Et ass wuel fir déi meescht Léit nemmen eng Randnotiz an dësen Zäiten wou den Peer Steinbrück an den Jean-Claude Juncker gemeinsam “bellege Wahlkampf” (Manuel Huss) maachen. Mee haut um Europadaag huet sech d’Jeunesse Démocrate et Libérale am Bezierk Osten vergréissert. Zu Jonglenster gouf no e puer Joëren am Stellstand erem eng JDL gegrennt. Et ass eng jonk an dynamesch Equipp déi an den nächste Wochen a Méint wäert mathellef dee Bezierk am Land deen déi mannsten Obmierksamkeet kritt, ze moderniséieren an erem méi attraktiv zemaachen.
Vun hei aus wensche mer der ganzer Equipp nemmen dat Bescht!

Et sierf ob deser Plaatz och nach eng Kéier drun erennert dass d’JDL Iechternach no der Edukatiounskonferenz vrun 2 Wochen, déi d’Noolauschterer als eng “ganz interessant an informativ Konferenz” ugesinn hunn, den 22. Mee eng Act Blue Party beim Wohli (Café de la Poste) maachen. Den Virverkaaf (2 €) mat Tombola huet lo ugefaangen. D’Tickets ginn et bei alle Memberen a beim Wohli. Den 22. Mee muss een also ob Iechternach kommen bei de Wohli. Fräi Nuecht ass ugesoot. Den DJ Joey wäert obléen an ze drenken gett et e.a. en extra’en “Blue shot.”

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s