Eigentlech hat ech welles an deene Woche bis de 7. Juni net iwwert d’Aktualitéitssujeten aus dem Ausland ze schréiwen, déi folgend fannen ech awer wichteg. Zumools och wéinst enger Aktioun hei am Land, dozou awer méi e bëssche méi spéit.

Während de Barack H. Obama zu Stroossbuerg zu enger Grupp Studente gesot huet: “America is changing”, hunn sech wirklech an den USA scho bal dramatesch Szenen ofgespillt. Et sollt eng grouss Woch gi fir déi Leit, déi méi Gläichberechtegung wëllen.

Genee haut vrun enger Woch, eng Woch also vrum hellege Fest vun de Katholiken, ass Iowa méi mënschlech ginn. De Supreme Court vun Iowa huet decidéiert gehat, dass d’Ofléenung vun de Bestietnisser vun homosexuelle Koppele géint Constitutioun vun Iowa verstéisst. Et war e grousse Schrëtt zemools no der Geschicht aus Vermont.

An deem Staat war nämlech och décidéiert gi fir homosexuelle Koppelen d’Recht op e Bestiednes ze ginn. Dunn huet awer de Governor vu Vermont, de Republikaner Jim Douglas décidéiert säi Veto beim deem Gesetzestext zebenotzen.
Mee ze fréi gefreet fir alleguerten d’Homophoben am Vermont. Well och zu Vermont klappt dëse Veto net sou richteg mat der Verfassung iwwerteneen. Dofir huet 4 Deeg no der Decisioun am Iowa, och Vermont e grousse Schrëtt no fir gemaach.

Domatter ass da lo Vermont mat Iowa a Massachusetts a Connecticut schonns de 4. Staat an den USA déi homo- a bisexuelle Koppel’en déi nämmlecht Rechter gi wéi den heterosexuellen. Ween hat no der Proposition 8 [méi hei um ‘Oppenen Bréif’] nach geduecht? Wuel keen. An déi gutt Noriichte fir méi Gläichberechtegung sollten dës Woch einfach net ophalen. Firwat och.

Den Staat mat der Haaptstad, den District of Columbia, huet décidéiert fir Homo-Marriagen unzeerkennen. Och wann een sech zwar nach net dierf als gläichgeschlechtlech Koppel am DC bestueden, ass dat trotzdem schonns e Schrëtt no fir. E Schrëtt an déi richteg Richtung.
An aner Stied sollen och schonns geschwënn no zéien. Anscheinend kinnt et zu Hawaii, Rhode Island, New York an New Hampshire zu enger Ännerung an de Gesetzestexter kommen. An da waarde mer jo nach alleguerten op d’Äntwert vum Gericht zu Kalifornien, déi dach an deenen nächsten Deeg a Woche misst kommen.

Dat Ganzt ass awer lo sécher net dem Barack Obama säi Verdéngscht. Au contraire, ass hien och géint den Homo-Marriage, erlaabt awer gären, dass sech homosexuell Koppelen an der Klinik gesinn ouni dass se den Accord vun der Famill mussen hunn. Et war e ganze Prozess deen matgemaach gouf. De Senator Bill Frist huet 2007 opgehaalen, den Tom DeLay ass och net méi am “House” dobäi. Déi “social conservatives” wéi se genannt ginn, sinn momentan komplett an der Minoritéit. Dat ass firwat een och an dëser Woch net vill Protester gesinn huet.

“Being powerless forces you to do things differently. You have an awakened and energized liberal base. … But the liberalism in power is energizing conservatives to stop bad things.”

Dëst soot d’Madame Gallagher, d’Presidentin vun enger “anti-gay marriage” Organisatioun.

Zemools déi liberal Gruppen an den USA hunn mat Hëllef vum Internet schonns zu engem méi politeschen Drock gefouert. Dass och an deene leschten Deeg d’Obama Administration vun sou unerkannten a beléifte Republikaner wéi Dick Cheney, Rush Limbaugh a Karl Rove kritiséiert ginn, wéisst ganz einfach dass déi Konservativ an den USA momentan e ganz grousse Problem hunn.

Mee och wann et dës Woch gutt Nouvellen aus der Siicht gi sinn, sou däerf een net erwaarden dass guer keng Reaktiounen an deenen nächste Wochen a Méint wäerte kommen. Egal wéi, de President hat Recht wéi hien de franséischen, däitschen an amerikanesche Studente versprach hat, dass säi Land am Gaang wier sech z’änneren.

Et ass eng Ännerung déi och hei am Land muss stattfannen. Mir sinn nach laang net sou wäit wéi Iowa, Vermont, Connecticut a Massachusetts. Hei am Land dierfen sech déi Homosexuell NET bestueden an hunn dofir och net déi nämlecht Rechter wéi heterosexuell Koppelen. Jo, och wann se sech “paxen”, hunn se net déi nämlech Rechter. Et geet duer lo. Et ass lo endlech un der Zäit, dass mir hei am Land endlech méi Gleichberechtegung kréien. Ugefaange mat dem Bestietnes vun Homosexuellen, dann awer och endlech d’Walrecht fir d’Net-Lëtzebuerger. Dofir den Appel u meng Lieser fir muer Samste bei der Ënnerschrëftenaktioun vun “Och fir eis – Recht op e Bestiednëss fir gläichgeschlechtlech Kopplen” matzemaachen. D’Aktioun start um 14:30 Auer um Knuedler. Méi Informatiounen op Facebook.

Kommt… loosst eis an enger méi gerechter Welt liewen!
freedom

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s