De Jean-Claude Juncker haat jo soss näischt zedi wéi am TV Duell géint de Claude Meisch vun 1989 zeschwätzen. Ech sinn wéi meng Lieser villeicht wëssen an deem Joër gebuer an ech muss dem Herr Juncker ganz eierlech soen, dass ech dach elo net op déi läscht 20 Joër kucken. Ech kucke gäeren no fiir. Fir zereck zekucke bléiwt nach emmer Zäit wann ee mol eng Kéier an d’Pensioun geet, mee villeicht mecht den Jean-Claude Juncker dat jo och geschween. Am TV-Duell huet et jiddefalls dono ausgesinn:

Da well ech awer och iwwert déi zweetläschter Table ronde um Fernseh (29.05) schreiwen. Ech fannen et nawell allerhand schockand dass wann ee Politiker vun der Mëttelschicht schwätzt, déi aner hien froen “Wat ass d’Mëttelschicht?” Et wéisst villäicht dass déi Leit sech ze vill bei déi sougenannten “Deck” zielen an sech an dem Beräich ophalen, villäicht awer och nëmmen e Beweis dofir dass d’Politik hei am Land e groussen Opbroch néideg huet. Wéi kenne mer verlaangen dass d’Bierger sech hei am Land méi fir Politik sollen interesséieren, wann gläichzäiteg praktesch null Intressi vun de Politiker an d’Richtung vun der Bevëlkerungsschicht geet déi d’Duerchschnettsakommes kréien? Déi wann een da well krass schwätzen “‘nëmmen’ Duerchschnëtt” sinn. (no offence)

“Middle class refers to people between the labouring masses and the ruling class.”

Ass et net traureg dass nodeems an den leschte Joeren déi Mëttelschicht ausgepresst gi sinn, dëst hei am Land an an aneren EU Länner, nëmmen eng Partei sech dëser Schicht zouwend? Ech hat vrun engen 12 Méint alt geduecht dass dëst giff vu méi Parteien opgegraff ginn. Domm gaang.
Während d’CSV, d’LSAP an déi Gréng weider wëllen Stéieren an d’Lut setzen, wäert d’Kafkraaft ëmmer méi erof goen. An et ass jo grad déi déi sollt an d’Lut goen, dat huet souguer den Statsminister nach vrun enger Zäitchengesot gehat. Mee (nach) méi héich Stéieren heescht manner Suen am Haushaltsbudget vun den eenzelnen Familljen. Dat heescht manner Ausgaben, ceci dit manner Kafkraaft. Eng Verklengerung vun der Nofro dréckt d’Produktioun erof an da stinn alt erëm d’Gewerkschaften mat den Arbeschter op der Strooss. Et ass schonns richteg wat den Herr Meisch seet. An et ass jo och net esou wéi wann hien guer näischt vun der Economie giff verstoen, och wann den Premier bezweiwelt dass hien esoulaang kann Finanzminister ginn ewéi hien, huet den Claude Meisch Mathé an Economie studéiert gehat.

“Zur Mittelschicht zählen jene Bürger, die 70 bis 150 Prozent des Durchschnittseinkommens verdienen.”

D’Mëttelschicht muss gestäerkt ginn. Wéi d’Welt vrun e puer Joer extrem op de Klimawandel opmierksam gemaach gouf, huet et geheescht “Dat musse mer verhënneren”, wéi e.a. d’Welt Online d’läscht Joer getitelt huet: [via]

MCKINSEY-STUDIE: Die deutsche Mittelschicht droht wegzubrechen
Düstere Prognose für Deutschland im Jahr 2020: Eine breite Mittelschicht wird es nicht mehr geben. Weniger als 50 Prozent der Bevölkerung werden in der Lage sein, ein Einkommen auf Durchschnittsniveau zu erzielen. Schuld ist das geringe Wirtschaftswachstum der vergangenen 15 Jahre.

froen den Staatsminister Juncker, de Gast Gybérien an den Fränz Bausch: “Waat ass déi Mettelschicht?”

An wéi de Klimawandel wäert wuel och de Reckgang vun der Mëttelschicht net vru Lëtzebuerg halt maachen. Mir mussen elo handelen. De 7. Juni hunn d’lëtzebuerger Bierger d’Chance hier Zukunft zewielen…

“Upper classes are a nation’s past; the middle class is its future.”
~ Ayn Rand

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

35 Comments

  1. D’Logik ass jo awer déi selwescht. Op ech elo enger imaginärer Mettelschicht (zu der dem Herr Meisch jo all Mensch ziehlt) eng Stéiererliichterung ginn oder just denen iweschten 5% – ass d’Idee jo emmer daat d’Wirtschaft domadder ungedriwen sollt ginn – méi Profiter, manner Sozialleeschtungen. An déi Stéierannahmen, déi doduerch geschaff ginn, sinn NIE glaich mat denen Souen, déi de Staat manner un Stéiren kritt.

    Reply

  2. Ok, wann d’Mettelschicht imaginär ass da behaapten ech och emol dass – en Thema deen dech jo ganz vill interesséiert (Ausbildung) – d’Emwelt a méi konkret de Klimawandel och imaginär ass. Dat ass déi nämlecht Denkwéis.
    An nee, et sinn d’Mettelschichten déi e Land op elo Lëtzebuerg, Däitschland, USA oder soss irgendeen Land droen. Fir méi Profit a manner Sozialleschtungen zesoen stemmt och net. An et muss een sech de 7. Juni iwwerleen ob et nemmen dem Staat soll gudd goen, oder ob d’Léit an de Staat aus däer Kriis hei sollen erausgeholl ginn.

    Reply

  3. @ Thorben:

    “Mee ech verstin net, wéi een gleewen kann, de Meisch hätt an dem Duell geglänzt. Dat ass wéiwann een seet Lazio hätt den Owend gewonn, obwuel jhiddereen wees, dat se 2:0 geklappt goufen.”

    Ewéi gesoot…”Appréciation à laisser au public”…oder…”de gustibus non est disputandum”…
    Fir déi eng wor et e 5:0 (Bsp. “Never change a w(h?)i(n?)ning team”), fir aanerer e 3:3 (Bsp. “La meilleure attaque, c’est la défense”/ an emgekéiert)…an erëm fir aanerer e 0:4 (“A cough is a cough”/”Der nette zielstrebige Mann von Nebenan”)…

    Ech méngen perséinlech, daat een eigentlech keen Urteel no enger eenzeger Emissioun/Debatt vun 40 min am “Pavlov’schen Brutkasten”…(ausser et wier “LSDP”? i.e. “Letzebuerg sicht de Premier”?) kinnt fällen…Eng Persoun (alpha/beta Männlein/Weiblein) soll een a Funktioun vun der Aarbecht bewäerten déi se, op laang Zäit gesinn, an der Vergaangenheet (sief et lokal, national oder international) geleescht huet…
    Et d’ailleurs…ech wëll jo nët fir ee “vox partitus” stëmmen, mä fir déi Iddien mat deenen ech mech am Meeschten identifizéiert kréien….oder?

    P.S.:Daat waat ech awer muss niewenbäi zouginn, daat ass, daat d’Faarw vun der Kravatt an déer Debatt (fir mech…) immens “ausschlaggebend/wahlentscheidend” wor…http://www.creativepro.com/blog/scanning-around-gene-debates-tie-makes-man

    @ zeepunkt:

    “Dat as alles ganz schein, mee puer theorie.”

    Ok, admitting…Theorie & Praxis sin “zweeerlee”…mä ouni z.B. d’Theorie vum “E=mc^2” hätten d’Praktiker (Batiself?) Fermi/Oppenheimer&Co. hieren “deadly toy” och nët kinnten zesummenbasteln…(ok, ganz wäit gegraff…gin ech zou…), an… btw, d’ganz Liewen as u sech eng deeglech “Theorie”…gekoppelt mat anscheinend ganz vill “Spekulatioun”…(ewéi mer daat elo gemierkt hunn…)

    “Oder get et en Land an deem dat wierklech esou klappt?”

    Esoulaang ët der Wirtschaft vun engem Land +/- gudd geet/steeht …firwaat Steiersenkungen ënnerhuelen? (daat waat jo praktesch 50 Joer laang de Fall wor…ausser, eng kléng Ausnaahm, 1973 mat der “Petrolskriis”…) Ech soen jo och nët daat een direkt “drastesch” Steiersenkungen ënnerhuelen muss (waat méi “drastesch”, waat am allgeméngen méi “inéquitabel”)…ech soen nëmmen, daat de Wirtschaftsraum Letzebuerg (deen ganz vill vun der “konjonktureller Entwécklung vun séngen Nopechslänner oofhängt), “wipo-gesinn”, eng bestëmmten “marge de manoeuvre” huet wou et (par rapport zu aaner Länner) “Steiersenkungen” kann ënnerhuelen…(Haaptzweck as jo, par tous les moyens, Aarbechtsplaazen wëllen ze erhaalen, oder an dësen “immens schwéieren Zäiten” (“The Best is yet to come?”), Aarbechtsplaazen trotzdeem ze kréeieren…
    Waat as besser?, éngem “Chômagesgeld” oder eng Aarbechtsplaaz ze gin…

    @ oppenenbreif:

    “Eng logesch Konsequenz wäer jo eigentlech dass d’Heritage Foundation an den Dr. Foster d’Stéiererheichungen missten gudd fannen an dovunner iwwerzeegt sinn dass déi d’Wirtschaft erem ugekuerbelt hunn.”

    Ulalala…do basste dem “Graal” waat den “Dogma” vun der “GOP” ausmecht, méi no komm…”wer leset, der findet”…

    @ Joel:

    “….ass d’Idee jo emmer daat d’Wirtschaft domadder ungedriwen sollt ginn – méi Profiter, manner Sozialleeschtungen.”

    你不应该告诉我…你应该告诉胡锦涛

    Tenga un buen día! y hasta…
    Pancho

    Reply

  4. @ Thorben:

  5. Wann mer an der purer Ecostheorie bleiwen keinten mer dat och esou gesin.
    Mei Kaafkraft, mei en groussen Marche, mei Entreprisen, mei aarbechtsplaazen, mei Kapital am Emlaaf, mei Inflatioun, mei heich Praiser, manner Aarbechtskraaft, manner Profit, Mei Failliten, manner Aarbechtsplaazen.

    ?

    Reply

  6. @ zeepunkt:

    “Wann mer an der purer Ecostheorie bleiwen keinten mer dat och esou gesin.
    Mei Kaafkraft, mei en groussen Marche, mei Entreprisen, mei aarbechtsplaazen, mei Kapital am Emlaaf, mei Inflatioun, mei heich Praiser, manner Aarbechtskraaft, manner Profit, Mei Failliten, manner Aarbechtsplaazen.

    ?”

    Jo…no éngem “Boom”, kënnt ëmmer ee “Bust”…an erëm ee “Boom”…etc. etc. oder aanescht ausgedréckt…”Enges Daags wäert et reenen!” (Wéini? Kéng “blass” Aahnung)…

    Theorie, déi den Ament “méga-in” ass…
    http://en.wikipedia.org/wiki/Black_swan_theory

    Bref, wann mer eis hei zu Letz awer an dëst Richtung…
    http://en.wikipedia.org/wiki/Perfect_competition

    …beweegen (gudde “management” ass d’Conditio-sine-qua-non…) dann méngen ech daat genuch “Impulser” zur Verfügung stinn fir esou gudd ewéi méigelech iwwert de Bierg ze kommen…

    “Hals- und Beinbruch…” aka “toi, toi, toi”

    Hasta
    Pancho

    Reply

  7. Kléng (ganz aktuell) “Adds” “à titre d’information” zum Zitat:

    “Top amerikanësch Ecos-Unien, Princeton, Harvard an Konsorten vun der “Ivy-League” sin den Ament am gaangen d’Manéier fir “Eco” ze “vermëttelen?” vun “A” bis “Z” a Fro ze stellen/ze reforméieren…”

    http://www.ft.com/cms/s/0/a2353870-53c4-11de-be08-00144feabdc0.html
    (subscription ev. required…)
    &
    Interview mam Drew Barry…Drew Faust an der “Bildzeitung für Akademiker” aka “Der Spiegel”, Ausgaab Nr. 24; 08.06.2009
    Titel: “Zeit der Verunsicherung” s.126-128

    Hasta
    Pancho

    Reply

  8. Update vum 12.01.2010:

    “„Zum Glëck studéieren ech alt keng Eco ^^“

    u sech am EE., nët vill verpasst…(ausser wann ët réng „Wirtschaftspolitik“ as…)

    Top amerikanësch Ecos-Unien, Princeton, Harvard an Konsorten vun der „Ivy-League“ sin den Ament am gaangen d’Manéier fir „Eco“ ze „vermëttelen?“ vun “A” bis “Z” a Fro ze stellen/ze reforméieren…”

    ADD.:
    http://www.handelsblatt.com/politik/nachrichten/fundamentalkritik-wie-die-finanzkrise-die-vwl-auf-den-kopf-stellt;2510559;0

    …ROTFL…y hasta
    Pancho

    Reply

  9. Update vum 25.01.2010:

    “Thou shall swear the oath?”-Edition

    http://www.spiegel.de/unispiegel/studium/0,1518,668328,00.html

    Hasta
    Pancho

    Reply

  10. Holà (update vum 22.02.2010)

    “…den Top 1% vun deenen Top 5% kruut dobäi déi gréissten Steiersenkungen…(siehe “Kritikerchor” Stiglitz & Friends déi deemools…:”Gini, quit dreamin’ of 0″ gesongen hun…)”

    http://seekingalpha.com/article/189649-wealth-disparities-in-u-s-approaching-1920s-levels?source=feed

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.