Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

6 Comments

  1. Sorry, mee den Juncker. Den Meisch ass einfach just onsymphatesch eriwer komm an ass leider vum Juncker, an den mescht daat ganz gescheckt, oft an d’Faal gelackelt ginn, daat hien Saachen bemängelt huet, fir déi seng Partei waar/matgedroen huet.

    Ech hunn et awer am Allgemengen net terribel fonnt. D’Moderatioun vun RTL waar ganz schlecht.

    Reply

  2. De Meisch kënt ëmmer als arroganten Schnösel eriwwer (den Contenu selwer ass awer meeschtens lau …). Dann zéien d’Läit awer nach en arroganten Juncker vir.

    Reply

  3. No dem do Débat kritt d’DP nach grouss Problemer hier Stéiersenkungsiddien den Léit glaawwierdeg riwwerzebrengen. An am Ufank déi Débatt iwwert d’Banquieren, do ass de Claude Meisch an seng eegen Faal gefall. Ech mengen net, dass den Duerschnettslëtzebuerger daat normal fennt waat déi läscht Joeren am Finanzsektor ofgelaaf ass.
    Ech gin och dem Joël rescht: d’Moderatioun war einfach schlecht, deen huet jo keng eenzeg Fro richteg plazéiert kritt.

    Reply

  4. Ween huet den Face-à-Face “Meisch vs. Juncker” gewonn?

    Hui…(part I)

    …de “Pancho” plädéiert plutôt fir ee score “ex-aequo”…

    U sech huet de “Pancho” fonnt, daat et keen richtegen “Duell”, waat d’Substanz/Essenz vum “échange des points de vue” ubelaangt, wor…(d’Wuert “Duell” gouf zevill mam Spill “Se tenir par la barbichette…” ersaat…Wee wees, vläicht kennt enges Daags eng Serie vun “LSDP” aka “Luxemburg sucht den Premier” co-sponsored by Endemol-Productions op der Telé…<- = sarkastegen Humor!…)

    Bref, revenons à nos moutons…den Här Juncker, als rodéierten schlauen Fuuss/”political animal” (nët à la Kevin Drum!), huet z.B. beim Erblécken der "Zielgerade" d'Zuelenrhetorik fir sech monopoliséiert (kënnt ëmmer gudd beim ondécidéierten "Otto-Normal-Wieler" un…), den Här Meisch, par konter, huet probéiert mat "sporadësch pikkant? Attacken" déi "h(u)aart-ewéi-ARBED…hmmm… Arcelor…hmmm…-Arcelor/Mittal-Stool-Carapax" wëllen ze duerchbriechen…en vain…

    Summa Summarum, eng Zort "inoffiziell Konsensbereetschaft" louch an der Loft ("Da liegt was in der Luft…"), déi d'grondleeend wichtëg Problematiken virun deenen d'Land konfrontéiert as/gëtt/wäert ginn, ni richteg ugepaakt huet/wollt upaaken?…(bon, mat +/-40 chronométréiert Minutten, "Top, die Wette gilt…", kann een och nët extreem wäit kommen…)

    P.S.: Den Här Meisch verdéngt awer eng "extra-dosis" Respekt, well hien als Oppositiounsleader déi Erausfuerderung op engem Plateau vun der Marinéierungsmaschinn "Pavlov'scher Kasten" aka "Not-Yet-Youtube-Infected-HD-Plasmavalium" ugefroot huet/agaangen as…

    P.P.S.: Un otra vez arribará la segunda parte…

    Hasta la vista
    Pancho

    Reply

  5. Ech war och vun der Performance vum Fränk Goetz enttäuscht. Schonn alleng de Schluss war katastrophal. 1 Kandidat attackéiert massiv deen aaneren an dann “sou dat waar et.” Zäit fir sech zewieren haat een net. Normalerwéis kritt een alt bei Debaten emmer nach e Schlusswuert. :/

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s