De Jean-Claude Juncker haat jo soss näischt zedi wéi am TV Duell géint de Claude Meisch vun 1989 zeschwätzen. Ech sinn wéi meng Lieser villeicht wëssen an deem Joër gebuer an ech muss dem Herr Juncker ganz eierlech soen, dass ech dach elo net op déi läscht 20 Joër kucken. Ech kucke gäeren no fiir. Fir zereck zekucke bléiwt nach emmer Zäit wann ee mol eng Kéier an d’Pensioun geet, mee villeicht mecht den Jean-Claude Juncker dat jo och geschween. Am TV-Duell huet et jiddefalls dono ausgesinn:
Da well ech awer och iwwert déi zweetläschter Table ronde um Fernseh (29.05) schreiwen. Ech fannen et nawell allerhand schockand dass wann ee Politiker vun der Mëttelschicht schwätzt, déi aner hien froen “Wat ass d’Mëttelschicht?” Et wéisst villäicht dass déi Leit sech ze vill bei déi sougenannten “Deck” zielen an sech an dem Beräich ophalen, villäicht awer och nëmmen e Beweis dofir dass d’Politik hei am Land e groussen Opbroch néideg huet. Wéi kenne mer verlaangen dass d’Bierger sech hei am Land méi fir Politik sollen interesséieren, wann gläichzäiteg praktesch null Intressi vun de Politiker an d’Richtung vun der Bevëlkerungsschicht geet déi d’Duerchschnettsakommes kréien? Déi wann een da well krass schwätzen “‘nëmmen’ Duerchschnëtt” sinn. (no offence)
“Middle class refers to people between the labouring masses and the ruling class.”
Ass et net traureg dass nodeems an den leschte Joeren déi Mëttelschicht ausgepresst gi sinn, dëst hei am Land an an aneren EU Länner, nëmmen eng Partei sech dëser Schicht zouwend? Ech hat vrun engen 12 Méint alt geduecht dass dëst giff vu méi Parteien opgegraff ginn. Domm gaang.
Während d’CSV, d’LSAP an déi Gréng weider wëllen Stéieren an d’Lut setzen, wäert d’Kafkraaft ëmmer méi erof goen. An et ass jo grad déi déi sollt an d’Lut goen, dat huet souguer den Statsminister nach vrun enger Zäitchengesot gehat. Mee (nach) méi héich Stéieren heescht manner Suen am Haushaltsbudget vun den eenzelnen Familljen. Dat heescht manner Ausgaben, ceci dit manner Kafkraaft. Eng Verklengerung vun der Nofro dréckt d’Produktioun erof an da stinn alt erëm d’Gewerkschaften mat den Arbeschter op der Strooss. Et ass schonns richteg wat den Herr Meisch seet. An et ass jo och net esou wéi wann hien guer näischt vun der Economie giff verstoen, och wann den Premier bezweiwelt dass hien esoulaang kann Finanzminister ginn ewéi hien, huet den Claude Meisch Mathé an Economie studéiert gehat.
“Zur Mittelschicht zählen jene Bürger, die 70 bis 150 Prozent des Durchschnittseinkommens verdienen.”
D’Mëttelschicht muss gestäerkt ginn. Wéi d’Welt vrun e puer Joer extrem op de Klimawandel opmierksam gemaach gouf, huet et geheescht “Dat musse mer verhënneren”, wéi e.a. d’Welt Online d’läscht Joer getitelt huet: [via]
MCKINSEY-STUDIE: Die deutsche Mittelschicht droht wegzubrechen
Düstere Prognose für Deutschland im Jahr 2020: Eine breite Mittelschicht wird es nicht mehr geben. Weniger als 50 Prozent der Bevölkerung werden in der Lage sein, ein Einkommen auf Durchschnittsniveau zu erzielen. Schuld ist das geringe Wirtschaftswachstum der vergangenen 15 Jahre.
froen den Staatsminister Juncker, de Gast Gybérien an den Fränz Bausch: “Waat ass déi Mettelschicht?”
An wéi de Klimawandel wäert wuel och de Reckgang vun der Mëttelschicht net vru Lëtzebuerg halt maachen. Mir mussen elo handelen. De 7. Juni hunn d’lëtzebuerger Bierger d’Chance hier Zukunft zewielen…
“Upper classes are a nation’s past; the middle class is its future.”
~ Ayn Rand
@ Chris
Du wells wëssen wéi een méi niddereg Stéieren hei am Land mecht, wann ech dech richteg verstinn? E gudde Start wäer secherlech dass een Stéiertabell un d’Inflatioun giff upassen. Ganz upassen, net déi minimal Upassung déi d’Regierung lo an de läschte Méint gemaach huet. A wéi déi Studie, déi d’DP an hierem Wahlprogramm benotzt, wéisst, finanzéiert sech eng gratis Kannerbetreiung vun alleng. Falls ech d’Fro lo awer nach net sollt beäntwert hunn, w.e.g. nach eng Kéier nofroen 🙂
@ G.
Also Lëtzebuerg ass e vun den Länner déi am meeschten an d’Edukatioun investéieren, leider ass d’Resultat net sou bombastesch. Ech well net soen, dass dofir manner Suen sollen an d’Edukatioun goen, mee bei der Schoul ginn et momentan aaner Problemer.
A bei de Spideeler ass den fréieren Gesondheetsminister Carlo Wagener schons en néie Wee gaangen an deems hien d’Unzuel vun den Better erofgesaat huet. Och hei hu mer extrem vill Suen ausginn, méi wéi an den Noopeschslänner an obwuel den Mars DiBartolomeo dës Initiativ nawell staark kritiséiert haat, huet och hien an sénger Amtsperiod d’Unzuel vun den Better nach weider erof gesaat gehaat.
D’Beispill vun den Crèchen finanzéiert sech bei enger gratis Kannerbetreiung selwer. A fir de Recht ginn ech dem Pancho an dësem Fall Recht.
@ Thorben
Also ech hunn bei deem Debat kee klénge Jong gesinn. Ech hunn e Mann gesinn deen ob d’Problemer vum Land obmierksam gemaach huet an ob déi läscht 20 Joër zereckgekuckt huet, an een deen Propositiounen gemaach huet fir aus däer messlecher Situatioun erauszekommen. Dat war eigentlech och sou an der zweetläschter Table ronde. Wéi et zur Fro komm ass wéi d’Parteien wellen Suen aspueren, war eigentlech jhust de Claude Meisch dee Virschléi gemaach huet. Déi aaner zB de Premier wollt alles “Linn fir Linn” duerchgoen. Ech erwaarde mer awer an engem Wahlkampf dass een Saachen ob den Desch leet waat een genee well maachen. DP huet menger Meenung no als eenzeg gréisser Partei Virschléi, déi kann een dann ebe gudd oder schlecht fannen, mee de Bierger kann awer méi domatter ufänken wéi mat der “Linn fir Linn” Argumentatioun.
Zu der Saach mat den 20% hunn ech mech villeicht falsch ausgedreckt gehaat. Sorry. Zum Glëck studéieren ech alt keng Eco ^^
Also ech sinn jo kee Fan vum Juncker, mä am Duell huet den Meisch net wierklech geglänzt. Ech mengen net, dass Steieren vun vir eran eppes schlechtes sinn an ech sinn mer och net secher op d’DP do net dei falsch Strategie fiert, vir op Stemmenfang ze goen. Steieren, sozial an gerecht verdeelt, sinn besonnesch an Krisenzäiten eng gudd Saach, wei well de Stat och soss sain enormen Haushaltsdefizit no de Banken-Rettungs-Paketer ausgläichen?
Kaafkraaft ass net alles an et kann een och nemmen do Kaafkraaft erhaalen, wou vun vir eran iwwerhaapt Kaafkraaft do ass.Steiersenkungen wärten also kaum den sozial Schwaachen entgeint kommen, mä eher der frikeierter Wielerschaft vun der DP. Fir mech klengt dat net no enger gesonder Sozialpolitik, wann een enger Krise matt enger banaler Konsum-Politik well entgeint wierken. Mei Sozialsteieren fir wichteg effentlech Dingschter mei belleg ze man an den Aarmen ze hellefen, mei Steieren fir dei Räich an Erliichterungen fir dei manner räich, dat schengt mer do mei sennvoll. Mä dat läit kaum am neo-liberalen geescht vun der DP.
Okay, dat ass lo eppes anescht, wéi dat wat de Guddeburg (sp?) den Owend um RTL gesot huet. Hmm…
Flächendeckend gratis Kannerbetreiung ass eng gutt Saach, ech sinn och voll dofir, mee an der aktueller Situatioun gläichzäiteg Steiere wellen ze senken, ass entweder eng liberal Utopie oder liberale Populismus, vläit béides zugläich.
Manner Steieren => Mei Kaafkraaft => Mei Firmaen dei verkaafen => Mei Leit di agestallt gin => Mei indirekt Steiren => mei Suen fier den Staat => mei Suen fier Sozialleeschtungen.
Dat as alles ganz schein, mee puer theorie.
Oder get et en Land an deem dat wierklech esou klappt?
@ oppenenbreif:
“Also Lëtzebuerg ass e vun den Länner déi am meeschten an d’Edukatioun investéieren, leider ass d’Resultat net sou bombastesch.”
DA! “vill investéieren” as nët ëmmer gläich mat “gudd investéieren”…
D’Charten (méngen ech) schwätzen fir sech…
…kéint nach mat x-aaner Charten weiderfuehren, mä haalen léiwer do op…
“Zum Glëck studéieren ech alt keng Eco ^^”
u sech am EE., nët vill verpasst…(ausser wann ët réng “Wirtschaftspolitik” as…)
Top amerikanësch Ecos-Unien, Princeton, Harvard an Konsorten vun der “Ivy-League” sin den Ament am gaangen d’Manéier fir “Eco” ze “vermëttelen?” vun “A” bis “Z” a Fro ze stellen/ze reforméieren…
Harvard (gell diert Hären Luc oder “Fortis-Maurice”…) z.B., huet sech virgeholl d'”laténgesch locutioun” wëllen ze änneren…”in vino” soll virum “veritas” (eng Frustreaktioun wahrscheinlech…) bäigefügt ginn…(sarkastëgen Witz!)
@ Manuel:
“…an der aktueller Situatioun gläichzäiteg Steiere wellen ze senken, ass entweder eng liberal Utopie oder liberale Populismus, vläit béides zugläich.”
Hun absolument guer näischt dogéint daat een…: “Nixda…ët wäert nët klappen…” behaapt…de Punkt bleiwt awer, fir eng Debatt können ze féieren, ëmmer deeselwechten…Firwaat “que nini”?
Ergo, erwuaarden ech mat Spannung konkret an standfest wipo-relevant-Argumenter déi den “Njet!” rechtfertëgen…(wipo = wirtschaftspolitësch…)
Add: “Auch Utopisten werden eines Tages zu Realisten…”, Saaz deen hätt kinnten z.B. vum “Oberverräter? Otto S.?” oder vum “Oswald M.” staamen…
Vu wei engen Steiern schwetze mer iwwerhaapt wann ech froen dierf?
Steieren generell. Et steet souguer op hire Wahlplakater.
@ Chris
Dat haat ech dann awer irgendwéi verpasst. Haat d’Sendung och gekuckt, mee da kucken ech se lo der Deeg mol nach eng Kéier no. Et giff mech wonneren well d’DP déi Fuerderung mat der Stéiertabell jo net erréicht am Oktober gemaach huet, mee schons zenter min. 2 Joër domatter am Gaang ass.
P.S. Gudenburg 😉
@ zeepunkt
“Oder get et en Land an deem dat wierklech esou klappt?”
Léider kann ech dir kee Land nennen wou dat actuellement sou klappt. Dat léit awer dorunner dass déi Länner déi am meeschten an der Kriis stiechen an de läschten 8 a méi Joëren net vun Liberalen regéiert goufen: USA, Däitschland, Groussbritannien etc.
Wann een awer un d’Kriis vun Ufank ’90er zereckgeet fennt een en interessant Beispill mam Bill Clinton (hei). Wéi den Dr. J.D. Foster am Artikel Tax Cuts, Not the Clinton Tax Hike, Produced the 1990s Boom (hei) schréiwt:
An et ass jo gewousst wat d’Bill Clinton Joëren dunn alles den USA bruecht hunn: néi Arbeschtsplatzen, méi Wuelstand, méi breed Mettelschicht etc. etc.
@ G.
Hei fenns du de ganzen Abschnitt iwwert d’Stéierpolitik vun der DP. An hei wéi sech hier néi Weeër finanzéieren.
@ oppenenbreif:
Zitat: “Contrasting the period immediately…bla, bla, bla…”
Sorry, mä… “Njet!” (ewéi de Gregor-i daat an séngem inoffiziellen “Post-Stasi-Jargon” zu Letz am léifsten hätt willten soen?)…
…d’Heritage F, als “Referenz” wëllen opzezielen as eng gaaanz!!! geféierlech Saach…
Deen am Ee. “ideologically-bound-super-think-tank-&-still-relentlessly-advocating-Jorge-Arbusto’s-tax-cuts-policies” probéiert elo ze “wash its hands, saying it’s innocent of the deficits of its (un-)-just policies…” oder, aanescht ausgedréckt…”séng Memberen gleewen nach ëmmer un de Monni Kleeschen, nodeems se e Glas “Sekt?” (e “Rotkäppchen” und der… weg…!) gedronk hun…”
Bref…fir et ganz kuerz ze maachen…hannert dem “Boom” vum “Billy Sax” aka virum “Bust” vum “Jorge Arbusto”, stiechen ménger Meenung no, “wipo”-gesinn e puer aaner grondléend “Faktoren”…(an nët nëmmen eng Zieh-har-monika…)
Primo: 1993 méi héich Steieren adresséiert un d’Top Verdienerschicht déi den “Omnibus” hun missen huelen… (fir haaptsechlech e ganz wichtegen gesellschaftsrelevanten Deel vum “keynesianeschen Stimulus/package” probéieren ze ko-finanzéieren…Medicare, SocSec…et j’en passe….”Steiererhéigung”, wou duerno d’“Jorge-AG an séng ge-ierften Frënn” ferm erëm réckgängeg gemeet hun…”affaire en suspens et à suivre”..d’ailleurs…)…
Secundo: 1997 méi niddereg Steieren fir d’Mëttelschicht (haaptsechlech Konsumdreiwend “incentive” aka “Give me some relief, pleez”)…
An Tertio: 1995-2001 énormen/massiven “Kapitalzoufloss” haaptsechlech ënnert der Form vun FDIen wéint der “dotcom/internet”-Bubble (i.e. d’Kreatioun vum immens villen Aarbeschtsplaazen am Info- mä och am Déngschtleeschtungsberäich…)…1+2+3 = (gaaanz! graff zesummengefaasst) pi mol Daum, genau d’Spiggelbild vun daat waat de gudde “J.D. Nourisher” eis ze “fidderen” wëllt gin…
“The evidence is persuasive that the tax increase probably slowed the economy…bla, bla, bla…”
Mumpitz! De Ball wor schons längst am gaangen mat rullen…oder…d’Titanic haat scho längst Southampton verlooss…( http://www.bea.gov/scb/account_articles/national/1299niw/chart2.gif)
N.B.: Eng Saach awer weg. nët vergiessen!…et däerf een nët dem “Uncle Sam” séng Finanzpolitik mat déer zu Letz vergläichen!!! oder “à la lettre” wëllen uwenden…et sin zwee totaal verschidden….hmmm… “Universen”…
All Land huet séng eegen charakteristesch/spezifesch “Wirtschaftsstrukturen/Merkmale” (Geschicht, Urschuld, Gesellschaft, politeschen System etc. etc. etc. héich 10…)…an de Glaawen un enger allgeménger “panacea” as éischter eng Tugend déi un deene Leit geriit as, déi gären “Wünsch dir was” lauschteren…)
Sur ce, je me m’absente…
Hasta
Pancho
@ Pancho
Ech selwer sinn och wirklech net oft enger Meenung mat der “Heritage F.” Ech fannen et awer schons krass, dass eng Agence déi jo den Republikaner méi no steet (Beispill: Reagan, Bush, Irak Kriech etc.) an par conséquence misst deenen hier (Stéier-)politik (och) gudd fannen, awer déi vun den Demokraten scheinbar besser fannen. Eng logesch Konsequenz wäer jo eigentlech dass d’Heritage Foundation an den Dr. Foster d’Stéiererheichungen missten gudd fannen an dovunner iwwerzeegt sinn dass déi d’Wirtschaft erem ugekuerbelt hunn. Schliesslech ass d’Stéiererheichung fir déi “Aarm” an den USA ceci dit déi déi net zu deenen 5% vu glëcklechen Groussverdiener zielen, dach eng ganz kloër Politik vun den konservativen Republikaner voir nemmen d’Bush Joëren.
Ech wëes dass een net kann higoen an d’Wirtschaft hei zu Lëtzebuerg mat däer aus den USA vergläiche kann. Ech gouf awer hei gefroot fir e Beispill zenennen a wéi engem Land déi Iwwerléeung da wirklech funktionnéiert. Ech hätt och kennen op 2003 hei am Land zereckkommen (waat ech schons eng Kéier an engem Kommentar hei um Blog ginn haat), wollt awer och emol wéissen dass dës Denkwéis och an aaneren Länner klappt. An dunn haat ech d’Méiglechkeet fir entweder iwwert déi britesch oder déi amerikanesch Wirtschaft zesichen, well dës béid Länner wuel nierwt Lëtzebuerg déi sinn déi mech am meeschten interesséiern an iwwert déi ech dann och am meeschten wëes.