un der aalmodescher Welt welle festhaalen, un däer wou mer Minoritéiten diskriminéieren, wou mer Fraen net de Choix iwwert hiere Kierper ginn, wou mer eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit entscheede loosen, wou mer eise Kanner eng Relioun an der Schoul opzwengen, wou mer wéider CO2 an d’Luut bloosen ouni opzehaalen, wou mer wéider gemietlech Stroum verbetzen, wou mer wéider Drenkwasser verknaschten. Jo, wann een eng aaner Richtung aschléit ass een ganz oft am Ufank baal ganz alleng. Dat däerf awer kee Jonken an och keen Mensch, deen nach jonkt am Häerz ass (^^), dovunner ofschrecken vun dëser aalmodescher a katastrophaler Liewensweis ewech zekommen a säi Liewen aanescht zeliewen. Wéi den Bobby Kennedy a senger läschter Ried soot: : „Fear not the path of truth for the lack of people walking on it.”

Mir kennen an däerfen eis dës Chance, déi eis dei Finanzkriis an enger gewessener Zort bidd, net entgoe loosen. Net nemmen Lëtzebuerg, mee ganz Europa, Afrika, Asien, Australien, Neuseeland, Nord-, Mëttel- a Südamerika brauchen erem déi Jonk ; brauchen néi Idee’en, néi Virstellungen, néi Iwwerleeungen, néi Denkwéisen.

A wéi den Obama zu de Studenten gesoot huet:
„And it reminds me of something Dr. King once said two weeks after bloody Sunday (…): ‘I understand that you are fearful, I understand that you may be near despair, but let me just tell you something: The arc of the moral universe is long, but it bends towards justice.’ It bends towards justice!! But here is the thing young people, it doesn’t bend on its own! It bends because you put your hand on that arc and you bend it into the direction of justice. (…) You make that decision. And if you grap that arc, think about all the power that’s represented here if all of you decide that you are gonna get involved. If you all grap that arc, then I have no doubt, I have absolutely no doubt, [that] the future for my children and my grandchildren and great grandchildren is gonna be bright.”

Kommt mir ginn déi nächst grouss Generatioun, déi nächst Generatioun déi iwwert sech erauswiest. Loost eis dat ereechen. Loost d’21. Joërhonnert d’Joërhonnert vun der Jugend sinn!

Op wéider Joëren ‘Oppenen Bréif’! 🙂

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Reformen duerchzesetzen.“ an hunn dëst am Laaf vun der Zäit emmer erem wiederholl [1, 2). De Bobby Kennedy soot vrun iwwer 40 Joër schons zu engem Grupp Studenten, déi an enger […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s