Lo geet et also endlech lass. Nach 1 Mount bis d’Wahlen, dat heescht hei am Land dass de Wahlkampf dierf ugoen, ceci dit dass mol rem iwwert d’Politik geschwaat gett. A wann een esou d’Wahlplakater vun den ‘groussen’ Partei’en duerchgeet, fällt engem direkt op dass vill Partei’en scheinbar Problemer domatter hunn e politescht Gespréich unzereegen.
D’CSV schréiwt ganz einfallslos “Dir wielt äer Zukunft”, dass d’Léit dat och op all aanerem Daag am Joër maachen glëwen d’Chrëschten wuel net.
Déi Gréng promoten onbekannt Gesichter an 4 Fangeren.
D’LSAP huet zevill Informatiounen drop. D’Plakat ass nemmen liesbar wann ee virdru steet. Falls een mam Auto laanscht fiirt, haat e Pesch.
An d’DP huet méi Wahlprogramm drop. Well net nach e Bildchen drop ass, sinn déi eenzel Propositiounen och schéi siichtbar a lieserlech. Et erméiglecht alt e besschen e politeschen Debat unzereegen.

Wahlkampfslogan sinn oft dat wichtegst vun enger Campagne. Gudd Slogan sinn awer ganz oft schwéier zekréien.
D’CSV well lo um “sechere Wee” ‘zesumme wuessen.’ Dass sie nach emmer um “sechere Wee” festhaalen, nodeems desen méi eng héich Kriminalitéit, méi héiche Chômage a méi déier Wunnengen bruecht huet ass komesch.
D’LSAP peekt et erem gäeren un, dës Kéier mat engem roude Fuedem. Dee wäer awer schons an dëser Legislaturperiod allem virop an der Edukatiounspolitik wichteg gewiercht. Bon, et léiert een emmer dobäi.
Déi Gréng soen dass et “grad elo” un hierer Zäit ass. Dat erennert eigentlech e besschen un „Grad elo déi Blo”, mee bon… et ass eben net sou einfach e Slogan zefannen.
D’DP well “nei Weeër wielen.” Eigentlech passt dee Slogan bei den Wahlprogramm vun den Liberalen, wou sie op verschiddenen Pisten, dem Logement, der Arbeschtspolitik, der Kannerbetréiung fir nemmen déi zenennen, néi Weeër welle goen. Ob de Wieler de Sproch awer gudd wäert fannen, wesse mer erréicht an engem Mount.

Op der aanerer Säit ginn d’Wahlversammlungen lo och emmer méi heefeg. Et ass déi “ultimativ Méiglechkeet fir mam Bierger a Kontakt zekommen”, wéi wann dësen sech de Recht vun der Zäit giff verstoppen.
D’LSAP geet sech an d’Bistro’en setzen. Wou anscheinend baal keen mat hinnen schwätzt.
D’CSV mécht erem de “Juncker ON TOUR.” Komesch, haat dach grad den Haaptacteur vun der Show nach vrun engem Joër an der Chamber gesoot: “Juncker ON TOUR fennt net méi statt.” Aussergewéinlech Zäiten erfuerderen wuel aussergewéinlech Moosnahmen.
Da fueren awer och d’CSV an déi Gréng mat engem Bus uechter d’Land. Interessant. Dat erennert dach ganz staark un d’Guidomobil, nee? Also de Spasswahlkampf aus Däitschland. Ok, si mer net grad sou beiss mat hinnen. Et erennert awer komplett un den Reform-Express, dee Bus also vun der FDP deen am Bundestag-Wahlkampf 2005 benotzt gouf fir bei d’Bierger zefueren. Komesch well dach grad den Herr Bausch de Claude Meisch dono gefroot huet dass dëse w.e.g. soll d’„Guido Westerwelle Kaap” ofdoen.
Déi Liberal hunn hier Wahlversammlungen, mee och verschidden “Meet&Talk” Versammlungen. Dës laafen a mei engem relaxe Kader of wéi déi einfach an ganz oft drëschen Wahlversammlungen. Da ginn et och nach “Informatiounsversammlungen mam Claude Meisch” an däer de Spetzekandidat vun der DP de Wahlprogramm vu sénger Partei a séng Vue’en iwwert d’Land duerleet.

Jee… de Wahlkampf ass lancéiert. Et kann een awer nemmen hoffen, dass an den nächste Wochen en Austausch vun Propositiounen a Vue’en stattfennt. Wellen déi Gréng lo d’Stéieren héichen oder net? “Driwwer nodenken” ass keng kloër Aussoe, Herr Bausch an ennersträicht eigentlech de Reproche vun der DP dass déi Gréng genee wéi d’LSAP an d’CSV “Stéiererheichungspartei’en” sinn. Well d’CSV elo den Tram oder net? [hei]. Méi e blöden Zäitpunkt fir seng Meenung z’änneren hätten déi “Chrëschtlech Sozial” net kennten fannen. Wellen d’Sozialisten lo d’Solidaritéitsstéier erhéichen fir dass all Mensch wéinstens d’Kriis spiirt oder dach net?
Wenschenswert wäer et, mee et däerf een awer wuel och fäerten dass déi politesch “Strategen” vun den Partei’en eng kloër Äntwert op sou Froen als méiglechen Doudschlag fir d’Campagne gesinn. Nemmen kee politescht Gespréich, nemme keen richtegen Debat, et kéinnt d’Enn vun allen Regierungsdreem sinn…

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. “Iwerlee, wiehl DP!” (hängt nach emmer ob enger Litfasssäule zu Ettelbreck.)

    “Wellen d’Sozialisten lo d’Solidaritéitsstéier erhéichen fir dass all Mensch wéinstens d’Kriis spiirt oder dach net?”
    Jo. Och déi Raisch sollen eppes dovunner hunn.

    Reply

  2. Dëse Bäitrag ass wierklech immens. Du hues mer d’Aen opgemaach: ausser der DP dreiwen se alleguer d’Steieren erop, an wëssen net wéi se mam Bierger kommunizéieren sollen!

    Meng ganz Begeeschterung zu dësem Bäitrag kanns de op http://www.lo-wielen-ech-dp.net liesen.

    Reply

  3. Ech deele gréisstendeels deng Vue wat d’Walplakater ugeet. Allerdengs feelen an denger Analys 3 Parteien, vun deenen jo awer eng déi bis ewell penetranste Plakater uechter de Süden opgestallt huet. Ech nennen awer léiwer net hiren Numm, soss klëmmt mäin Adrenalin. 😉

    D’Walplakater vun der DP vermëttelen zwar effektiv Walprogramm, mee op eng denkbar onattraktiv Manéier. Ech brauch just d’Publicitéit op engem normale Linnebus ze kucken fir ze gesinn, wat graphesch haut méiglech ass, nämlech 3-dimensional wierkend Schrëftzich a Faarwgradienten, an dann d’dréckt d’DP Plakater déi graphesch net méi attraktiv sinn wéi virun 30 Joer. Dat Eenzegt wat domat kohärent ass, ass de Logo, well dee kéint och aus de 70er stamen.

    Nujee, ech interesséiere mech op jidde Fall méi fir dat wat eng Partei un Inhalt wéi u Form bitt, mee wéi wierkt sou e Plakat op Leit, déi sech bei hirem Vote haaptsächlech vu formale Faktore beaflosse loossen?

    Der LSAP hier Plakater sinn effektiv iwwerlueden. Ech hu genau deeselwechten Androck dovu wéi s du.

    Bei deene Gréngen hunn ech och mol fir d’éischt no bekannte Gesiichter Ausschau gehal, a fannen dass d’Konfusioun déi dat Plakat mat de Leit provozéiert éischter kontraproduktiv ass.

    D’CSV wäert wuel nach méi groussformateg Plakater vun hirem Held opstellen, mir si bei hinne bis elo just déi aarmséileg mat der Pixel-Hand opgefall – negativ.

    Sou gesinn denken – nee, fäerten ech, dass di gelongenst Walplakater bis elo déi vun där Partei sinn, déi ech net nenne wëll.

    Reply

  4. Ech hu mech bei der Auswiel op d’Fraktiounsstäerk an der Chamber bezunn. 😉

    Ech ginn alt vu ville Léit, déi net DP Supporter sinn, gefroot firwaat d’DP beispillswéis d’Stéieren well senken. Vun dohier klappt et alt, och wann dann d’Form net sou flott ass, fir dat “Tabu Thema Politik” ze duerchbriechen.
    Ob der aanerer Säit héiert een zimlech vill, dass d’Léit de Mupp op de grousse Plakater “immens” fannen. Villeicht stemmen déi jo dann déi net sou op den Inhalt kucken, op dat grousst Plakat. 🙂

    Ech erwarde mer bei der CSV och nach aaner Plakater zumools déi vum “Retter vun der Natioun.” Mee och déi Gréng giffe mech enttäuschen wann dat lo schons alles gewierscht wäer.

    Ech hu momentan vun däer aanerer Partei jhust d’Gesichter gesinn an am Zentrum Plakater mat hieren net realiséierbaren an net hellefswürdegen Project gesinn. Waat hunn se dann am Süden drop?

    Reply

  5. A jo, den Hush Puppy, dat ass effektiv da méi gelongen. 🙂 De Claude Meisch hunn ech och schonn op engem gesinn, mee ze flüchteg fir dass ech dozou eppes soe kann. Interessant, dass vun Ufank un méigleiseg gefuer gëtt bei der DP, mee d’Gewiichtung schéngt mer méi op deene schrëftleche Plakaten ze leien.

    A menger Géigend stinn relativ vill groussformateg ‘maach mat!’-Plakaten mat strahlende Kandidaten op dem Hannergrond vu lokale geographesche Mierkmalen a mat dem Wunnuert vun de jeweilege KandidatInnen ënnert dem Numm. Just de Spëtzekandidat huet e Plakat fir sech. Bei wat een allerdéngs matmaache soll, ass mer schleierhaft, mech stécht deenen hiert Grinsen net un.

    Et fält virun allem och op, dass déi Plakater op enger Folie gedréckt sinn an un neien Aluminiumprofiler befestegt sinn, sou wéi an der Werbebranche. D’Gelder aus dem Walkampf stinn deemno zu engem net klengen Deel nieft de Stroossen am Süden.

    Reply

  6. “Ech hu mech bei der Auswiel op d’Fraktiounsstäerk an der Chamber bezunn.” Oder ob déi Parteien, déi Souen vum Staat (Stéiersouen!) kréien, fir hier Plakater ze drecken.

    Gescht ass mir nach eppes negativ bei den DP-Wahlplakater opgefall, mee ech wees net méi richteg waat. Ech haat op manst net wierklech den Androck, daat et Wahlprogramm wier, eischter “néi Weer wiehlen fir…Tralala”

    Stemmt, den ADR huet immens rieseg an stabil wierkend Plakaten. Ech froen mech, ob déi Folie gudd brennt …

    Reply

  7. @Georges
    Jo et ginn der och mam Claude Meisch a mam Charel Goerens. Et muss een déi 2 Spëtzekandidaten och grouss erausbrengen. 🙂
    Naja, ech fannen et jhust super dass op der Plece schons “Nazi Faschoen” op hierem Plakat steet an “schlo se freck!”

    @ Joël
    Nee Joël dat stemmt net. Den ADR kritt och Stéiersuen duerch dat néit Parteienfinanzéirungsgesetz. Mat deem Gesetz gett all Partei vum Staat ennerstetzt déi ob mannst 2% vun den Wielerstemmen kritt huet. Den ADR haat méi wéi déi 2% kritt aanescht dann eben wéi déi Lénk oder d’KPL. Wann ech awer op d’Fraktiounsstäerkt an der Chamber kucken, schwätzen ech nemmen vun CSV, LSAP, DP an déi Gréng. Et ass een erréicht eng Fraktioun wann ee 5 Sëtz an der Chamber huet, an zenter dem Ausstieg vum Aly Jaerling beim adr ass déi ob 4 Sëtz erofgefall. Domatter ass d’adr keng Fraktioun (momentan) méi mee e “parlamentaresche Grupp.”

    Dat Plakat well ech gäere gesinn. lol

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s