Jhust e kuerze Gedanken iwwert d’KPL an déi Lénk. An der éischter offizieller Table ronde um Fernseh haut, hunn béid Parteien nawell ganz staark den aktuelle “System” kritiséiert. Ok, mee ass hiere System, op deem hier Partei’en obgebaut sinn, net schons vrun méi laangem gescheitert an huet en de Léit net nach méi Leed bruecht wéi den aktuellen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

6 Comments

  1. “China [das ist nicht der Kommunismus]
    Nordkorea [das ist nicht der Kommunismus]
    Kuba [das ist nicht der Kommunismus]
    Sowjetunion [das ist nicht der Kommunismus]
    DDR [das ist nicht der Kommunismus]
    Web 2.0 [das ist nicht der Kommunismus]
    die Borg [das ist nicht der Kommunismus]”

    http://www.classless.org/2008/11/18/uplifting-hardcore-communism-mit-verweisen/

    Muss een méi dozou soen? Ausserdem: den liberale System ass och graad zesummengefall. Steng an Zären, an sou.

    Reply

  2. Ech giff net soen dass de System komplett zesumme gefall ass. De System haat schons a senger ‘Carrière’ e puer Déifften. Dëst ass actuellement secherlech dee schlemmsten, mee fir elo eng ‘nei’ Form mam Kommunismus zefuerderen ass menger Meenung no falsch, well dee System ass wirklech zesummegefall.

    Reply

  3. Wanns de dovunner ausgees, daat d’Sowejtunion wierklech Kommunismus waar, dann jo. Wanns de awer dovunner ausgees, daat een déi Ideen och besser emsetzen kann, dann net onbedengt.

    Reply

  4. D’Sowjetunioun hat mat Kommunismus ongefeier souvill ze dinn ewéi e Kuelekraaftwierk mat Emweltschutz. Wat mer haten, waren verkommen autoritär bis totalitär Versich, Sozialismus an/oder Kommunismus als politesch Uerdnung emzesetzen, déi awer kläglech gescheitert sinn. Vun dohier kann een och net soen, dass en zesummegebrach ass, e gouf ni emgesat. De Kapitalismus ass a méngen Aen alleng schon aus deem Grond gescheitert, well d’Welt haut aus e puer Wuelstandsinselen an engem Mier vun Armut besteet. De Kapitalismus funktionéiert gutt fir eng Minoritéit vu Leit, an d’Schéier tescht arm a räich geet emmer méi wäit op. Mee mer musse jo net schwaarz/wäiss denken, Kapitalismus oder Kommunismus. Dotescht existéieren ganz intressant Konzepter, deenen ee mol eng Chance kéint ginn.

    An dann nach eng kleng Empfeelung un déi Liberal: setzt iech emol mam John Locke auserneen, dem philosophesche Begrenner vum Liberalismus. Hien huet schon gesot, de Marche kéint ouni strikt staatlech Regléierung net funktionéieren. Dat schéngen déi heuteg Liberal vergiess ze hunn.

    Reply

  5. “Dat schéngen déi heuteg Liberal vergiess ze hunn.”

    Jo vläicht an den “angelsächsësch-ugehauchten-nach-ëmmer-Empire-striewend/kräichend-Länner”, mä awer doudsecher nët déi heuteg Liberal zu Lëtz/kontinental Europa (bon, et gin och Ausnahmen…ewéi iwwerall)……an den Claude M. an den “Pancho” aka “Toff” (déi béid sech ganz laang…mam Thema “Wirtschaft” beschäftegt hun…) hun absolument bei wäitem nët vergiess ewéi de Marché funktionéiert an hieren “philosopheschen Prinzip” och “offiziell” (qui cherche, trouve…) déklaréiert: http://de.wikipedia.org/wiki/Ordoliberalismus
    woubäi ech mengen, daat den John Locke…en ähnlechen Prinzip och, am Endeeffekt, Intus haat (contrat social = eigentlech franco/britesch “ur”-form vum “germanesch-geprägten-neo Term” Ordoliberalismus)…->”Locke exercised a profound influence on political philosophy, in particular on modern liberalism.” (source en.wikipedia)

    kléngen Add.:
    ”Locke exercised a profound influence on political philosophy, in particular on modern liberalism.” + “Hien huet schon gesot, de Marche kéint ouni strikt staatlech Regléierung net funktionéieren.” = Hmmm…waat d’Définitiounsinterprétatioun ubelaangt…“passt nëd”…

    Komme mer zu den Adjektiven…

    “…ouni strikt staatlech Regléierung…”

    Den Adjektiv “strikt” kann een verteidegen…an deems daat een sech freet “wou” an “wéini” en agesaat muss/däerf gin, fir daat dem System/Gesellschaft eng maximal “Effizienz” mat enger maximaler individueller/kollektiver Fräiheet garantéiert ka gin…well nëmmen d’Gesamtheet vun den individuellen “Entfaalungsméigelechkeeten/Denken” (= Demokratie) garantéiert eng Verbesserung vum Ensemble…(Prinzip X: de Mënsch, mecht daat am Beschten/as am Produktivsten wann hien daat ka maachen, waat him och wiirklech gefällt, ouni dem Diktat “etwaiger” Persounen missen z.B. ze folgen…”Yes Daddy…I’ll do whatever you want me to do”)

    Mini-Résumé:

    Iwwerall “strikt” -> totalitär (guer kee Vertrauen am Mënsch, kléng “Elite”, “strikt” = pro-forma” Aschränkungen = Risiko graad de “Kontraire”, op laang Siicht, ze erreechen, Systeem instabill…bon, hängt och vun der “gesellschaftlechen Bezähmungsgrad” oof….)

    Geziilt “strikt” -> modern liberal, à la John Locke and Co. (Vertrauen am Mënsch, “e bessi” méi grouss “Elite”, individuell Fräiheetsentfaalung, Systeem, op laang Siicht, “e bëssi” méi stabill…vue daat “gesellschaftlechen Secherheetsventil, Prinzip X” do as…

    Néierens “strikt” -> neo-liberal/ultra-liberal, à la “US-Hard-Core(d)-Republican” (keen Vertrauen am “Nächsten=Paranoia”, kléng Elite bedingt duerch mauer-haarden-anarcho-darwinistegen Auswiehlverfahren, System, op laang Siicht, instabill…(Bsp. déi “Schwaach” opspieren, emsou méi oofschwächen, dann “lecker” nummy nummy food…)

    Hasta, Pancho

    Reply

  6. “Hieren” System?

    Dei Letzebuerger Lénk sin secher net drun Schold dat e puer Faschisten gemengt hun se misst am Numm vum Kommunismus en totalitären Staat opbauen. An déi Lénk zu Letzebuerg hun den System nie, awer och wirklech nie verdeedegt. Am Geigendeel…
    Mol ganz dovunner oofgesin, dat USA während dem kaale Krich mei wei eng Diktatur kreeiert hun.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s