Den éischten Deel vun “Don’t forget Pearl Harbor! — Obama teschend Roosevelt a Kennedy” fannt dir hei.
—————————————————————————————————————————————————————————–

(22.06.2009 / 12:29 Auer): Wow! Elo erréicht huet RTHell en Deel vun dëser Story matkritt a schréiwt e puer Sätz driwwer (hei) Also d’Schnellegkeet hunn se um Kierchbierg secherlech net erfonnt. Scheinbar hunn sie och nach guer näischt vum Kang Nam matkritt. Respekt!

Fir meng Lieser awer um aktuelle Stand zehaalen: Singapore, e Frend vun den USA, ass laut Aussoen “ready to act” am Fall wou konfirméiert gett dass Kang Nam wirklech Waffen u Board huet. Laut FOX, huet d’USA och hiert Scheff USS John McCain (nee dat ass net nom Senator vun Arizona benannt, mee no séngem Papp a séngem Grousspapp, déi jo och am Krich gekämpft hunn) schons an d’Géigend gescheckt fir d’Kang Nam zestoppen. E Rappel: sollt d’USA dat maachen giff Nordkorea et als Krichserklärung unhuelen an “mat 100 bis 130 %” zereckkämpfen.

Wou Kang Nam wirklech hifiert ass momentan nach onkloër. D’New York Times schwätzt dovunner dass Myanmar d’Ziel vum Boot wäert sinn. D’NYT beriwwt sech do ob den südkoreaneschen Fernsehsender YTN, déi sou eng Nooricht geschter erausginn hunn. D’NYT schréiwen an hierer Onlineausgaab vun haut:

Myanmar, formerly known as Burma, is ruled by a military junta and has long been suspected of buying North Korean arms as well as providing transit services for North Korean vessels engaged in illicit trade. (…) The resolution forbids North Korea to traffic in a wide range of nuclear and conventional weaponry and calls on United Nations members to search North Korean ships, with the crews’ consent, if there are “reasonable grounds” to suspect that banned cargo is aboard. If the crew does not accept inspection on the high seas, North Korea is to direct the vessel to a port for inspection by local authorities there.
Because Myanmar is another nation defying international weapons sanctions, a port there would be unlikely to comply with the resolution.

Nordkorea iwwerdeems akuséiert den President Obama a kritiséiert d’Relatioun teschend den USA an Südkorea ganz scharf. D’läscht Woch war den US-Südkorea Gipfel an dat huet den nordkoreaneschen Autoritéiten guer net geschmaacht, e.a. haat den President Obama jo den Südkoreaner versprach sie vun Nordkorea wäerten zeschützen. An der Staatszeitung Tongil Sinbo vun e Samsden gett dovunner geschwaat dass den President Obama an den südkoreaneschen President Lee Myung-Bak am Gaangen wäeren “to ignite a nuclear war.” Dat mellt jiddefalls d’AFP.

“The US-touted provision of ‘extended deterrence, including a nuclear umbrella’ (for South Korea) is nothing but ‘a nuclear war plan,'” Tongil Sinbo said.
It said it wasn’t a coincidence that the United States has brought “nuclear equipment into South Korea and its surroundings and staged massive war drills every day to look for a chance to invade North Korea.”

D’Asia Times Online schwätzt dovunner, dass

United States President Barack Obama’s Asian team is embarking on an effort to realign political forces in North Asia, draw Japan and South Korea closer to the United States, and undercut Chinese and Russian influence by exploiting North Korea’s posturing.

Dëst kann duerchaus de Fall sinn, well den Lee Myung-Bak dëse Weekend a Japan ass fir do Gespréicher zeféieren. De ganzen Artikel vun der Asia Times Online iwwert eng méiglech d’Strategie vun den USA an d’Problemer déi d’Léit am West Wing momentan bewältegen mussen, awer och d’Feeler déi momentan scho gemaach goufen, ass nemmen z’empfehlen. Dir kennt en hei liesen.

A während den Obama haut am Interview mat CBS seet dass “This administration — and our military — is fully prepared for any contingencies.” (dat ass déi eenzeg Nouvelle déi déi “grouss europäesch Medien” matkritt hunn), huet Nordkorea vrun e puer Minutten d’USA an d’Welt gewarnt, dass sie nuklear Waffen hunn an och giffen direkt zereckkämpfen soubaal sie attackéiert ginn. Sie beschréiwen sech haut selwer als ” [a] proud nuclear power.”

Ofschléissen well ech dësen zweeten Deel vun “Don’t forget Pearl Harbor!” dann mat engem Zitat vum JFK, waat hien am Hierscht 62 gesoot huet:

My fellow citizens: let no one doubt that this is a difficult and dangerous effort on which we have set out. No one can foresee precisely what course it will take or what costs or casualties will be incurred. Many months of sacrifice and self-discipline lie ahead—months in which both our patience and our will will be tested—months in which many threats and denunciations will keep us aware of our dangers.
But the greatest danger of all would be to do nothing.

–> Wann dir iwwert déi aktuell ganz schwiereg a geféierlech Laag wellt informéiert sinn, da bléiwt ierch scheinbar just dëse Blog. Eis national (an europäesch) Medien versoen komplett. Mee bon et ass jo och net fir d’éischt. Ech bléiwe jiddefalls drunn a sollt sech eppes doen, ob elo Nationalréierdaag ass oder net, gidd dir et hei als éischt gewuer. Ech well eben net näischt maachen.

EDIT (22.06.2009 – 17:37 Auer): Den Artikel vun der Asia Times Online schéngt emmer besser zepassen. Wéi d’Associated Press elo schréiwt wäert d’Michèle Flournoy mat enger amerikanescher Delegatioun muer op Bejing fléien fir do während 48 Stonnen Gespréicher mat China, dem gréissten Frend vun Nordkorea, zeféieren. Defence Undersecretary Flournoy wäert dann e Freiden wéiderfléien op Seoul fir wéider Gespréicher mat den Südkoreaner.

EDIT 2 (22.06.2009 – 22:57 Auer): Begréissen an dësem Dilema well ech dann elo och d’Léit vun der BBC, an d’Léit vum Luxemburger Wort. Och wann déi genee wéi den RTL nach näischt vum Kang Nam matkritt hunn.
Muer wäert den President Obama eng Pressekonferenz iwwert d’Situatioun am Iran, d’Situatioun mat Nordkorea an iwwert e puer innepolitesch Saachen haalen.

EDIT 3 (23.06.2009 – 19:50 Auer): Den President Obama huet a sénger Pressekonferenz awer net iwwert Nordkorea geschwaat. Déi Decisioun soll anscheinend e puer Stonnen virdrun erréicht geholl gi sinn.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

One Comment

  1. […] Juni 26, 2009 at 1:17 | In Gedanken, Noorichten, Politik, USA | Leave a Comment Ech haat hei an hei schons op de Problem Nordkorea higewissen. Et ass e Problem deen méi schlemm ginn ass, jiddefalls […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s