De Jean-Claude Juncker haat jo soss näischt zedi wéi am TV Duell géint de Claude Meisch vun 1989 zeschwätzen. Ech sinn wéi meng Lieser villeicht wëssen an deem Joër gebuer an ech muss dem Herr Juncker ganz eierlech soen, dass ech dach elo net op déi läscht 20 Joër kucken. Ech kucke gäeren no fiir. Fir zereck zekucke bléiwt nach emmer Zäit wann ee mol eng Kéier an d’Pensioun geet, mee villeicht mecht den Jean-Claude Juncker dat jo och geschween. Am TV-Duell huet et jiddefalls dono ausgesinn:

Da well ech awer och iwwert déi zweetläschter Table ronde um Fernseh (29.05) schreiwen. Ech fannen et nawell allerhand schockand dass wann ee Politiker vun der Mëttelschicht schwätzt, déi aner hien froen “Wat ass d’Mëttelschicht?” Et wéisst villäicht dass déi Leit sech ze vill bei déi sougenannten “Deck” zielen an sech an dem Beräich ophalen, villäicht awer och nëmmen e Beweis dofir dass d’Politik hei am Land e groussen Opbroch néideg huet. Wéi kenne mer verlaangen dass d’Bierger sech hei am Land méi fir Politik sollen interesséieren, wann gläichzäiteg praktesch null Intressi vun de Politiker an d’Richtung vun der Bevëlkerungsschicht geet déi d’Duerchschnettsakommes kréien? Déi wann een da well krass schwätzen “‘nëmmen’ Duerchschnëtt” sinn. (no offence)

“Middle class refers to people between the labouring masses and the ruling class.”

Ass et net traureg dass nodeems an den leschte Joeren déi Mëttelschicht ausgepresst gi sinn, dëst hei am Land an an aneren EU Länner, nëmmen eng Partei sech dëser Schicht zouwend? Ech hat vrun engen 12 Méint alt geduecht dass dëst giff vu méi Parteien opgegraff ginn. Domm gaang.
Während d’CSV, d’LSAP an déi Gréng weider wëllen Stéieren an d’Lut setzen, wäert d’Kafkraaft ëmmer méi erof goen. An et ass jo grad déi déi sollt an d’Lut goen, dat huet souguer den Statsminister nach vrun enger Zäitchengesot gehat. Mee (nach) méi héich Stéieren heescht manner Suen am Haushaltsbudget vun den eenzelnen Familljen. Dat heescht manner Ausgaben, ceci dit manner Kafkraaft. Eng Verklengerung vun der Nofro dréckt d’Produktioun erof an da stinn alt erëm d’Gewerkschaften mat den Arbeschter op der Strooss. Et ass schonns richteg wat den Herr Meisch seet. An et ass jo och net esou wéi wann hien guer näischt vun der Economie giff verstoen, och wann den Premier bezweiwelt dass hien esoulaang kann Finanzminister ginn ewéi hien, huet den Claude Meisch Mathé an Economie studéiert gehat.

“Zur Mittelschicht zählen jene Bürger, die 70 bis 150 Prozent des Durchschnittseinkommens verdienen.”

D’Mëttelschicht muss gestäerkt ginn. Wéi d’Welt vrun e puer Joer extrem op de Klimawandel opmierksam gemaach gouf, huet et geheescht “Dat musse mer verhënneren”, wéi e.a. d’Welt Online d’läscht Joer getitelt huet: [via]

MCKINSEY-STUDIE: Die deutsche Mittelschicht droht wegzubrechen
Düstere Prognose für Deutschland im Jahr 2020: Eine breite Mittelschicht wird es nicht mehr geben. Weniger als 50 Prozent der Bevölkerung werden in der Lage sein, ein Einkommen auf Durchschnittsniveau zu erzielen. Schuld ist das geringe Wirtschaftswachstum der vergangenen 15 Jahre.

froen den Staatsminister Juncker, de Gast Gybérien an den Fränz Bausch: “Waat ass déi Mettelschicht?”

An wéi de Klimawandel wäert wuel och de Reckgang vun der Mëttelschicht net vru Lëtzebuerg halt maachen. Mir mussen elo handelen. De 7. Juni hunn d’lëtzebuerger Bierger d’Chance hier Zukunft zewielen…

“Upper classes are a nation’s past; the middle class is its future.”
~ Ayn Rand

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

35 Comments

  1. Holà, (“Pavlov’scher Brutkasten…?”-update)

    ““nous n’imaginions pas une seconde que cette expérience de psychologie sociale, reformulée à travers un jeu télévisé, aurait de tels résultats””

    http://teleobs.nouvelobs.com/rubriques/on-annonce/articles/le-jeu-de-la-mort-experience-a-haut-risque

    …”stay tuned?”…

    Hasta
    Pancho

    Reply

  2. Holà (d’Grübel-Grübel/Kratz-Kratz-Aktioun geet weider…)

    [quote]
    ““Top amerikanësch Ecos-Unien, Princeton, Harvard an Konsorten vun der “Ivy-League” sin den Ament am gaangen d’Manéier fir “Eco” ze “vermëttelen?” vun “A” bis “Z” a Fro ze stellen/ze reforméieren…””

    “Volkswirte überdenken ihre Theorien (gëtt och esoulues Zäit…)

    Welche Lehren muss die Ökonomie aus der Krise ziehen? (There’s no such thing as a free lunch?) Auf der Tagung der Royal Economic Society zeichnet sich die VWL der Zukunft ab (ech gesinn d’Zukunft an ménger Kristallkugel…), denn Experten halten ein Umdenken in der Makroökonomie für unausweichlich (“Le dogme est mort…vive le dogme…?”). Analytischen Modelle sollen realitätsnäher und komplexer werden. (“Lass dich überraschen…”)”…

    http://www.handelsblatt.com/politik/nachrichten/tagung-volkswirte-ueberdenken-ihre-theorien;2555489

    Hasta
    Pancho

    Reply

  3. […] waat déi “Mettelschicht” vun däer DP schwätzt wier. Ech empfehlen also mäi Post hei nach eng Kéier […]

    Reply

  4. Holà,

    “„Ok, manner Steiern bezuelen heescht mei Kaafkraaft, mee manner Steiersuen bedeit logescherweis och manner Geld fir Schoulen, Spideeler, Altersheemer, Crèchen, Stroossen, etc. an am allgemengen manner Suen fir d’Sozialwiesen.“”

    Hei ass een “up-to-date” Bäitraag vum “archi-exzellenten” Mark Thoma… (Hi Mark…)

    http://moneywatch.bnet.com/economic-news/blog/maximum-utility/why-i-changed-my-mind-about-tax-cuts/637/

    Hasta
    Pancho

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s