Halbzeit!
Zenter eppes méi wéi 3 Stonnen kann een hei am Land d’Chamber an d’Europaparlamentvertrieder wielen. Dat heescht et bléiwen nach eng knapp 3 Stonnen bis dass jiddereen muss gewielt hunn.

Wéi war äeren Wahldag bis elo? Irgendeng leschteg Geschicht? War de Crayon net do? War den Ziedel zegrouss? etc. Irgendeng leschteg Foto? Oder Video?

Maacht mat fir néi Weeër zewielen well et grad elo héich Zäit gett fir de Mensch an de Mettelpunkt zesetzen, fir dass eis Gesellschaft zesumme wiest an mat engem roude Fuedem d’Demokratie kann gestäerkt ginn. 🙂

P.S. Herno gett et dann och hei um Oppenen Bréif en interaktiven Live Blogging. 😉 Lo awer w.e.g. Comments, Comments, Comments. “Voilà” 😀

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. Net esou witzeg, mee trotzdem “interessant”: Rondrem den klengen Footballterrain am Schoulhaff zu E. stoungen insgesamt 6 CSV-Fändeln. Ausser denen Schwaarzen haat just nach d’LSAP zwee grous Loftballonen opgestallt, soss eben déi üblech Plakater. Fannen ech schon ziemlech krass, kann een esou eppes net verbidden?

    Reply

  2. Ech war gëscht een huelen, a wéi ech vun der grousse Blanche no enger Zäit zu enger klenger gewiesselt sinn, an de Wiert mech gefrot huet ob ech krank wier, sot ech ëm, dass ech haut jo nach wiele misst an net am Soff nach e Kräiz bei der adr oder DP maache wéilt. Dat ass mäi Wal-Highlight.

    Obwuel ech et och net schlecht fonnt hunn, wéi ech gëschter den adr-Leit op der Iechternacher Braderie an d’Gesiicht gelaacht hunn, wéi se mer wollten eng Tut vun hirer Partei undréien, an duerno mengem portugiseschen Kleedervendeur gesot hunn, dass den adr-Typ, dee wéi den Hitler ausgesäit nieft sengem Buttek stéing.

    Kuerz gefaasst: Ech wäert dat hei vermëssen.

    Reply

  3. Nihil novi…sub sole…

    “…Und wie nebenbei wird dann noch angetragen,
    am Wahltag das richtige Kreuzchen zu schlagen,
    damit die wirklich großen Weihnachtsgaben
    bei denen bleiben, die sie immer schon haben….”

    …aka “Schneemännchen”…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  4. Et gesäit een, dass Kriiss ass. Bei de leschten Wahlen krut een hei all Kéiers Kaffi am klengen iwwerdeckten Deel virun der Haaptentrée. Dëst Kéier gouf et keen. 😦

    Reply

  5. Bei eis hunn d’Scouten Kaffi an Kuch verkaaf.

    Reply

  6. Ech wollt eigentlech panachéieren, mee vü datt deen Ziedel sou grouss war an déi Wahlkabinn sou kleng (sou datt een de Bulletin mol net konnt richtegopmaachen), hunn ech einfach e Rondel ugekräizt a mech rem schnell rausgemaach…

    Reply

  7. “…(sou datt een de Bulletin mol net konnt richtegopmaachen), hunn ech einfach e Rondel ugekräizt a mech rem schnell rausgemaach…”

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s