Dexia, Fortis, héiche Chômage, Klimawandel, jee… wann ech lo giff all Problem vun eis hei opzielen, wier ech wuel nach bis iwwert den 7. Juni eraus beschäftegt. All Kéiers gett driwwer geschwaat, all Kéiers kréien d’Léit Wahlkampf-Cadeau’en (dëst Joër vun der CSV dann awer nemmen “Wahlkampf-Cadeauspabéier” (Claude Meisch)). Heiandsdo gett dann och dem Wieler gedroot an eng aaner Kéier maache mer alles dofir fir nach e Stadion opzebauen a schenken domatter eisen Nooperen déi Arbeschtsplaatzen, déi mir och gebraucht hätten. D’Belge, Däitschland oder Frankräich – egal wou dann den Akaafszenter wuel hikennt – soen Merci. “E gudden Iesselchen stéisst sech nemmen ee Mol”, seet meng Bom mer. Et schéngt ewéi wann déi lëtzebuerger Regierung den Ikea schon erem vergiess hätt.

Wann een als Jonken déi läscht Joëren verfollegt huet, muss ee scho soen, dass dat Ganzt dach zimlech frustrant ass. Déi Regierung an déi “jonk” Chamber [nemmen 4 vun 60 Deputéiert si méi jonk wéi 40 dorenner 2 vun der Demokratescher Partei] verbauen d’Zukunft vun der Jugend. Am Januar huet den François Biltgen (CSV) nach stolz behaapt, dass d’Jugend net ennert der Finanzkriis leit, e puer Deeg méi spéit huet hien dunn awer (alt erem) missten agestoen, dass den Chômage Taux bei deenen Jonken kräfteg an d’Luut gaangen ass. Elo probéiert den Fränz Biltgen dann alt erem den 5611 zebenotzen fir dat Ganzt z’erklären. Ech mengen den Herr Biltgen wäert och nach noom 7. Juni net verstaanen hunn, waat hien domatter ugeriicht huet. An dann gesäit een dann wéi op däer aanerer Säit mutwelleg Arbeschtsplaatzen op d’Spill gesaat ginn fir e néien Footballstadion, deen ausser e puer Léit am M-Block keen esou richteg wëll.

Suen soll een ausginn, haat den Häerr Juncker gemengt, fir d’Wirtschaft erem unzekuebelen. Ma, Häerr Juncker, ouni Arbescht huet een och keen Euro fir auszeginn. A wann dann nach wéi an äerer Legislatur Stéieren gehéicht ginn, néi Stéieren dobäi kommen an elo souguer schons vun enger Hausse vun der Solidaritéits-Steier geschwaat gett, wäerten d’Léit wuel nie esouvill Suen ausginn, ewéi d’Experten sech dat erhoffen. Dat nennt een dann wuel “sozialistesch?”
An donieft gouf ee jo och an den Debatten iwwert de Staatsbudget um “Chamber TV” gewuer, dass de gréissten Deel vun eisen Staatsfinanzen geléint ass. „Wann een an d’Jugend investéiert, dierf een och dovunner ausgoen, dass déi déi Saachen matdréit” [citation par mémoire], soot den Rapporter Haupert (CSV). Problem ass jhust dass déi aktuell Regierung net vill an d’Jugend eben investéiert huet.

Alles waat mer an deenen läschten 50 Joër geléiert hunn, wäert sech an deenen nächsten 5-10 Joër änneren. Alles. Lëtzebuerg muss mam Tanktourismus ophaalen, net nemmen wéinst Kyoto mee wëll d’Jugend vun haut och nach wëll dass d’Jugend vu ma op dësem Planet ka liewen. Lëtzebuerg verléiert d’Suen aus dem Internetgeschäft duerch eng EU-Resolutioun, déi am nächsten Joërzéngt a Kraaft trett. Global gesinn verléieren d’Amerikaner hier Weltmuecht an deen nächsten amerikaneschen President kann sech net méi als Weltpresident féieren loosen. China an Indien sinn um kommen. Do wäert d’Liewen sech an deenen nächsten Joërzéngten ofspillen. Dat dierf eis net ofschrecken, nee, mir mussen déi Chance notzen an elo schons eis Relatiounen mat de Länner aus Südost-Asien verbesseren.
A firwaat solle mer net och probéieren fir – wa mer schon sou vill Suen duerch den Tanktourismus verléieren- Suen duerch “grengen Tanktourismus” zeschaffen. Loost eis dach den Tanktourismus an d’Internetgeschäfter vun deenen nächste Joërzéngten fannen. Dat huet och den jéingsten vun allen Spëtzekandidaten, den Claude Meisch vun der Demokratescher Partei gefuerdert.

Mee hei am Land ginn et och sou nach aaner Problem. Schwangerschaft bei Mannerjähregen beispillsweis. Momentan kréien all Joër 70 Meedecher e Bebe. Dat sinn méi wéi 1 d’Woch. Demokratesch Partei fuerdert dass een op déi Jonk lauschtert, dass een den Opklärungscours an der Schoul reforméiert, dass all Mannerjähregt Meedchen gratis Spriechstonnen beim Fraendokter kritt an dass Kondomer gratis mussen ginn. De Problem vun den Crèches. Während d’CSV net richteg wëes wéi een déi gratis kritt, huet d’Demokratesch Partei alt erem eng Formule fonnt. All Joër soll et 20% méi belleg ginn, domatter wäert dësen Service um Enn vun der Legislatur gratis sinn. A fir dass d’Jugend vu ma sech net muss schummen, dass sie hei am Land iwwert eng Majoritéit (Net-Lëtzebuerger) herrscht, fuerdert d’Demokratesch Partei mat der Jeunesse Démocrate et Libérale, dass d’Net-Lëtzebuerger d’Walrecht kréien. Grad esou fuerderen d’DP an d’JDL dass déi Jonk ab 16 Joër endlech d’Walrecht kréien.
Zumools d’Walrecht ab 16 giff eis Demokratie op eng jonk Art a Weis wéider brengen. Mat engem Walrecht giffen d’Politiker (am Wahlkampf) probéieren fir déi Jonk dozou zebrengen fir hiert Walrecht zenotzen. Fir dëst zemaachen mussen sie sech mat de Problemer vun den Jonken befaassen an Léisungen fannen.

Wann eis Politiker op déi Jonk giffen lauschteren, kéinnte mer zesummen aus dëser Kriis erauskommen. Déi Jonk sinn net domm. Déi Jonk hunn Idee’en a sinn iwwert hier Zukunft besuergt. Et ass alt gudd, dass d’Demokratesch Partei net nemmen mam jéingsten Spëtzekandidat (Claude Meisch) mee och mat 20 Jonken vun insgesamt 60 Kandidaten an d’Chamberwahlen a mat enger jonker engagéierter Politikerin an d’Europawahlen ginn [Europa]. Domatter scheckt d’Partei em Claude Meisch an Charel Goerens e kloëren Message net nemmen un déi Jonk hei am Land, mee un all Lëtzebuerger an un all Bierger deen hei an onsem Ländchen wunnt.

Kommt… loost eis den Opbroch woen.

Loost eis néi Weeër wielen.

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

7 Comments

  1. Du sees : . “All Kéiers gett driwwer geschwaat, all Kéiers kréien d’Léit Wahlkampf-Cadeau’en”

    Dat heescht dei gouf et och virun 5 Joer wou d’DP nach an der Regierung wor, ass dat net hypokritech, lo wou een net mei an der Regierung ass, dat ze kritiseiren? Ass et net wisou hypokritech dat DP Regierugsparteien souwuel LSAP wei CSV kritiseirert? Schliesslech wor DP schons mei wei engkeier och an der Regierung, an wat hun se dann aneschters gemaach wei d’LSAP? Naischt!!! Soubaal se mat regeiren behuelen se sech wei Schosshündchen vun der CSV, naischt mat Opbroch, naischt mat Reformen, naischt, naischt, naischt….

    Reply

  2. Ass et hypokritesch beid Regierungsparteien zekritiséieren? Nee.
    Jo, Demokratesch Partei war 1999 bis 2004 an der Regierung, mee d’DP vun 2009 ass net méi déi vun 2004 oder 1999. D’LSAP an d’CSV haaten iwwrengs an deenen läschten 25 Joëren 20 Joër gemeinsam Regierungsverantworung. Also fannen ech et guer net hypokritesch fir béid Parteien ze vernennen.

    De lëtzebuerger Wieler huet den 7. Juni déi eemoleg Chance e richtegen Opbroch zewoen. Den 7. Juni décidéiert sech op mir wéider op der Plaatz stoe bléiwen mat deenen nämlechten (manchmol scho gelangweilten) Politiker wéider fuerern, oder ob mer op néi Léit setzen. Op mer den Jonken eng Chance ginn.
    D’CSV scheckt déi nämlecht “Spëtzekandidaten” an d’Wahlen wéi 2004.
    D’LSAP geet net nemmen mat deenen nämlechten “Spëtzekandidaten” mee och mam nämlechten Slogan an d’Wahlen.
    Déi Gréng hunn alt erem déi nämlecht Spëtzt wéi 2004.
    Kee Commentaire zum adr.

    D’Demokratesch Partei scheckt mam Claude Meisch, Claude Lamberty, Xavier Bettel, Max Hahn, Gilles Baum, Mike Poiré, Joëlle Elvinger, Marc Fischer, Anne Kremer, Eric Cillien, Bob Grethen, Jean Lammar, Jean-Paul Lickes, Mara Scheibel, Daliah Scholl, Marc Hansen, Pascale Hansen, Marco Koeune, Fränz Gloden an Véronique Bruck (Europa) jonk, dynamesch an engagéiert Léit an de Wahlkampf.

    Wa Lëtzebuerg d’Chance huet fir en Opbroch zemaachen, fir néi Weeër zewielen, fir eppes fir d’Zukunft zemaachen, dann awer wuel dësen 7. Juni an 100% mat der DP.

    Reply

  3. Dat heescht du rechens fest domadder dat DP mei wei 50% vun de Stemmen krit, well soss muss se jo eventuell mat enger vun denen Parteien dei nemmen scheiss maan an d’Koalitioun. Et ass an der Rei wann een eps kritseiert, an dei Regierung baut vill Scheiss, allerdengs ass et ganz kloer wann d’DP bei de Wahlen genuch Stemmen krit dat Kritiken un der CSV seier eriwwer sin, an een dann seier mat der CSV an d’Bett geet. Wann dat de Fall werd sin no de Wahlen, werd ech dech drun erennern….

    Reply

  4. Ech hunn nie gesoot dass sie “nemmen scheiss” maachen. Mee egal, mir liewen gottseidank nach an enger Demokratie hei am Land. De Bierger décidéiert eben an um Owend vum 7. Juni resp. um 8 Juni gett gekuckt wéi eng Koalitiounen da meiglech sinn. Hei am Land ass et eben net sou üblech, dass d’Parteien wéi an Däitschland schons vrun de Wahlen soen mat weem se dann lo wëllen zesumme goen.
    Wann de Wieler eng CSV-DP oder DP-CSV Koalitioun wëll an een sech kéinnt eenegen op en Ofkommes, dann wäert et sou eng Koalitioun ginn. Mee wéi den Xavier Bettel schons bei “Riicht eraus” gesoot huet, giffen sie vun der CSV gesoot kréien dass sie nemmen sollen alles ennerschréiwen soss ginn se net mat: “da ginn ech eben net mat.”

    Reply

  5. Solle mer all pubertären a reaktionären idioten aus der Yo-Man-a-Respekt-Generatioun d’Wahlrecht gin? Ech fannen net! Dann geht et richteg d’Baach an, well leider e groussen Deel vun de Jonken keng Couillen méi huet a mengt datt all Mënsch sie muss respektéieren ouni datt sie irgendeen an iergendeppes mussen a wëlle respektéieren.

    Zum Ökologismus: déi nächst Weltrelioun déi Hexeverbrennung bedreiwe wäert (a schon Leit monddoud mecht) sin déi Gréng a soss keen! Näischt géint nohalteg Klimapolitik an dorop datt mir all eis méi em eise Planéit solle këmmeren – mä et därf keng diktatoresch Doktrin draus gin déi sech am Numm vun der Natur d’Recht huelen alle Leit hiet Liewen ëmmer virzeschreiwen an opzezwéngen (Fuert Bus, baut Är Haus em soss ass et näischt méi wäert, trennt Ären Dreck, recycléiert, asw. asf.)

    An zum STADION: den Här Becca (Mäzen vum F91 Diddeleng) baut dee vu séngem private Geld (MERCI!) an de Staat huet näischt domatter ze din, ausser datt den Här Krecké (als fréiere Fussballspiller!) dem Projet op d’Been gehollef huet. Ausserdem läit en an engem vun Offlëss vun der Aire de Berchem (Uelech, Mazout, Bensin, asw.) verdreckten Feuchtgebiet. Also soll mer kee kommen, do géif d’Natur duerch de Stadion ramponnéiert gin. Dann hätt och keen Komplex “Ibis” déi aaner Säit vun der Autobunn dierfe gebaut gin.

    Reply

  6. Also fir d’Jugend all an eng Schachtel zetesselen ass falsch. A firwaat der Jugend kee Wahlrecht ginn?!? Soss kommt mir ginn de Léit déi den 2. Weltkrich materliewt hunn och kee Wahlrecht méi, bestemmt sinn der dobäi déi mat den Nazi’en matgelaaf sinn. Kommt mir huelen och direkt deenen aaneren “Äaleren” d’Wahlrecht oof, well sie d’Banken an d’Emwelt dropgemaach hunn an domatter gesuert hunn dass hier Kanner lo kenne kucken wéi se eenz ginn. E Wahlrecht ab 16 giff vill brengen. Schliesslech hu mer hei am Land e vun den héichsten Chômagetaux’en bei Jonker, e vun den héichsten Suicide-Taux’en bei Jonker, an e vun den héichsten Taux’en vun Jonker déi un der Nool hänken – aus ganz Europa! Et gett Zäit, dass sech d’Politik endlech Gedanken em d’Jugend mecht, dat geschidd nemmen wann déi och e politesche Poid hunn.

    Ökologismus: Ech well och nach mat 50 oder 60 oder 70 Joër hei liewen. A well mir momentan nach keen aaneren Planéit fonnt hunn, wou ee kann drop liewen sou wéi eis Äerd, fannen ech dass et eis d’Pflicht ass, do déi konservativ Haltungen zebriechen.
    Op déi Gréng lo “Hexeverbrennungen” wäerten maachen, bezweifelen ech zwar lo mol, mee bon… villeicht melt sech jo den Manuel Huss oder den Philipe Schockweiler dozou nach zu Wuert fir eng “offiziel” ‘Entwarnung’. 🙂

    Stadion: Et ass mir duerchaus bewosst, dass den Här Becca dat Ganzt bezillt an och dass den Här Krecké e fréiere Fussballspiller ass. Ech hunn och laang Zäit Fussball gespillt a war bis viru kuerzem nach Fussballsarbitter. Ech sinn och e Fussballsfanatiker. Ech sinn awer einfach drem besuergt em déi Arbeschtsplaatzen déi hei op d’Spill gesaat ginn vun der CSV/LSAP Regierung. Wann den Här Becca dee Stadion do gäer baut: Ok. Mee firwaat drengt d’Regierung drop fir den Akaafszenter vu Wikreng do mat dran zekréien, wou déi Responsable vum Akaafszenter dach gesoot hunn, dass et zwou Méiglechkeete ginn: Wickreng oder dat noot Ausland (wou anscheinend schons Accord’en fonnt goufen).
    Dat ass dat waat ech och hei am Post wollt eriwwer brengen. Dat extremt Spill mam Féier vun der aktueller CSV/LSAP Regierung.

    Reply

  7. Hm wat soll ech dann dozou soen? 🙂 Wann ech bis d’Weltherrschaft skrupellos u mech gerappt hunn, dann muss all Bierger mindestens 5 mol den Dag e Baam emarmen, soss get e gestengegt, a wien och nemmen un en Auto denkt, land direkt um Scheiterhaufen (natiirlech mat Solarenergie befeiert)

    Oder alternativ dozou: einfach emol eng Kéier e Wahlprogramm liesen a Virurdeeler ofsträifen.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s