Ech well e bësschen vun der “Twitter-Revolutioun” ofweischen, net well et mech net giff interesséieren – au contraire – mee well et an de leschte Stonnen och nach aner beonrouegt Nouvelle gouf.
Et war de Moien vum 7. Dezember 1941 wéi déi japanesch Navy Amerika attackéiert haat. Den deemolege President Franklin D. Roosevelt huet et an enger Ried vrum Kongress ganz einfach an e puer Wierder gesoot: “December 7th, 1941 — a date which will live in infamy”. An huet dunn d’Bedeelegung vun den USA am zweete Weltkrich ugekennegt:
Our country has been attacked by force of arms, and by force of arms we must retaliate. We must now turn every effort to building the greatest and most efficient Army, Navy and air force in the world.
68 Joër méi spéit sinn et net d’Japaner déi den Amerikaner Angscht maachen, mee d’Nordkoreaner. Jo, Nordkorea ass geféierlech. Elo wuel nach méi wéi je virdrun. Japanesch Medien berichten, an dat passt bei d’Biller déi d’Pentagon anscheinend soll hunn, dass de Regime am Nordkorea schonns d’nächst Woch eng weider Rakéitewaff (Missile) wäerten “testen.” Dëst Kéier soll déi Rakéit Hawaii areeche kennen. D’US Regierung verhält sech nawell zimlech bedeckt. Den Defence Secretary Gates huet d’Militär opgefuerdert Rakéitenofwiersystem am Hawaii ze stationéieren. En plus huet hien an enger Pressekonferenz behaapt: “We are in a good position should it become necessary to protect American territory.” Och wa weder de Secretary of Defence nach de Pressespriecher vum Secretary of State genee Äusserungen iwwert d’Situatioun an e méiglechen Plang vun den USA wollte maachen, sou huet den Pressespriecher vun der Madame Clinton awer behaapt, dass d’Leit dëse Film schonns kennen a sécher dach wuel keng Fortsetzung dovunner wëlle gesinn. Op déi Rakéit tatsächlech wäert Hawaii erreechen ass momentan onkloër, mee de Faite dass déi amerikanesch Regierung sech zimlech bedeckt hellt (déi eenzeg grouss Reaktioun haut war nëmmen “We are ready”) erennert ganz staark un d’Verhalen vun der Kennedy Administration 1962 während der “Cuba Missile Crisis”…
… an do ass schonns e weidere Problem fir d’Amerikaner. Et ass nämlech momentan en nordkoreanescht Boot um Mier ënnerwee an dat läit der US Regierung nawell zimlech um Mo.
Kang Nam kéint nukleär Waffen am Gepäck hunn
En Senior US Official huet en Donneschden behaapt dass dat Schëff Waffen an/oder Technologie kéint u Bord hunn. Bei de Waffen ass nukleär Waffen guer net ausgeschloss ginn. Alles nëmmen “blöd Virwërf” vun der ‘westlecher Welt’? Wuel net, d’Boot Kang Nam ass nawell schonns oft benotzt ginn fir sou Material ze transportéieren. Den Michael Mullen, Virsetzenden vum Joint Chiefs of Staff huet den amerikanesche Medien matgedeelt, dass sie [d’USA] net wäerten dat nordkoreanescht Boot mat Force zum Stoppen bréngen an et dann z’inspizéieren, mee sie giffen mat Hëllef vun enger rezenter UN Resolutioun, d’Erlaabnis froen fir d’Boot zeduerchsichen dëst soubal d’Boot u Land undockt. D’USA, sou konnt een haut an der CNN-Sendung The Situation Room gewuer ginn, verfollegen de Wee deen dëst Boot zeréckleet iwwert d’Loft an iwwert hier eege Booter déi si am Pazifik installéiert hunn. Nordkorea huet iwwregens d’USA gewarnt dass all Effort fir e vun hire Booter zestoppen giff direkt als “act of war” vun hinnen ugesi ginn.
D’Obama Administration huet also momentan net nëmmen d’Situatioun am Iran, ob déi se mussen oppassen, nee Nordkorea spillt momentan mat de Muskelen dëst nach vill méi wéi se dat schonns an de leschte Méint gemaach hunn. Traureg ass do nëmmen dass déi europäesch Medien dovunner guer näischt berichten. Weder BBC nach Guardian oder d’Zeit oder den RTL Journal verléieren e Wuert driwwer. Déi eng schréiwen probéieren iwwert d’Twitter Revolutioun zeberichten, déi aner iwwert de Faite dass och de Jean-Claude Juncker e Mann ënnerstëtzt deen net am Interessi vu Lëtzebuerg gehandelt huet.
Dobäi muss den Obama lo nierft dem Balanceakt Iran en weideren gréisseren Balanceakt hiléen. Eigentlech misst et e Politiker freen wann e mam Roosevelt a Kennedy a Verbindung bruecht gett, an dësem Fall dierft dat beim US President net de Fall sinn. Déi nächst Deeg gi jiddefalls weider vun der Aussepolitik dominéiert…