Lo gett et dëse Weekend 1 Joër dass den genialen Tim Russert eis verloos huet. Dat heescht awer dann och – am Liewen léien eben béid Saachen emmer bei eneen – dass dëse Blog säin 1. Gebuertsdag féiert. Mee wéi vrun engem Joër soll haut och nemmen op den Tim Russert Opmierksam gemaach ginn. (Dëst Kéier zwar och well ech nach an den Examen hänken).
Wat den Tom Brokaw nach nemmen d’läscht Joër konnt erahnen ass wirklech geschidd: „He will be missed as he was loved – greatly!”

“I still, on Sunday mornings, look up at the wall of monitors we have at CBS, and, when he’s not on that NBC monitor, it just doesn’t seem right to me.” ~ Bob Schieffer (“Face the Nation”)
Ofschléissend en Tribute Video deen d’läscht Joër bei den Emmys gewissen ginn ass:
(E Bilan vun engem Joër ‘Oppenen Bréif’ gett et wuel an 1/2 Woch(en) ;))
Ech kennen déi zwee zwar, mee wéivill aner Lëtzebuerg mengs de man dat och? 😉
Et kann e jo déi Léit kenne léieren. 😉 Ech kennen och net emmer all Persoun déi op verschidden Blogs ernimmt ginn.
Den John King kennen meng tréi Lieser mol jiddefalls an um Dag wou den Tim Russert e Joër doud ass, net iwwert hien zebloggen ass … keng Ahnung. Fannen do kee gudd Beispill.
Wann ech mech nemmen op déi Persounen limitéieren déi secher all Lëtzebuerger kennt, muss ech dann net beim Obama ophaalen? Wéivill kennen nach den Joe Biden? Oder den zweetmächtegsten Mann vun Washington/Welt? Den Emanuel Rahm, den White House Chief of Staff. Oder déi mächtegst Fra an den USA? Nee… net d’Hillary Clinton, mee d’Nancy Pelosi, déi als Speaker jo bekanntlech direkt hannert dem Obama a Biden d’Nr 3 ass.