Ech haat hei an hei schons op de Problem Nordkorea higewissen. Et ass e Problem deen méi schlemm ginn ass, jiddefalls emol verbal.

Den President Obama huet decidéiert fir d’Sanktiounen géint Nordkorea em 1 Joër zeverlängeren. Hien huet dovunner geschwaat dass den nuklear Programm vun den Nordkoreaner “an unusual and extraordinary threat” fir d’USA wier. Nordkorea huet gescht dann den 59. Anniversaire vum Ausbroch vum Koreanesche Krich benotzt fir zebehaapten, dass sech “dark clouds of nuclear war” giffen forméieren. Mee net nemmen dat sie sinn nach méi wéit gaangen an hu gewarnt bei enger “Provokatioun” eng “fire shower of nuclear retaliation” zebidden. Gläichzeiteg sinn eng 100,000 Nordkoreaner op d’Stroos gaangen fir géint d’USA zeprotestéieren.
protest
Protestanten gescht um Kim Il Sung Square zu Pjonjang

Nordkorea kéinnt d’USA “ausläschen” sou déi Responabel zu Pjonjang. Eng Reportage doriwwer – mat Reaktiounen vum Pentagon – gouf et beim Lou Dobbs. De Video kann een hei kucken. Eng Décisioun iwwert d’Kang Nam giff, sou d’Wäisst Haus, zesummen mat Partner geholl ginn. Iwwerdeems d’Pentagon gescht mellt, dass sie méi Booter enner Verdacht hunn déi Waffen sollen am Gepäck hunn. (via)

The United States said it was monitoring “multiple” North Korean ships suspected of carrying weapons and that it would discuss with its allies what to do with one suspect vessel it is tracking.

While the United States has been tracking the Kang Nam since last week, the Pentagon said it is closely monitoring several other North Korean ships allegedly carrying weapons. “We have been interested in this one ship [the Kang Nam], but we’ve been interested in, frankly, multiple ships,” Pentagon press secretary Geoff Morrell said.

D’Madame Defence Undersecretary Flournoy ass dann haut vun Bejing op Seoul geflunn an huet do, der AFP no, eng 30 Minuten Conversatioun mam Lee Sang-Hee, dem südkoreaneschen Defence Minister, gehaat.

Wann vun Atomwaffen geschwaat gett, muss een awer och soen, dass d’USA nawell och zimlech “flott” Waffen hunn. Hei nemmen e kuerzen Extrait aus enger Discussioun mam Scott Ritter an Seymour Hersh iwwert eigentlech den Iran, mee nuklear Waffen sinn och bei der Diskussioun opkomm. Interessant ass d’Ausso vum Scott Ritter iwwert d’„useable nucs”, mee lauschtert selwer:


(Déi ganz Diskussion mam Titel “Target Iran”, déi wirklech empfehlenswert ass, kann een sech hei ganz ukucken.)

Eigentlech bléiwt mer do nemmen nach (aus aktuellem Anlass souzesoen) zejäizen: “WE ARE THE WORLD” Damnit!!!

EDIT: Dat hei passt dann och dobäi:

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s