Ech well e bësschen vun der “Twitter-Revolutioun” ofweischen, net well et mech net giff interesséieren – au contraire – mee well et an de leschte Stonnen och nach aner beonrouegt Nouvelle gouf.

Et war de Moien vum 7. Dezember 1941 wéi déi japanesch Navy Amerika attackéiert haat. Den deemolege President Franklin D. Roosevelt huet et an enger Ried vrum Kongress ganz einfach an e puer Wierder gesoot: “December 7th, 1941 — a date which will live in infamy”. An huet dunn d’Bedeelegung vun den USA am zweete Weltkrich ugekennegt:

Our country has been attacked by force of arms, and by force of arms we must retaliate. We must now turn every effort to building the greatest and most efficient Army, Navy and air force in the world.

68 Joër méi spéit sinn et net d’Japaner déi den Amerikaner Angscht maachen, mee d’Nordkoreaner. Jo, Nordkorea ass geféierlech. Elo wuel nach méi wéi je virdrun. Japanesch Medien berichten, an dat passt bei d’Biller déi d’Pentagon anscheinend soll hunn, dass de Regime am Nordkorea schonns d’nächst Woch eng weider Rakéitewaff (Missile) wäerten “testen.” Dëst Kéier soll déi Rakéit Hawaii areeche kennen. D’US Regierung verhält sech nawell zimlech bedeckt. Den Defence Secretary Gates huet d’Militär opgefuerdert Rakéitenofwiersystem am Hawaii ze stationéieren. En plus huet hien an enger Pressekonferenz behaapt: “We are in a good position should it become necessary to protect American territory.” Och wa weder de Secretary of Defence nach de Pressespriecher vum Secretary of State genee Äusserungen iwwert d’Situatioun an e méiglechen Plang vun den USA wollte maachen, sou huet den Pressespriecher vun der Madame Clinton awer behaapt, dass d’Leit dëse Film schonns kennen a sécher dach wuel keng Fortsetzung dovunner wëlle gesinn. Op déi Rakéit tatsächlech wäert Hawaii erreechen ass momentan onkloër, mee de Faite dass déi amerikanesch Regierung sech zimlech bedeckt hellt (déi eenzeg grouss Reaktioun haut war nëmmen “We are ready”) erennert ganz staark un d’Verhalen vun der Kennedy Administration 1962 während der “Cuba Missile Crisis”…

… an do ass schonns e weidere Problem fir d’Amerikaner. Et ass nämlech momentan en nordkoreanescht Boot um Mier ënnerwee an dat läit der US Regierung nawell zimlech um Mo.
nk boat
Kang Nam kéint nukleär Waffen am Gepäck hunn

En Senior US Official huet en Donneschden behaapt dass dat Schëff Waffen an/oder Technologie kéint u Bord hunn. Bei de Waffen ass nukleär Waffen guer net ausgeschloss ginn. Alles nëmmen “blöd Virwërf” vun der ‘westlecher Welt’? Wuel net, d’Boot Kang Nam ass nawell schonns oft benotzt ginn fir sou Material ze transportéieren. Den Michael Mullen, Virsetzenden vum Joint Chiefs of Staff huet den amerikanesche Medien matgedeelt, dass sie [d’USA] net wäerten dat nordkoreanescht Boot mat Force zum Stoppen bréngen an et dann z’inspizéieren, mee sie giffen mat Hëllef vun enger rezenter UN Resolutioun, d’Erlaabnis froen fir d’Boot zeduerchsichen dëst soubal d’Boot u Land undockt. D’USA, sou konnt een haut an der CNN-Sendung The Situation Room gewuer ginn, verfollegen de Wee deen dëst Boot zeréckleet iwwert d’Loft an iwwert hier eege Booter déi si am Pazifik installéiert hunn. Nordkorea huet iwwregens d’USA gewarnt dass all Effort fir e vun hire Booter zestoppen giff direkt als “act of war” vun hinnen ugesi ginn.

D’Obama Administration huet also momentan net nëmmen d’Situatioun am Iran, ob déi se mussen oppassen, nee Nordkorea spillt momentan mat de Muskelen dëst nach vill méi wéi se dat schonns an de leschte Méint gemaach hunn. Traureg ass do nëmmen dass déi europäesch Medien dovunner guer näischt berichten. Weder BBC nach Guardian oder d’Zeit oder den RTL Journal verléieren e Wuert driwwer. Déi eng schréiwen probéieren iwwert d’Twitter Revolutioun zeberichten, déi aner iwwert de Faite dass och de Jean-Claude Juncker e Mann ënnerstëtzt deen net am Interessi vu Lëtzebuerg gehandelt huet.
Dobäi muss den Obama lo nierft dem Balanceakt Iran en weideren gréisseren Balanceakt hiléen. Eigentlech misst et e Politiker freen wann e mam Roosevelt a Kennedy a Verbindung bruecht gett, an dësem Fall dierft dat beim US President net de Fall sinn. Déi nächst Deeg gi jiddefalls weider vun der Aussepolitik dominéiert…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

4 Comments

  1. […] Tom Heles verweist in seinem Blog auf einen weiteren Raketentest, der Hawaii bedroht (äusserst lese…. Neben dem Nahen Osten ein weiterer Brandherd. Hoffentlich ist Obama, der mich bis jetzt nicht […]

    Reply

  2. Wann Nordkorea sech misst entscheeden wat se mat hieren Suen machen, Atombomm bauen oder Liewensmëttel kafen, geif deen Problem sech fum selwen leisen. Mee sie brauchen dat jo nët. Mir liwweren hinnen d’Liewensmëttel jo gratis.
    Nordkorea ass eng eenzeg Katastroph. Et weisst all Land dat een mat Atombommen kann machen wat een wellt an och alles kritt wat een wellt.

    Wat elo Obama an Roosvelt ugeet, do sinn d’Paralellen effektiv ganz interessant. Firun allem wann een sech zousätzlech zur Aussepolitik d’Entwëcklung fun der Weltwirtschaft ukuckt. Och deemols hat dat Ganzt mat enger Weltwirschaftskrise ugefangen an huet mat engem krich geendegt.

    Do ass iwreens en weideren Kandidat deen zu engem greisseren Problem kennt ginn an dat ass Pakistan. D’Amerikaner machen do momentan alles, dat dei momentan Regierung um Rudder bleift. Falls daat schief geet (an dei Chancen stinn leider relativ heich) an do och en islameschen Gottesstaat ensteed geif et richteg gefeierlech gin.

    Ech mengen et wier heich un der Zeit dat Europa sech do mei ameschen geif an net nemmen den Amerikaner, Russen a geschwenn Chinesen/Inder d’Feld iwerleist. Dem Staat seng eischt Aufgab ass seng Awunner ze schützen. Genau dat kennen dei mannsten europäesch Staaten awer net mei. Mettelgrouss Staaten ewei Frankreich oder Groussbritannien machen hiert bescht mee d’Welt huet sech verännert an sie sinn einfach ze kleng gin. Zu Zeiten fum Bush huet all Mensch sech iwert seng Kricher obgereegt. Ganz ofgesinn do derfun ob dei elo gerechtfertegt waren oder net, d’Amerikaner sinn dei eenzeg dei verhënneren dat Irak, Pakistan, Nordkorea, Iran an Pakistan net nach mei weit gin. D’Amerikaner sinn an der Lag hier Interessien duerch ze setzen, Noutfalls och militäresch. An esou lang mier als Europa do neischt änneren kënne mer nemmen no kucken.

    Reply

  3. […] vun “Don’t forget Pearl Harbor! — Obama teschend Roosevelt a Kennedy” fannt dir hei. […]

    Reply

  4. […] Juni 26, 2009 at 1:17 | In Gedanken, Noorichten, Politik, USA | Leave a Comment Ech haat hei an hei schons op de Problem Nordkorea higewissen. Et ass e Problem deen méi schlemm ginn ass, […]

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s