Déi selwer ernannten Reformpartei adr huet bekanntlech hiren Motto geännert. Si trieden elo ënnert dem Slogan “mir wëllen erhaalen, wat mer hun” op. Den adr war jo bekanntlech géint Duebelnationalitéit, géint d’Euthanasie an Matustëfter vun enger Referendum Initiativ, si sinn géint d’Walrecht vun Net-Lëtzebuerger, déi momentan 42% vun eiser Bevëlkerung ausmaachen, wëllen dass d’Fonction publique nemmen fir Lëtzebuerger op ass, an gesinn déi lëtzebuergesch Sprooch als *dat* Kommunikatiounsmëttel un. Do donierft wëll déi “Reformpartei” jo och net, dass Homosexueller méi Rechter kréien. Am Juni sinn sie och déi eenzeg Partei déi hier Lëschten net getrennt hunn.
Haut den Owend huet dunn d’JDL, d’Jeunesse Démocrate et Libérale, als éischt (Jugend-)partei op déi rezent Aktioun vun dëser Partei, déi si als “arrogant, domm a reaktionnär” (zu Recht!) bezeechent hunn, reagéiert.

La Jeunesse Démocrate et Libérale est révoltée par le nouveau slogan primitivement nationaliste du ADR, « mir wëllen erhaalen, wat mer hun » – une insulte à la fois aux citoyens étrangers et à l’intelligence de tout Luxembourgeois un tant soit peu cultivé.

Les jeunes libéraux constatent également la remarquable (quoique peu étonnante au vu de ses membres) méconnaissance du ADR de l’histoire luxembourgeoise. En effet, si le Luxembourg est encore – gare à la crise économique – un pays jouissant d’une qualité de vie élevée, c’est justement grâce au concours de nombreux étrangers qui se sont pleinement investis et ont ainsi largement contribué à la richesse économique dont nous profitons aujourd’hui. Il va sans dire que les vagues d’immigration successives ont été une réelle bénédiction pour un Etat dont l’économie était à tel point ravagée que nombre de ses nationaux ont dû émigrer.

Par ailleurs, le contexte multiculturel présente des avantages non encore tous exploités, mais à partir duquel pourrait se développer un vrai « melting pot » culturel permettant l’épanouissement de tous les citoyens, luxembourgeois autant qu’étrangers.

Dans ce contexte, il est totalement injustifiable de vouloir enfermer les citoyens étrangers dans une situation de semi-participation intenable et ne pouvant que se traduire, à long terme, par des frictions sociales considérables et le repli des différentes communautés sur elles-mêmes.

Les jeunes libéraux réaffirment leur enthousiasme pour une société véritablement pluraliste et multiculturelle qui permette la participation de tous les citoyens à tous les niveaux, y compris politique, ce qui implique l’ouverture du droit de vote aux élections législatives ainsi que, bien évidemment, la double nationalité et l’accès à la fonction publique – soumis à des conditions satisfaisables, et non pas à des écueils insurmontables. Un pays d’accueil ne saurait verrouiller ses portes.

Il ne reste qu’à faire confiance au bon sens des électeurs qui observent cette campagne et de faire appel aux autres partis, surtout aux chrétiens-sociaux qui malheureusement en ont la tendance, à ne pas se laisser tenter par de tels calculs abjectement xénophobes.

[via]

Posted by Tom

Een 20-something, dee sech gedanklech a physesch an der transatlantescher Welt ronderëm beweegt.

8 Comments

  1. Salut,

    Ech si voll d Accord mat der JDL hierer Positioun, mä wann ech mir déi nei Positiounen vun eisem möchtegern Obama zum Kannergeld ukucken, da kréien ech d Gefill dass DP awer och gearen bessi an dei riets Gewässer fesche geet!

    ps. mein bessli kriteschen Kommentar op der DP-hp ass iwriens ganz huerteg verschwonnen, mat demokrateger Partizipatioun huet daat leider och net vill ze din…

    Reply

  2. Très bien! 🙂
    Also ech huelen lo mol un dass du den Claude Meisch als “möchtegern Obama” hells, dat stemmt net. Jiddereen deen den Vir- an den Wahlkampf verfollegt huet kéinnt dir dat widderléen. Et ass dat nämlecht gewiercht wéi dem Obama vun den Republikaner firgeworf ginn ass, sech als JFK opzebloosen, dobäi konnt ee ganz kloër gesinn, dass hien méi Gemeinsamkeeten mat deem sengem Brudder Bobby haat/huet.

    Zum Kannergeld léien ech op enger Ligne mat der DP. Firwaat soll den Staat 300 Milliounen d’Joër an d’Ausland bezuelen, wann mir Milliounen a Milliarden mussen léinen goen. Léit déi am Grenzgebidd wunnen well et do méi belleg ass wéi hei (Merci Herr Boden), kréien dann e Kannergeld dat un déi héich Liewenskäschten hei am Land uknäppt. Dat ka jo awer net sinn. A wann d’DP fir dech domatter brong wäer, sou wäer dann eben och d’CARITAS, den Jean-Claude Juncker, den Fränz Biltgen an den Herr Mosar och Member vun däer Faarf, wëll sie och schons deelweis déi Positiounen ageholl hunn.

    P.S. Wanns du um Claude Meisch séngem Blog ( dp.lu/blog09 ) kommentéiert a keen Numm uginn hues, ass dat ganz normal. Déi anonym Commentairen gi geläscht. Zu Recht wéi ech fannen, wann een eppes zesoen huet, soll een och de Courage hunn a säin Numm drënner setzen.

    Reply

  3. Fir dech sin also Frontalieren an Letzebuerger, dei lo schons weinst der katastrophaler Wunningsbaupolitik auswandern missten, nemmen Drecksaarbeschter vun denen mer nemmen profiteiren dei awer jo kee Cent vum Letzebuerger Staat sollen krein?
    P.S. Wou leis du net op enger Linn mat der DP?
    P.P.S. An enger Demokratie misst een amfong och d’Recht hun sech anonym äussern an kritiseiren ze kennen… oder geseis du dat net sou?

    Reply

  4. Ech hunn den Herr Boden jo och scho geluewt fir séng Wunnengsbaupolitik. 😉 Schliesslech setzt hien lo zanter 14 Joër op dem Ministerposten.

    Nee, d’Frontalieren an déi Lëtzebuerger, déi an d’Grenzgebidd wunne ginn, si keng ‘Drecksarbeschter’ fir mech. Au contraire, mir brauchen sie. Ech fannen jhust dass keen Export vum Kannergeld dierf bedriwwe ginn an sie kréien jo direkt oder indirekt (duerch déi vill Verstaatlechungen an deenen läschte Méint) Suen vum Lëtzebuerger Staat. Giffen déi Léit eng Arbescht an Däitschland fannen? Nee. Giffen se eng a Frankräich fannen? Nee. Giffen se an der Belge eng fannen? Nee. Fannen se eng hei am Land a si welcome? JO!

    Jo, mee wéi och emmer gesoot gett “Lies nie en anonyme Bréif. Puch en direkt an d’Poubelle.”

    Reply

  5. An genau well mier sie brauchen, an well sie eben net fir de franseichen, fir den daitschen oder den belschen “Staat” schaffen mee fir de Letzebuerger “Staat” hun sie genee sou wei all dei aner Letzebuerger e Recht op Kannergeld. Wann DP gaer spueren well dann soll se kucken dat Manager, dei Fric en masse hun, e besschen mei Fric un den Staat bezuelen. DP geet, wei et schengt, leiwer un dei Lait dei wisou schons net genuch hun. An fir dann net nach en eventuellen Wieler ze trepplen geet een dann och nach un dei, dei sech net wieren kennen, un d’Frontalieren. Dat ass net nemmen populistech, mee och nach belleg…

    Reply

  6. Dat stemmt net, ausser du tessels wéi gesoot den Jean-Claude Juncker, den Fränz Biltgen an den Laurent Mosar an d’CARITAS (!!), déi jo awer déi chrëchtlech Nächstléiwt misst uwenden, an déi nämlecht Schachtel.

    Zu den Manager’en fannen ech dass do misst driwwer diskutéiert ginn, allerdéngs muss een opassen well een do ganz schnell kann op déi lenks Säit faalen, wann de Staat bis ufänkt zesoen, waat en Arbeschter lo verdengt. Mee dass och doriwwer muss geschwaat ginn an eng Léisung fonnt muss ginn, d’accord.

    Mee dat waat d’DP mat der CARITAS zesumme proposéiert ass sozial. Well eben an deenen läschten 5 Joër näischt Soziales vun der sozialistescher Arbeschterpartei komm ass, maachen eben déi Liberal (alt erem) sozial Propositiounen. Well hinnen ass och de klénge Bierger an d’Mettelschicht hei am Land net egal…

    Reply

  7. Déi entspriechent Diskussioun an der Chamber: http://www.dp.lu/dptv.php?lang=1&dptv_id=143

    Reply

  8. Also ech gin dir am fong guer net sou onrecht, dass dei Politik vum Kannergeld inhaltleg an rational gesin guer net sou falsch ass. Ech kann rational och all Argumenter dofir novollziehen an dennen meschten souguer och voll zoustemmen.
    MÄ: Wahlkampf ass net rational! Beim Wahlkampf geet et em Rhetorik, em Diskurs an em Agendasetting. An bei allem Respekt firun der DP, et ass intressant ze beobachten dass och dei Liberal lo op een Diskur setzen deen op de Begref vun der Nation a vun de Grenzen obbaut. Do gesait een dass den Neoliberalismus och sou lues bei der DP verluer gett… well bei allen béisen Aspekter dei um Neoliberalismus haften: et war eng Ideologie dei genau wei hieren Geigendeel (de Kommunismus) op eng gewessen Art Internationalisteg war.
    Mä an Zaiten vun der Kris (op 1929,oder 2009) verfällt een gearen nes an een nationalen (net onbedengt nationalisteschen) Diskurs.

    Reply

E Kommentar hannerloossen:

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s