Och déi Jonk machen Wahlkampf an esou hunn dann déi 4 Jugendparteien vun den “groussen” Parteien décidéiert fir sech e puer Mol quesch uechter d’Land fir Table ronde’en zetreffen. Déi éischt Table ronde ass dann – an dat ass kee Witz – den 1. Abrëll (Mëttwochs). Dës Table ronde fennt am Bezierk Osten statt an zwar méi genau zu Réimech an der aaler Schoul. Notéiert iech also alleguerten den 1. Abrëll an äerem Kalenner.

Dann sollt der iech awer och Donneschtes den 2. Abrëll notéieren. Do ass nämlech och eng méi lass. D’Jeunesse Démocrate et Libérale organiséiert eng “Act Blue Soirée” am Melu an der Staat. Den Entrée ass natiirlech gratis an déi jonk Kandidaten op der DP Lëscht wäerten sech Zäit huelen fir mat Jonker iwwert d’Politik hei am Land awer och an Europa zediskutéieren an da wäert awer och nach e spezielle Gaascht en Donneschten am Melu sinn:

ACT BLUE SOIREE

A wa mer schons dobäi sinn dierf natiirlech Freides, den 22. Mee net feelen. Dëst ass den Freiden vrun der Päischtvakanz an dann ass Owes zu Iechternach eng méi lass. D’JDL Sektioun Iechternach, déi sech fir d’Jugend am Bezierk Osten asetzt, organiséiert beim Wohli (Café de la Poste – Place du Marché zu Iechternach) en “Act Blue Baal.” Do wäerten wuel och déi eng oder aaner “grouss” Politiker dobäi sinn an dat kann een elo wuel schons verspriechen wäert et och déi eng oder aaner Iwweraschungen deen Owend ginn. Den 22. Mee muss een also zu Iechternach beim Wohli passéieren fir den “Act Blue Baal.”

Wéider Datumer wäerten an deenen nächsten Deeg a Wochen nach no kommen. Sou baal se bestätegt ginn wäert dir se hei um Blog fannen. 😉 Mee nach eng Kéier, den 1. Abrëll op Réimech kommen, den 2. Abrëll an den Melu an den 22. Mee bei de Wohli op Iechternach.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s